Entdeckt d’Portraite vu sechs Bierger, déi um ökologeschen Transitioun zu Esch-Uelzecht involvéiert sinn.
Dës inspiréierend Fräiwëlleger bedeelegen aktiv un verschiddene Projete gefouert vum Transition Minett, an droen dozou bäi, eng méi nohalteg Zukunft fir hir Gemeinschaft opzebauen. Trefft se duerch dës Zeienaussoen an verdéiwen an hir variéiert Initiativen, déi Ännerung bréngen.
Engagement a Passioun : Renconter mam Céline a mam Jonathan vum Haus vum Vëlo um Belval
T’ass an der Guar um Belval wou d’Haus vum Vëlo doheem ass, a wou mer d’Céline an den Jonathan treffen. Dës zwee Vëlos-Begeeschtert gi vill vun hirer Fräizäit fir aner Leit d’flécken vu hirem Vëlo bäizebréngen, an se esou autonom ze maachen falls nees eppes futti fiert.
D’Céline wunnt säit 3 Joer zu Esch a schafft als Ingenieurin am Beräich vun der Loftqualitéit an der Agrikultur. Den Jonathan dogéint wunnt säit 4 Joer zu Esch a schafft als Programmateur am Informatikberäich. Fir d’Céline ass de Benevolat eng Manéier fir nieft dem Beruff weider léieren an ze deelen, a fir den Jonathan ass d’Beweegung an de Kontakt mat de Leit eng gutt Ofwiesslung no engem ganzen Dag op der Schierm kucken um Büro.
Wéi ass de Projet entstanen ?
Et war wärend der éischter Reunioun vum Klima-Biergerkollektiv am Dezember 2022, déi vun Transition Minett organiséiert gouf, wou sech d’Céline an den Jonathan déi éischte Kéier begéint sinn. Dës zwee passionéiert vum Vëlossport a vun den Erausfuerderungen vun der doucer Mobilitéit hunn dee Moment zesumme mat anere Benevollen – e.a. aus der Vélorution – decidéiert, dat éischt Haus vum Vëlo am Land ze schafen.
« Mer hu festgestallt datt et e grousse Besoin zu Esch gëtt fir Vëlo’en ze flécken, an du koum d’Iddi op fir eng Plaz ze schafe wou jiddereen dat léieren kann » erkläert d’Céline.
En Engagement mat ville Erausfuerderungen, an dat Freed mécht
Eng grouss Hürd fir d’Haus vum Vëlo war et e Lokal ze fannen. Mee Dank hirem Asaz an enger breeder Ënnerstëtzung ass et awer gelongen de Projet ze lancéieren. « Elo gëllt et de Projet ze stäerken, mee dat brauch seng Zäit, Energie, a virun allem méi Benevoller an eng finanziell Ënnerstëtzung » ënnersträicht de Jonathan.
Trotz dësen Erausfuerderungen beschreiwen se hiren Engagement als beräicherend. « Mer léieren immens vill, nei Frëndschaften entstinn, a mer deelen eenzegaarteg Moment mat alle méigleche Leit » deelt d’Céline eis begeeschter mat, a nennt zum Beispill eng Sortie mam Vëlo zesumme mat der Mobilitéitsministesch. D’Unerkennung an d’Laachen vun deenen ze gesinn, déi et fäerdeg bréngen hire Vëlo ze flécken, ass déi beschte Belounung déi mer eis fir eisen Asaz virstelle kënnen”, füügt de Jonathan derbäi.
An engem nächste Schrëtt fir d’Haus vum Vëlo géingen d’Céline an den Jonathan gären thematesch Atelier’en ubidden, Vëlo’en verlounen, oder och nach second-hand Vëlo’en bauen.
Dem Jonathan no ass et net nëmmen eng Fro vu Vëloen, et ass och e Wee fir d’Mobilitéit ze iwwerdenken, a fir eisen ökologesche Foussofdrock ze reduzéieren a fir sech mat aneren ze vernetzen . Fir déi, déi nach zécken, huet d’Céline e Rot :”Waart net bis der Expert sidd. Dat wichtegst ass et Loscht hunn ze léieren a sech ze engagéieren”. An de Jonathan füügt bäi: “Dir wësst net wéi vill der erreeche kënnt wann net net domat ufänkt.”
D’Haus vum Vëlo steet fir eng konkret ökologesch Transitioun, déi vun normale BiergerInnen mat aussergewéinlechen Iddi’en gedroe gëtt. Dank de Benevollen wéi dem Céline an dem Jonathan gëtt d’Beweegung ronderëm douce Mobilitéit zu Esch ëmmer méi grouss.
Fir weider Informatioun iwwert d’Haus vum Vëlo : www.hausvumvelo.lu
Marie, e Liewen fir d’Mënschen- an Déiererechter
Bestuet a Mamm vu 4 Kanner erzielt d’Marie eis vu senger räicher Erfarung als engagéiert Biergerin. Nieft sengem Beruff als Psychologin ass hatt och bei der Associatioun « Naledi » aktiv wou Kanner aus Südafrika zur Adoptioun vermëttelt. Hatt begleet déi zukünfteg Elteren beim éischten Treffen, an encadréiert se och no der Adoptioun hei zu Lëtzebuerg.
D’Marie investéiert seng Zäit an Energie fir Saachen déi him um Häerz leien, a virun allem fir Mënschen- an Déiererechter. Säit zwee Joer ass hatt och an der MESA aktiv, z.B. am CCC-Grupp «vegan kachen » wou hatt lecker Rezepter deelt.
«Ech wëll d’Welt veränneren, an esou bal ech d’Pensioun hunn wäert ech mech nach méi engagéieren ». Hatt schafft och op humanitäre Projet’en am Uganda, wéi z.B. dem Erriichte vun Toiletten, an hatt leescht och eng psychologesch Ënnerstëtzung fir politesch Prisonéier an der Türkei andeems hatt hinne Bréiwer schéckt. Hatt erzielt eis vun enger witzeger Anekdot : « ech hunn ëmmer rout Telefonen op meng Bréiwer gepecht – en Zeeche vun der Resistenz – mee déi goufen ëmmer vun de Sécherheetsleit refuséiert. Si hu gefaart dat kéint e verstoppte Message sinn ».
E markante Liewenswee
Dem Marie säi Wee gouf vu verschiddene Schlësselmomenter gepräägt. Een dovunner war wéi hatt sech mam Leiden vun den Déieren an der Mëllechindustrie auserneen gesat huet, an dorops hin mat senger ganzer Famill vegan ginn ass. « Eng Kou ze gesinn déi hiert Kallef wechgeholl kritt fir datt mir Mëllech drénke kënnen war e Schock fir mech ! Gutt datt et haut vill Alternativen zur Mëllech ginn ». D’Marie géing gär an Zukunft Atelier’en fir vegaant kachen ginn an der MESA, an och mol e vegane Brunch fir Flüchtlingen organiséieren. Dës Iddi’en ënnersträichen säi Wonsch fir Leit beieneen ze bréngen a fir méi nohalteg ze liewen.
D’Marie kennt d’MESA scho méi laang well reegelméisseg do ësst mat sengem Mann. Den Déclic fir méi aktiv ze ginn koum wärend engem Event wou Amnesty International do organiséiert huet, a wou hat aner vegan Leit kennen geléiert huet.
Mat senger Energie a konkrete Projet’en ass d’Marie eng Inspiratioun fir vill anere Leit, an den Engagement ass fir hatt eng perséinlech an och kollektiv Aventure. Dofir encouragéiert hatt och all Mënsch fir aktiv ze ginn : « Waart net. Et sinn d’Mënschen a kleng Gesten déi d’Welt änneren an déi den Ënnerscheed maache kënnen ». Hatt ënnersträicht och datt ee keen Expert muss sinn. « Et léiert een alles iwwert dem Maachen ». Sech engagéieren huet dem Marie immens vill bruecht : gutt Frëndschaften, vill Freed, an d’Iwwerzeegung datt all Geste zielt.
Hutt dir Loscht et dem Marie nozemaachen an iech fir eng besser Welt anzesetzen ? D’MESA an déi verschidden Initiativen empfänken iech mat oppenen Äerm !
D’Véro a säin Engagement fir de second-hand
D’Véro, 32 Joer al, Educatrice an der Ausbildung a gebierteg vu Stroossen, erzielt eis iwwert säin Engagement bei Transition Minett (TM). Niewt dem Pilates an dem Yoga interesséiert hatt sech scho méi laang och fir ökologesch Themen. Hatt huet och eng kreativ Oder, a mer hunn eis mat him ënnerhalen um « anere Chrëschtmaart » deen TM mat den Awunner aus dem Quartier organiséiert huet, a wou d’Véro mat senger Mamm en Second-Hand Stand gemaach huet.
D’Véro ass säit 10 Joer a verschiddenen Associatiounen aktive. Säin éischte Kontakt mat TM war wärend engem vide-dressing dee mer op der Brillplaz organiséiert haten. Do ass och seng Begeeschterung fir de second-hand entstanen, a vun do hunn ënnerstëtzt hatt TM bei der Organisatioun vun esou Evenementer. « Wann der eppes Freed mécht da fënns du och déi néideg Zäit dofir. An t’ass genial datt ëmmer nei Leit dobäi kommen ! » esou d’Véro.
D’Véro definéiert sech als engagéiert Biergerin : « ech hunn ëmmer Loscht méi ze maachen ». Well a Punkto ökologeschem Engagement zu Stroossen net esou vill lass ass huet hatt decidéiert bei TM zu Esch aktiv ze ginn.
Hatt schätzt virun allem d’Convivialitéit beim TM. « Mir hëllefe géigesäiteg, mir deelen Aufgaben, an alles gëtt a gudder Stëmmung gemaach. Wann ee keng Zäit huet, ass dat guer kee Problem. Jidderee mécht säi Bescht.”
Fir d’Véro heescht sech engagéiere wäit méi wéi just vu senger Zäit hierginn. Hatt fënnt do Freed, Unerkennung, an d’Méiglechkeet bäi ze léieren an aner Saachen ze gesi wéi just seng Aarbecht. “Ech hu geléiert mech besser ze organiséieren, flexibel ze sinn a Léisungen ze fannen.”
D’Véro dreemt dovunner datt d’vide-dressings méi populär ginn, an datt d’Virurteeler iwwert de second-hand esou zréck ginn. An Zukunft kéinten esou Evenementer jee no Saison a Besoin’en vun de Leit organiséiert ginn. « De second-hand misst méi beléift sinn ; t’ass eng positiv Aktioun fir eise Planéit ».
De Véro invitéiert jidderee fir sech fir d’Ëmwelt an ze setzen a senger Gemeng, an datt ee keng Angscht soll hunn fir sech ze lancéieren. « Et muss een keen Expert sinn. Mat der Zäit léiert ee schonn alles ».
Hatt seet Transition Minett a virun allem dem Camille merci. E grousse Merci geet och u seng Mamm déi him bei alle Stänn eng Hand mat upaakt.
Maacht et wéi d’Véro : Engagéiert iech bei TM fir esou zur ökologescher a sozialer Transitioun bäizedroen !
Sech an der Pensioun engagéieren
Mat 63 Joer verbréngt de Guy, Papp vun zwee Meedercher an och Grousspapp, begeeschterte Knécheler an Hobbyfotograf, seng Pensioun als engagéierte Bierger, dee sech all Dag fir eng méi nohalteg Welt asetzt.
De Guy setzt sech esou wuel fir seng Heemechtsstad wéi och fir d’Ëmwelt an. Fir hien geet Engagement wäit iwwert individuell Gesten eraus : « Als Kand sinn ech net wäit vun engem Bësch grouss ginn, an déi Proximitéit mat der Natur huet mech fir ëmmer markéiert . Hautdesdaags ass d’Natur fir mech als Hobbyfotograf déi gréissten Inspiratioun. Fir d’Schéinheet vun der Natur fir meng an all Kanner an Enkelkanner ze erhalen hunn ech decidéiert aktiv ze ginn, an ech wëll mäi Wëssen un nächst Generatioune weiderginn.
De Guy ënnersträicht datt Ännerungen Zäit brauchen. « Dat geschitt net innerhalb vun 10 Deeg, an och mol net innerhalb vun 10 Joer. Dat brauch eben seng Zäit ».
Knéchelen egal wéi al een ass
Viru senger Pensioun hat de Guy keng Zäit fir se knéchele wéinst sengem Beruff a senger Famill. Mee 2018 huet de Guy sech awer lancéiert, an heen ass bis haut mat grousser Freed dobäi. « All Projet ass en Challenge : en Tirang, eng hëlze Figur, kleng Saachen hei an do flécken. Haaptsaach ech léieren eppes dobäi ».
De Guy ass am Moment e puer Deeg d’Woch am Facilitec aktiv. « Ech hunn dëse partizipativen Atelier duerch mäin Eedem entdeckt, an ech war direkt begeeschtert vum Projet wou et ëm Kreativitéit, Ëmweltschutz a sech géigesäiteg hëllefe geet ».
Duerch säin Engagement gesäit de Guy d’Welt haut mat aneren Aen. « Ech si méi kritesch ginn, an ech hunn och geléiert datt dat Neit engem oft Angscht mécht. Mee mat der Zäit a vill diskutéieren mat aneren Engagéierten hunn ech geléiert datt et wichteg ass oppen ze sinn fir nei Saachen a fir sech ze engagéieren ass ».
Eng Inspiratioun fir zukünfteg Generatiounen
De Guy dreemt vun engem intergenerationelle Projet. « Ech dreem vun engem Atelier wou verschidde Generatiounen u Projet’en schaffen ». An hie géing seng Passioun och gär u seng Kanner weiderginn. « Ech hunn d’Chance Enkelkanner ze hunn, a mat hinnen nach eng Kéier dat erliewen ze kënnen wat ech mat menge Kanner erlieft hunn. An d’Kanner sinn eis Zukunft. Firwat net mat hinnen zesummen u kreative Projeten schaffen ? Si hunn eng Visioun vun der Welt wou och Erwuessener inspiréiere kënnen ».
Fir de Guy ass d’Geheimnis déi néideg Motivatioun ze hunn. « Et kann ee keen zwéngen fir sech ze engagéieren. Mee et ass awer wichteg aktiv ze bleiwen als Senior soss ass ee schnell isoléiert. Den Atelier gëtt mer Motivatioun an Disziplin fir all Dag opzestoen ».
De Guy ass e ganz gutt Beispill datt een sech an all Alter nach engagéiere kann a soll, an datt et och e Liewen nom Beruffsliewen gëtt, an datt et och ni ze spéit ass fir eppes neit ze léieren resp. fir aktiv ze ginn.
Den Atelier am Facilitec ass all Dag vu Méindes bis Freides op, an och de leschte Sonndeg am Mount. D’Ëffnungszäiten fannt der op eisem Site. Dir kënnt eis och schreiwen opatelier@transiiton-minett.lu
Räim ubidden fir d’Gemeinschaftsbildung : En Echange mam Sraboni
Mer treffen d’Sraboni am Gemeinschaftsgaart zu Lalleng wou hatt als Benevole aktiv ass. Gebierteg aus Indien, wunnt hatt elo säit 6 Joer zu Esch. Mamm vun engem klenge Kanner verbréngt hatt vill Fräizäit an dësem Gaart fir dorauser eng richteg Gemeinschaft ze maachen. Mat senger Energie a Passioun dréit hatt och zur Ännerung vum Quartier bäi fir dorauser eng Plaz fir jiddereen ze maachen.
De Besoin fir sech ze connectéieren
Wéi d’Sraboni zu Lëtzebuerg ukomm ass ass et him wéi vill aneren Expats ergaangen : hatt hat ze kämpfen mat der Sproochebarrière, a fir sech zu Recht ze fanne. Dofir ass säin Engagement vill méi wéi eng banal Aktivitéit. « Wéi ech zu Lëtzebuerg ukomm sinn hat ech mat villen Hürden ze kämpfen wéi d’Sprooch oder wäit fort ze sinn vu menger Famill. De Gemeinschaftsgaart huet mer an där schwéierer Zäit gehollef. Ech konnt do net nëmmen mäi franséisch verbesseren, ech hunn do och eng zweet Famill fonnt » erkläert eis d’Sraboni.
« D’Leit aus dem Gaart wéi z.B. d’Françoise, eist Eelst mat 82 Joer, sinn zu engem wichtegen Deel a mengem Liewe ginn ». Sraboni ënnersträich och datt de Benevolat net nëmmen en altruisteschen Akt ass : et ass eng perséinlech Rees déi et eis erlaabt Brécke tëscht Individuen ze bauen, de Sënn fir d’Gemeinschaftsliewen ze entwéckelen, an eben heiansdo eng zweet Famill ze fannen. Sraboni huet de Gaart iwwert e Kolleeg vu sengem Mann entdeckt. Den Numm vum Gaart ass him no och perfekt gewielt (quatre coins du monde) wéinst der Diversitéit vun de Leit déi do zesumme kommen.
D’Sraboni ass och eng grouss Verfechterin vun der Biergerbedeelegung. Säin Engagement huet mam bescheidene Wonsch ugefaange fir säi franséisch ze verbesseren a fir nei Leit kennen ze léieren, mee ech hunn sech mat der Zäit gewandelt an ass haut de Motor vun hirer Gemeinschaft. Nieft den Erausfuerderungen ass d’Benevolat fir d’Sraboni awer och ee Wee fir mat der Natur a Kontakt ze sinn : « Ech hu geléiert datt mer all dee selwechte Besoin hunn fir sech mat anere Leit ze connectéieren, egal wou een hier kënnt ». Och wann et mol schwéier ass fir d’Leit längerfristeg fir hire Projet ze mobiliséieren ass dem Sraboni säin Engagement awer eng beräicherend Erfarung fir hatt.
Säi Rot un d’Leit déi zécken ? « Maacht einfach ! Well wann der iech net traut, da wäert der ni erausfannen zu wat der fäeg sidd ». Hatt ass och dovunner iwwerzeegt datt Benevolat engem perséinlech wéi och enger Gemeinschaft gutt deet. An hatt hoffen och weider Leit ze inspiréieren mam Projet « Casa Lallange ». Ofschléissend réit d’Sarboni nach « net ze laang ze waarden an sech vu kengem ofhalen ze loossen ».
Casa Lallange soll e Quartiershaus ginn fir d’AwunnerInnen vu Lalleng wou d’Konzept am Februar 2025 wäert präsentéiert ginn.
Youngsub, 26 Joer al, an engagéiert fir eng besser Welt
De Youngsub ass Student vu 26 Joer a kënnt gebierteg aus Südkorea, an hee mécht am Moment e Stage als date scientist. No engem Passage zu Esch wunnt hien haut zu Beetebuerg. Säin Engagement bestécht duerch seng Visioun vun enger méi solidarescher Zukunft.
Ob d’Fro hin ob de Youngsub sech als engagéierte Bierger gesäit äntwert heen ganz bescheiden : « ech géing soen e bëssen. Meng Prioritéit läit um Schutz vu menger Famill a vun eisem Planéit. Dofir versichen ech mech an ze setzen wéi ech kann, an zu enger besserer Welt bäi ze droen ». Och wann heen oft bis spéit owes schafft versicht heen awer op d’mannst zwou Stonnen d’Woch aktiv ze sinn als Benevole. « T’ass alles eng Saach vun der Organisatioun » erkläert heen eis.
Vum Mentoring zum Gaart
Dem Youngsub säin Engagement huet domadder ugefaangen datt hien anere Studenten an der Mathé gehollef huet. Säit kuerzem ass heen och an engem Gaart aktiv, wou hien seng Virléift fir d’Kachen domadder verbanne kann méi gewuer ze ginn wou eis Iesswueren hierkommen. « Ech hunn am Juli domadder ugefaangen. Ech hunn näischt dovunner kann a léieren dofir Schratt fir Schratt bäi ». D’Gäertneren bedeit fir hien eng gewëssen Autonomie ze erreechen wat d’Ernärung ugeet, an zur Gemeinschaft ronderëm de Quartiersgaart Breedewee bäizedroen.
Erausfuerderungen a Léieren
Wéi vill aner Leit huet och de Youngsub am Ufank gezéckt. « Sech eng éischte Kéier engagéieren war net einfach. Et huet een e wéineg Angscht virun der Verantwortung an deem Effort wou dat bedeit. Mee esou bal een dobäi ass mierkt ee schnell datt Benevolat och Spaass maache kann, esou guer méi wéi eng Serie op Netflix kucken ».
Hien huet och vill praktesch Saachen bäigeléiert, wéi z.B. alles ronderëm de Gaart : « ech hunn vill einfach mee awer wichteg Saachen geléiert, wéi z.B. Hecken schneiden oder wéi een de Buedem ënnerhält ». Um mënschleche Plang ënnersträicht hien d’Freed fir anere Leit kennen ze léieren a mat hinnen déi selwecht Wäerter ze deelen. « Dat bedeit mer ganz vill fir aner Leit ze treffen déi sech och fir eng besser Welt asetzen ».
Fir déi déi nach zécken réit de Youngsub fir aus senger « zone de confort » eraus ze kommen einfach mol op Evenementer ze goen. Et muss een laut him och keen Expert sinn : « dat wichtegst wat zielt ass d’Bereetschaft fir eppes maachen ze wëllen. De Rescht léiert een mat der Zäit, och wann dat mat ChatGPT ass ».
« Ech dreeme vun engem System wou de Leit hir Grondbedierfnisser wat iessen a sech logéieren ugeet erfëllt sinn. Esou hunn se méi Zäit fir aner Saachen fir d’Gemeinschaft ze maachen » esou nach de Youngsub.
Ofschléissend geet hei eis nach e Message mat op de Wee : « D’Leit déi ech am Projet kennegeléiert hunn waren ëmmer oppen a bereet fir ze deelen. An esou Leit a Projet’en ginn et der vill ». De Youngsub steet fir eng Generatioun déi optimistesch an d’Zukunft kuckt, a bereet ass säin Deel zu enger méi solidarescher Welt bäizedroen.
Lire l’article en français
Descubra o artigo em português
Read the article in English