Quartiersgaart Breedewee Esch

Quartiersgaart Breedewee

Den Quartiersgaart ass eng Platz wou Volontairen d’Méiglechkeet hunn den Produktiounszyklus vun Geméis an Uebst zu Lëtzebuerg e bëssen besser kennenzeléieren, mee awer och vun wou eis Liewensmëttel hier kommen an wei een kann méi lokal an natierlech iessen.

Mir setzen ob den intergenerationellen an interkulturelle Kontakt zweschend den Leit, wou en kann séin Wëssen matdeelen, dat ganzt an enger geselleger Atmosphäre.

De Quartiersgaart Breedewee ass e Gemeinschaftsgaart zu Esch-Alzette, méi genau leit en an der Rue Large (vis-à-vis vum Lavals Park), gegrënnt gouf en vun Transition-Minett ob Terrainen déi eis vun der Gemeng Esch zu Verfügung gestallt goufen. D’Gemeng ënnerstëtzt eis awer och  finanziell. Den Gaart ass op fir jiddereen vum Quartier oder vun soss anzwuersch, fir sech austauschen,  Oppenheet a Respekt ze hunn, fir reegelméisseg oder geleeëntlech mathëllefen ze kommen, sech fir d’Gaardenaarbecht ze interesséieren an ze freeën, sozial Bezéiungen ze sichen an ze diskutéieren.

De gemeinsame Gaart huet eng edukativ, solidaresch an ökologesch Beruffung.

Jiddereen ass wëllkomm fir an de Gaart ze kommen, eis ze besichen oder einfach ze entspanen.


Gaardenaarbecht ass eppes fir jiddwereen!

Den Gaart zu Esch bitt eng lokal Alternativ fir sech um Liewen am Quartier ze bedeelegen an sech ze entspanen.

Well dëse Gaart och e pedagogescht Zil huet, kënnen och déi net sou geübte Gäertner matmaachen an hir Erfarungen kréien.

Zieler vum Gaart:

  • Gaardenaarbecht an engem kollektiven Kader maachen
  • Eng Gemeinschaft déi sech reegelméisseg austauscht an trefft
  • Biodiversitéit an urbane Regiounen verbessere
  • Sensibiliséierung fir ökologesch an nohalteg Gaardenaarbecht, Entwécklung an Ëmwelt
  • d’Wësse vum Geméisgaart erhalen oder nei entdecken
  • zeréckkréien vun Kenntnisser vun der Planzewelt duerch d’Praxis vum Gaardenaarbecht
  • Natur nei entdecken, a wëssen vun wou d’Iessen hierkënnt
  • Gesond a lokal d’Geméis ubaue a ernten
  • Gemeinschaftsgeescht an Erhalen vun der Ëmwelt si wesentlech.

Prinzippien:

  • Et ass en Gemeinschaftsgaart, also gëtt en och als Gemeinschaft benotzt agedeelt
  • D’Fläch vum Gaart gëtt vun jidderengem beplanzt (keng Parzellen)
  • D’Ernte gëtt fair teschend jidderengem opgedeelt
  • Et gëtt ekologesch beplanzt, also ouni Pecticiden oder chemeschen Dünger
  • Jiddereen raumt séin Material ewech
  • Jiddereen respektéiert d’Rou vun der Platz an den Noperen
  • All d’Decisiounen ginn zesummen geholl.

Mir gäertneren ëmmer Samschdes Moies ab 10 Auer un (wärend der Saison)
Kommt gearen eis besichen wann dir méi wëllt wëssen oder eis wëllt hëllefen.

Vergiesst och net eis Facebook Seid ze liken, iech ob eis Email-Lescht anzeschreiwen ( schreift dofir an Message un jardin.esch@transition-minett.lu ), an eis fir déi aktuellsten Informatiounen ze kontaktéieren