Transition Minett

Transition Minett

D’Initiativ Transitioun Minett gouf am Dezember 2011 gegrënnt, mam Ziel fir haut eng Welt ze erschaffen déi Muer keen Pëtrol méi brauch. Mir ginn dovunner aus, dass jiddereen fäeg ass ze handelen, kreativ ze sinn a seng Fäegkeeten kennen a konkreten a positiven Handlungen auszedrécken, fir deenen groussen Erausfuerderungen wei dem Peakueleg oder  Klimawandel, mee awer och den sozialen a wirtschaftleche Krisen gewapnet ze sinn.

Eis Innovatiounsquell as et d’Talenter déi an der Gesellschaft leien ze aktivéieren an ze fuerderen, wei d’Awunner vun engem Quartier, d’lokal Geschäfter, Schoulen, Kënschtler, Politiker, asw. Fir:

  • Eng Zukunft déi manner vulnerabel ass virun den ekologeschen, energeteschen an wirtschaftlechen Krisen
  • D’Reduktioun vun fossiller Energie
  • Eng staark an nohalteg Lokalwirtschaft
  • Déi néideg Fäegkeeten a Know-How kréien

TRANSITION MINETT proposéiert konkret Projeten op lokalem a regionalem Niveau:

  • Gaardenaarbecht an der Stad
  • D’consom’action
  • Eng Kooperativ fir gréng Energie TM EnerCoop
  • Sensibiliséierung duerch lëschteg Aktivitéiten, wei den Do-It-Yourself Festival
  • Aktivitéiten an Atelieren