Den nationale Reseau – CELL

Den nationale Reseau – CELL

CELL – den Transition Hub ass d’Associatioun déi d’Transitiounsbeweegung zu Lëtzebuerg dréit. Si vereenegt Initiativen, déi sech fir sozial, ökologesch a wirtschaftlech Verännerung asetzen.

De CELL soll d’Lëtzebuerger Gesellschaft manner ofhängeg vu fossille Brennstoffer maachen, méi vereent a besser fäeg op de Klimawandel an d’Erausfuerderungen, déi doraus entstinn, ze reagéieren.

Eng global Bewegung … direkt bei Iech

Zënter hirer Grënnung a Groussbritannien am Joer 2006 huet « Transition Towns »  Dausende vun Initiativen a méi wéi 50 Länner gezielt.

Agefouert am Joer 2010 op Initiativ vum CELL, ass d’Transition Lëtzebuerg Plattform haut opgedeelt a regional Gruppen (Stad Lëtzebuerg, Minett, Uelzechtdall, Norden, Our, Osten, Westen etc.), no Themen (Permakultur, urban Gaardenaarbecht, Somen, Energie, Wirtschaftsmodeller, Do-It-Yourself, Repair Café asw.) an Feldprojeten (Äerdschëff, Klimapakt a Biergerbedeelegung, REconomy, urban gardening, Earth our Garden ronderëm interkulturell Gäert asw.). Zënter 2013 sinn duerch d’Beweegung verschidde Kooperatiounsgesellschaften entstane (TERRA am Bio-Maartgaart, TM EnerCoop am Domän vun der Biergerenergie a Kilominett 0 souwéi AlterCoop fir d’Promotioun vun der verantwortungsvoller « consom’action » ).