Wéi kann ee beim CCC matmaachen

Wéi kann ee beim Bierger-Klimakollektiv matmaachen?

Wéi kann ech matmaachen?

Et gi verschidden Aart a Weise matzemaachen beim Bierger-Klimakollektiv:

  • Bei engem bestoenden Aarbechtsgrupp dobäikommen
  • En neien Aarbechtsgrupp ze forméieren
  • Reuniounen an Ärem Quartier z’organiséieren

All Verwécklung ass wëllkomm, Dir kënnt bei dëser Gemeinschaftsaarbecht esou matmaache wéi et Ierch gefält a méiglech ass.

Mee wat ass een Aarbechtsgrupp?

Et ass en Grupp vu Leit, déi zesumme kommen a wëllen ob enger Thematik an/oder engem Quartier schaffen. All Grupp decidéiert selwer iwwert säi Fonctionnement, seng Zieler a wéi oft de Grupp sech trefft.


Eis Valeuren 

Géigesäitege Respekt: Jiddereen huet Recht sech auszedrécken. Mir lauschteren eis no a respektéieren eis géigesäiteg.

Inclusioun: Jiddereen ass wëllkomm a ka matmaachen als geschätzten a respektéierte Member, fir zur Communautéit bäizedroen – ënnert der Konditioun datt di gemeinsam Valeure respektéiert ginn. Am selwechten Esprit erlabe mer kee Positionnement dat der Inclusioun vu jidderengem am Wee stoe kéint.

Keng Gewalt: Mir schléissen all gewalttätegt, zerstéierend oder béiswëllegt Handelen aus.

Dialog: Mir wëllen konstruktiven Austausch ënnerstëtzen tëscht Bierger a verschiddene Partien.

Radikalitéit: Fir sech géint de Greenwashing auszeschwätzen si mir dovunner iwwerzeegt datt et déifgrënneg Ännerungen an der Gesellschaft brauch, déi sech den Erausfuerderunge vum Klimawandel stelle kënnen.

Kollektiv Intelligenz: Elleng ass ee mi séier, zesumme komme mer mi wäit. Kollektiv Intelligenz heescht Kompetenzen, Wëssen, Kreativitéit, Reflektioun a Probleemléisung zesummen ze bréngen, am Déngscht vun engem gemeinsamen Objektiv.

Co-Konstruktioun: Mir wëllen no engem participativen Prozess handelen, Platz maache fir Analyse an Austausch vun Iddien, Léisunge fannen déi adaptéiert schéngen.

Empowerment: Och mir – als Bierger – kënnen aktiv sinn a Stäerkt hunn. Mir kënnen d’Saachen änneren an Ännerung bei eise Matbierger bewierken. Zesummen kënnen d’Bierger sech mat politesche Responsabelen an Entreprisen austauschen. Et existéiert keng fäerdeg Léisung, et ass un eis eis Zukunft zesummen ze bauen.

Adaptabilitéit : Mir wëllen zesummen de Wee goen, experimentéieren, oppe si fir d’Konzept, d’Approche, d’Method weider ze entwéckelen, jee no participativem Prozess.

Diversitéit : Diversitéit vun de Leit, de Kompetenzen, der Zäit déi an de Projet investéiert gëtt,…