Fuert dir och all Dag mam Auto op de Büro a stitt éiweg laang am Stau, kaaft iech den x-ten Becher Kaf deen een eigentlech-recycléiere-kann-mee-wat-awer-net-geschitt, Mëttes iesst der eng Pizza ënnerwee a geheit de knaschtege Kartong an de Pabeierkuerf – ups nee – an déi schwaarz Dreckskëscht, an duerno reegt der Iech op well äre Bic eidel ass an der en net rechargéiere kënnt.
2. August 2023. Op deem Dag hate mer dëst Joer de weltwäiten « overshoot day » erreecht, d.h. deen Dag ab deem mer méi natierlech Ressourcen aus dem Buedem geholl hunn wéi eise Planéit an engem Joer reproduzéiere kann. Zu Lëtzebuerg war deen Dag dëst Joer schonn de 14. Februar ! Wat also maachen ?
Eng einfach Äntwert ass déi bestoend Ressourcë besser ze benotzen an eise Bedarf u neie Ressourcen op e Minimum ze reduzéieren, wat fir Lëtzebuerg ëm sou méi interessant ass well mer als Land nëmmen iwwert ganz wéineg natierlech Ressourcë verfügen.
Zwielef Minutten. Dat ass déi duerchschnëttlech Zäit déi eng Buermaschinn hei zu Lëtzebuerg resp. an de meeschten europäesche Länner am Laf vun hirem Liewen benotzt gëtt. Zwielef Minutten !
Op Basis vun dëser Feststellung an der enormer Verschwendung vu Ressourcen déi dat duerstellt huet Facilitec – an Zesummenaarbecht mat der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL (EBL) – den éischten « Gutt Geschier » Site am Januar 2023 ageweit wou ee gratis Schaffgeschier ausléine kann.
An dëser Episod geet d’Yasmin Labidi (Transition Minett) mam Caroline Holz a mam Miss Bak op Thema Kreeslafwirtschaft an, a si schwätzen och allgemeng iwwert alternativ a nohalteg ekonomesch Aktivitéiten.
D’Caroline Holz ass d’Coordinatrice vum Facilitec zu Esch (Transition Minett). Si ass Landschaftsarchitektin an Urbanistin vu Formatioun hier, an huet virdrun am Design vun ëffentleche Plaze geschafft. D’Ahoua Bakayoko ass d’Grënnerin vum Projet « MissBak » zu Lëtzebuerg, enger Mark vu veganer, déierefrëndlecher a nohalteger Kosmetik.