Categories
Uncategorized

Wat wier wann ?

Yasmin Labidi fir Transition Minett

Co-Konzept mat Caroline Holz

Fuert dir och all Dag mam Auto op de Büro a stitt éiweg laang am Stau, kaaft iech den x-ten Becher Kaf deen een eigentlech-recycléiere-kann-mee-wat-awer-net-geschitt, Mëttes iesst der eng Pizza ënnerwee a geheit de knaschtege Kartong an de Pabeierkuerf – ups nee – an déi schwaarz Dreckskëscht, an duerno reegt der Iech op well äre Bic eidel ass an der en net rechargéiere kënnt.

De Weekend muss der dann akafe goen (dat muss schnell goen, t’geet also an de Supermarché), dir misst Schoulmaterial a nei Kleeder fir d’Kanner kafen, alt och emol en neit Spill a nei Bicher (de Wanter steet un, t’muss een se beschäftegen)…Säit der nees mam Sport ugefaangen hutt rutschen d’Boxen, dir kaaft iech schnell iergendwou eng nei fir 50€, mee t’ass keng gutt Qualitéit an dir wësst ganz genee datt se just 18 Méint hale wäert. D’Cousine gëtt nächst Mount bestuet, an dir braucht eng nei Tenue fir d’Hochzäit, mee dir hutt keng Loscht alt nees dat nämmlecht Kleed oder de nämmlechte Kostüm un ze doen.

Oh vreck elo fannt der och nach d’Buermaschinn net erëm säit der geplënnert sidd an dir wollt elo 3 Méint méi spéit endlech d’Regal opriichten…da gëtt alt nees eng nei Buermaschinn kaf. Elo huet dee blöden Toaster och nach e Wackelkontakt a geet net méi, an d’Garantie ass natierlech virun 3 Méint ofgelaf….. Sonndes fuert der da mam Auto raus fir eng Ronn an de Bësch spadséieren ze goen fir dee ganze Misär ze vergiessen.

A ween raumt dann de Kartong ewech, stellt d’Poubellen eraus, bréngt déi al Kleeder an de Container, raumt déi dausend Spiller a Bicher vun de Kanner ewech, bréngt den Auto an d’Revisioun a fiert och nach op de Recycling Zenter ? Ma dir, ween soss…

Wat wier wann…

Wat wier wann eis Gesellschaft sech géing organiséiere fir éischter ze deelen anstatt alles ze besëtzen ? Wa mer géinge méi op flécken an « second hand » setzen ?

Dat géing eis sécherlech manner kaschten – esou wuel Suen wéi och Energie – an am Endeffekt och dat eent oder anert grot Hoer erspueren.

Stellt iech mol vir….

Moies mam ëffentlechen Transport op d’Aarbecht ze fueren, deen zur Zäit kënnt, schnell ass, a wou der och nach eng Sëtzplaz kritt. Dir hutt ären Becher vu gëschter dobäi deen der zréck gitt fir dann e Kaffi an engem neie Becher ze kréien. Am Kiosk um Eck kënnt der eng Recharge fir äre Bic kafen. D’Pizza kritt der an enger Këscht mat déi der ärem Restaurant kënnt zréck bréngen.

D’Akeef kritt der am Lassenen heem geliwwert a fir de Rescht gitt der Samschdes Moies op de Maart akafen. Et gëtt e lokale Grupp vun Elteren/Awunner wou Kleeder, Schoulmaterial, Spiller a Bicher getosch ginn, an et gëtt eng « give-box » an ärem Quartier, grad ewéi eng « Spill-Bibliothéik » an e Second-Hand-Buttek. Da kann een och ganz einfach Kleeder lounen fir speziell Occasiounen oder gratis eng Buermaschinn fir de Weekend ausléinen a Weekends op e Repair-Café goen fir den Toaster ze flécken. D’Boxen déi rutschen loosst der retuschéieren, an de Weekend lount der en Auto fir spontan en Ausfluch ze maachen.

All dës Léisungen ginn et haut schonn ! Leider si se nach net esou bekannt well net genuch Reklamm dofir gemaach gëtt a well een d’Gewunnechten vun de Leit och net vun haut op muar ännere kann. E groussen Deel vun eiser Aarbecht besteet dodran fir dës Léisungen – wouvun een der vill der Kreeslafwirtschaft zouschreiwe kann – ënnert d’Leit ze bréngen, ze ënnerstëtzen an och eege Projet’en an deem Beräich ze geréieren (op déi mer an dëser Newsletter aginn). D’Kreeslafwirtschaft heescht nämlech flécken, léien, deelen, reduzéieren, a villes méi, an do si mer matten dran bei Transition Minett 🙂

Zu Lëtzebuerg bleift nach vill ze maachen : mer hunn den héchsten Wäert vun Auto’en pro Awunner an Europa (696 / 1.000 Awunner) a mer sinn den drëttgréissten Produzent vun Offall (790kg/Joer/Awunner).

Um Niveau vun der europäescher Unioun ass och nach Loft no uewen : Handy’en ginn an der Moyenne just wärend 2 Joer benotzt, mer geheien an der Moyenne 11kg Kleeder pro Awunner pro Joer ewech wouvun 87% verbrannt oder vergruewe ginn, a schlussendlech ginn och nach 150kg Plastik pro Joer pro Kapp verbraucht (wat duebel esou vill ass wéi déi global Moyenne).

Iwwregens : vum 18. bis de 26. November fënnt d’europäesch Woch vun der Offallvermeidung statt. Sidd der dobäi ?