Categories
Uncategorized

D’Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg

2. August 2023. Op deem Dag hate mer dëst Joer de weltwäiten « overshoot day » erreecht, d.h. deen Dag ab deem mer méi natierlech Ressourcen aus dem Buedem geholl hunn wéi eise Planéit an engem Joer reproduzéiere kann. Zu Lëtzebuerg war deen Dag dëst Joer schonn de 14. Februar ! Wat also maachen ?

Eng einfach Äntwert ass déi bestoend Ressourcë besser ze benotzen an eise Bedarf u neie Ressourcen op e Minimum ze reduzéieren, wat fir Lëtzebuerg ëm sou méi interessant ass well mer als Land nëmmen iwwert ganz wéineg natierlech Ressourcë verfügen.

Fir déi aktuell an zukünfteg sozio-ekonomesch wéi och ëmwelttechnesch Erausfuerderungen an Ugrëff ze huele gëtt ëmmer méi oft de Wee ageschloe fort vun enger linearer Ekonomie (aktuelle System) hin zu enger « zirkulärer » Ekonomie (Kreeslafwirtschaft).

Lëtzebuerg schafft scho säit 2014 um Thema vun der Kreeslafwirtschaft, an déi Aarbecht huet 2021 zur Publikatioun vun der « Strategie Kreeslafwirtschaft Lëtzebuerg » an 2022 vun der « Strategie Null Offall » gefouert.

Laut dëser nationaler Strategie ass d’Kreeslafwirtschaft e System fir Produktioun an den Austausch vu Wueren a Servicer, deen eng holistesch Approche huet wat d’Gestioun vun de Stocken an de Flux vu Materialien an Energie ugeet, ënner Berécksiichtegung vun de regenerative Kapazitéiten vun eisem Planéit an dem mënschleche Wuelbefannen.

Am Kloertext heescht dat näischt aneschters wéi dat wat am Ufank vun dësem Text steet. D’Iddi besteet hei dran e Produit esou ze entwéckelen datt esou mann wéi méiglech Offall entseet, en eng laang Liewensdauer huet, datt e ka gedeelt an ënnerschiddlechst agesat ginn, dat et ka gefléckt ginn, resp. datt de Produit nach kann ëmfunktionéiert ginn ier datt en recycelt resp. entsuergt gëtt um Enn vu sengem Liewen. Fir dëst méi konkret duer ze stellen a mat méi geleefege Wieder ze ëmschreiwe gëtt oft vun de « 5R » an Zesummenhang mat der Kreeslafwirtschaft geschwat, wat esou vill heescht wéi : refuséieren, reduzéieren, nach eng Kéier benotzen (réutiliser), recycelen an dem Buedem zréck ginn (rendre à la terre).

D’Kreeslafwirtschaft ass och ëmmer méi um Gemengenniveau present. Eis Partnerstad Esch/Uelzecht huet z.B. 2022 « Circular Cities Declaration » ënnerschriwwen an ass esou engem europäesche Reseau vun « zirkuläre » Stied bäigetrueden, d.h. Stied déi sech der Kreeslafwirtschaft verschriwwen hunn fir esou hiren Impakt an de Gebrauch vun natierlech Ressourcen ze reduzéieren.

Wa mer bei Esch bleiwe kënne mer och eng sëllegen Acteur’en ernimmen déi scho säit Jore Projete bedreiwen déi der Logik vun der Kreeslafwirtschaft entspriechen, dat esou wuel bei der ëffentlecher Hand (d’Stad Esch selwer, de SIVEC, etc.) wéi och op der Säit vun der Zivilgesellschaft (BENU Village, CIGL Esch, Transition Minett, etc.)

Vereinfacht Schema vun der Kreeslafwirtschaft ( © Caroline Holz)