Mesa – Aktivitéiten

Mesa – Aktivitéiten

D’Haus vun der Transitioun ass eng Associatioun di sech aktiv asetzt fir eng ökologesch Transitioun. Dës Transitioun soll gemeinsam, inklusiv a solidaresch sinn. Et ass eng Plaz vum Austausch, vun der Informatioun an der Mobiliséierung fir d’Ëmwelt.

Et ginn Atelieren ugebueden, Konferenzen, Diskussiounsronnen, Filmowenter a villes méi !

Kuckt hei an eisen Agenda fir ze wëssen wat leeft. An zéckt net, iech mat eis a Kontakt ze setzen, wann dir Iddien oder Virschléi hutt !

MISSIOUN: d’Aktivitéiten vun der Mesa si ganz villfälteg, mam Zil fir:

  • Eng Plaz unzebidden, wou ee sech kann gesinn a sech austauschen iwwert di ekologesch Transitioun ; diskutéieren, Iddien sammelen, zesumme maachen
  • D’Leit op eng edukativ Aart a Weis ze sensibiliséieren fir d’Thema ; mat enger Bibliothéik, mat Debatten, Aktivitéiten a prakteschen Atelieren
  • Initiativen zum Thema Ëmwelt ze encouragéieren a Fräiwëlleger ze ënnerstëtzen, di Projete leeden
  • eng frëndlech a waarm Plaz unzebidden, oppen fir jiddereen
  • Konferenzen, kulturell Eventer, Workshops asw. unzebidden

D’Aktivitéite gi souwuel vum Mesa Team wéi och vun eiser aktiver Gemeinschaft vu Fräiwëllegen ugebueden – All är Virschléi si wëllkomm 🙂

Info: Wann Dir Iech fir eng Aktivitéit iwwer eise Site aschreift, da froe mir Ären E-Mail, fir datt mir Iech am Fall vun enger Kënnegung kënne Bescheed soen. Mir ginn dës perséinlech Daten ni un eng Drëtter weider.

COVID Info: