Newsletter N°4 – Upassung un de Klimawandel

Newsletter N°4 – Upassung un de Klimawandel


Den Accord de Paris deen 2015 ugeholl gouf war en historesche Moment ! T’war fir déi alleréischte Kéier an iwwer 30 Joer Klimakonferenzen datt d’Weltgemeinschaft et fäerdeg bruecht huet sech op en ambitiéist a verbindlecht Zil ze eenegen : d’Emissioune vun den Zäregaser solle staark reduzéiert ginn fir esou déi global Äerderwäermung op 1,5° Grad ze begrenzen am Verglach mam preindustriellen Niveau.

Allerdéngs sinn d’Zäregas-Emissiounen vun do un stänneg weider an d’Luucht gaangen, a se hunn 2023 esou guer en neien historeschen Niveau erreecht. Dës steigend Trajectoire vun den Emissiounen gëtt mëttlerweil als ondrobar vun der Wëssenschaft bezeechent, a virun allem ass et an hiren Aen net méi méiglech fir d’Äerderwäermung op 1,5° Grad ze begrenzen.

Lire la suite



Projet Metzeschmelz

Projet Metzeschmelz, © Agora

E « waarmt » Joer zu Esch !

2023 war dat wäermste Joer war jee gemooss gouf, an Ufanks 2024 hu mer fir déi alleréischte Kéier d’Limitt vun den 1,5° Grad Äerderwäermung op 12 Méint gekuckt iwwerschratt.

D’Haaptursaach vun der globaler Äerderwäermung ass d’Akkumulatioun vun Zäregaser, an dofir hunn all Klima-Accord’en zum Zil d’Emissiounen vun dësen Zäregaser drastesch an esou schnell wéi méiglech ze reduzéieren. En éischt Zwëschenzil dat Lëtzebuerg sech an deem Sënn gesat huet ass et d’Emissiounen bis 2030 ëm 55% ze reduzéieren am Verglach mat 2005.

Lire la suite



Ernärung : sech fir de Wandel asetzen !

De Secteur vun der Liewensmëttelproduktioun ass een vun de gréissten Emittenten vun Zäregasen. Dofir ass et wichteg datt mer eis fir eng méi lokal landwirtschaftlech Produktioun asetzen déi am Respekt vum Planéit an der Ëmwelt schafft.

Zougang zur Ernärung ass och e Mënscherecht, grad esou wéi anstänneg liewen kënnen och e Recht vun der Baueren ass (cf. déi international Accord’en déi Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet).

Lire la suite


Alles op de Vëlo !

De Secteur vum Transport verursaacht bal 60% vun den Zäregas-Emissiounen zu Lëtzebuerg, woubäi deen Taux bei eise Nopeschlänner just bei 30% läit. Dat läit zum Deel un der grousser Präsenz vun Auto’en (700 Stéck op 1.000 Awunner, 1. Plaz an Europa). Dobäi kënnt datt d’Hallschent vun den Deplacement ënnert 5km mam Auto gemaach ginn !

Lire la suite


Projet Nonnewisen zu Esch/Uelzecht – Mee 2023 a Betrib gaangen

Fokus op d’Energiekooperativen

Interview mam Abbes Kalmes, Präsident vun TMEnerCoop S.C.

Wat ass eng Energiekooperativ ?

T’ass e Kollektiv vu Persounen déi sech zesumme gedoen hunn fir e Gesellschaftsprojet ze lancéieren dee Wueren produzéiert oder Déngschtleeschtungen ubitt. Bei eis geet et ëm d’Produktioun a geschwënn och d’Eegeconsommatioun vun erneierbarer Energie.

Lire la suite


Klima(on)gerechtegkeet

Wann ee vu Klimawandel schwätzt denkt een oft un Dréchent an Iwwerschwemmungen an Afrika oder an Asien mat den desastréise Konsequenzen fir déi lokal Bevëlkerung an d’landwirtschaftlech Recolten. Mais dat gëtt et awer och an eise Géigenden.

Lire la suite


Nohalteg Energie an Technologie zu Lëtzebuerg (2021)

An dëser Episod schwätzt d’Sarah Graf mam Albert Kalmes a ma Sarah Haas iwwert Energie an Technologie zu Lëtzebuerg. Den Albert Kalmes ass President vun der Energiekooperativ TM EnerCoop. D’Sarah Hass war Sekretärin vun der Asbl CoLab a war och zoustänneg fir de Quartiersprojet REconomy Wolz.

Lauschtert eran