Categories
Uncategorized

Sech upassen ouni ze kapituléieren…dat ass méiglech !

Den Accord de Paris deen 2015 ugeholl gouf war en historesche Moment ! T’war fir déi alleréischte Kéier an iwwer 30 Joer Klimakonferenzen datt d’Weltgemeinschaft et fäerdeg bruecht huet sech op en ambitiéist a verbindlecht Zil ze eenegen : d’Emissioune vun den Zäregaser solle staark reduzéiert ginn fir esou déi global Äerderwäermung op 1,5° Grad ze begrenzen am Verglach mam preindustriellen Niveau.

Allerdéngs sinn d’Zäregas-Emissiounen vun do un stänneg weider an d’Luucht gaangen, a se hunn 2023 esou guer en neien historeschen Niveau erreecht. Dës steigend Trajectoire vun den Emissiounen gëtt mëttlerweil als ondrobar vun der Wëssenschaft bezeechent, a virun allem ass et an hiren Aen net méi méiglech fir d’Äerderwäermung op 1,5° Grad ze begrenzen. (1)

D’Resultat dovunner ass datt de Klimawandel sech mat enger Rekordvitess verschäerft an datt d’Konsequenzen ëmmer méi spierbar sinn : Hëtztwellen, Bëschbränn, Dréchenten, Staarkreen, Iwwerschwemmungen, Verloscht vun der Biodiversitéit, Réckgang vun de landwirtschaftlechen Erträg, asw.

Et gëtt also déck Zäit fir sech un de Klimawandel un ze passen, well Nee, et ass net méi méiglech fir en ze stoppen. Et ass awer wuel nach méiglech fir en ofzeschwächen, also heescht et de Kapp net an de Sand stiechen !

Allerdéngs geet et net duer fir dem technologesche Fortschrëtt blann ze vertrauen, an och net fir just nach « gréng » ze konsuméieren. Fir e reellen Impakt ze hunn muss de Kampf géint d’Ursaache vum Klimawandel verstäerkt ginn, an et däerf een net fäerten fir sech der Realitéit ze stellen.

An d’Realitéit ass datt mer eis Konsumgewunnechten upassen a reduzéiere mussen – an dat ass méiglech ! Huele mer d’Beispill vun de Jonken : déi fueren haut ëmmer manner mam Auto, se iessen ëmmer manner Fleesch, se dinn Kleeder aus zweeter Hand un, asw.

An d’Realitéit ass och datt mer fossil an nuklear Energië lassginn mussen – an dat ass méiglech ! Huele mer d’Beispill vun Éisträich dat haut schonn 2/3 vu sengem Energiebedarf mat erneierbaren Energië ofdeckt. (2)

Schlussendlech ass d’Realitéit awer och datt mer fortkomme musse vun der linearer Ekonomie – an datt ass och méiglech ! Huele mer d’Beispill vun Esch/Uelzecht wou eng sëllegen Acteur’en scho säit Jore Projete bedreiwen déi der Logik vun der Kreeslafwirtschaft entspriechen, dat esou wuel op Säite vun der ëffentlecher Hand (d’Stad Esch selwer, de SIVEC, etc.) wéi och op der Säit vun der Zivilgesellschaft (Transition, CIGL Esch, Transition Minett, Centre Formida, FerroForum, asw.)

Als dës Beispiller sinn de Beweis datt et méiglech ass sech un ze passen ouni ze kapituléieren, fir d’Leit a mat de Leit, an dat op allen Niveau’en vun eiser Gesellschaft !

Eric Weirich

mat der Ënnerstëtzung vum Eric Lavillunière


  1. https://reporterre.net/Limiter-le-rechauffement-a-1-5-oC-Trop-tard-affirment-mille-scientifiques
  2. https://theshiftproject.org/wp-content/uploads/2023/05/Rapport_SYR_AR6_v1.pdf
  3. https://ec.europa.eu/eurostat/statistics-explained/index.php?title=Renewable_energy_statistics&action=statexp-seat&lang=fr