Categories
Uncategorized

Sech upassen ouni ze kapituléieren…dat ass méiglech !

Den Accord de Paris deen 2015 ugeholl gouf war en historesche Moment ! T’war fir déi alleréischte Kéier an iwwer 30 Joer Klimakonferenzen datt d’Weltgemeinschaft et fäerdeg bruecht huet sech op en ambitiéist a verbindlecht Zil ze eenegen : d’Emissioune vun den Zäregaser solle staark reduzéiert ginn fir esou déi global Äerderwäermung op 1,5° Grad ze begrenzen am Verglach mam preindustriellen Niveau.

Allerdéngs sinn d’Zäregas-Emissiounen vun do un stänneg weider an d’Luucht gaangen, a se hunn 2023 esou guer en neien historeschen Niveau erreecht. Dës steigend Trajectoire vun den Emissiounen gëtt mëttlerweil als ondrobar vun der Wëssenschaft bezeechent, a virun allem ass et an hiren Aen net méi méiglech fir d’Äerderwäermung op 1,5° Grad ze begrenzen. (1)

D’Resultat dovunner ass datt de Klimawandel sech mat enger Rekordvitess verschäerft an datt d’Konsequenzen ëmmer méi spierbar sinn : Hëtztwellen, Bëschbränn, Dréchenten, Staarkreen, Iwwerschwemmungen, Verloscht vun der Biodiversitéit, Réckgang vun de landwirtschaftlechen Erträg, asw.

Et gëtt also déck Zäit fir sech un de Klimawandel un ze passen, well Nee, et ass net méi méiglech fir en ze stoppen. Et ass awer wuel nach méiglech fir en ofzeschwächen, also heescht et de Kapp net an de Sand stiechen !

Allerdéngs geet et net duer fir dem technologesche Fortschrëtt blann ze vertrauen, an och net fir just nach « gréng » ze konsuméieren. Fir e reellen Impakt ze hunn muss de Kampf géint d’Ursaache vum Klimawandel verstäerkt ginn, an et däerf een net fäerten fir sech der Realitéit ze stellen.

An d’Realitéit ass datt mer eis Konsumgewunnechten upassen a reduzéiere mussen – an dat ass méiglech ! Huele mer d’Beispill vun de Jonken : déi fueren haut ëmmer manner mam Auto, se iessen ëmmer manner Fleesch, se dinn Kleeder aus zweeter Hand un, asw.

An d’Realitéit ass och datt mer fossil an nuklear Energië lassginn mussen – an dat ass méiglech ! Huele mer d’Beispill vun Éisträich dat haut schonn 2/3 vu sengem Energiebedarf mat erneierbaren Energië ofdeckt. (2)

Schlussendlech ass d’Realitéit awer och datt mer fortkomme musse vun der linearer Ekonomie – an datt ass och méiglech ! Huele mer d’Beispill vun Esch/Uelzecht wou eng sëllegen Acteur’en scho säit Jore Projete bedreiwen déi der Logik vun der Kreeslafwirtschaft entspriechen, dat esou wuel op Säite vun der ëffentlecher Hand (d’Stad Esch selwer, de SIVEC, etc.) wéi och op der Säit vun der Zivilgesellschaft (Transition, CIGL Esch, Transition Minett, Centre Formida, FerroForum, asw.)

Als dës Beispiller sinn de Beweis datt et méiglech ass sech un ze passen ouni ze kapituléieren, fir d’Leit a mat de Leit, an dat op allen Niveau’en vun eiser Gesellschaft !

Eric Weirich

mat der Ënnerstëtzung vum Eric Lavillunière


  1. https://reporterre.net/Limiter-le-rechauffement-a-1-5-oC-Trop-tard-affirment-mille-scientifiques
  2. https://theshiftproject.org/wp-content/uploads/2023/05/Rapport_SYR_AR6_v1.pdf
  3. https://ec.europa.eu/eurostat/statistics-explained/index.php?title=Renewable_energy_statistics&action=statexp-seat&lang=fr

Categories
Uncategorized

Anti-Gaspi-Rezept fir de Wanter – Rabanadas (pain perdu)

Categories
Uncategorized

D’Kreeslafwirtschaft (podcast)

An dëser Episod geet d’Yasmin Labidi (Transition Minett) mam Caroline Holz a mam Miss Bak op Thema Kreeslafwirtschaft an, a si schwätzen och allgemeng iwwert alternativ a nohalteg ekonomesch Aktivitéiten.

D’Caroline Holz ass d’Coordinatrice vum Facilitec zu Esch (Transition Minett). Si ass Landschaftsarchitektin an Urbanistin vu Formatioun hier, an huet virdrun am Design vun ëffentleche Plaze geschafft.

D’Ahoua Bakayoko ass d’Grënnerin vum Projet « MissBak » zu Lëtzebuerg, enger Mark vu veganer, déierefrëndlecher a nohalteger Kosmetik.

Lauschtert eran

Categories
Uncategorized

Zwielef Minutten.

Dat ass déi duerchschnëttlech Zäit déi eng Buermaschinn hei zu Lëtzebuerg resp. an de meeschten europäesche Länner am Laf vun hirem Liewen benotzt gëtt. Zwielef Minutten ! Fir déi meescht vun hinnen ass dat och genau déi selwecht Zäit déi et gedauert huet fir d’Stallage un der Mauer fest ze schrauwen fir dann…..d’Buermaschinn fir de Rescht vun hiren Deeg drop ze stellen !Dat selwecht gëllt fir dat meescht neit Geschier wat hautdesdaags a Baumäert verkaf gëtt, oder och fir Elektroapparater déi een a grousse Geschäfter – oft fir bëllegt Geld – ze kafe kritt.

Op Basis vun dëser Feststellung an der enormer Verschwendung vu Ressourcen déi dat duerstellt huet Facilitec – an Zesummenaarbecht mat der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL (EBL) – den éischten « Gutt Geschier » Site am Januar 2023 ageweit wou ee gratis Schaffgeschier ausléine kann.

De Prinzip vu Gutt Geschier dee vun der EBL entwéckelt gouf ass einfach wéi Bonjour : Schaffgeschier dat net méi gebraucht gëtt a nach gutt an der Rei ass gëtt agesammelt an a Form vu Prêt’en en zweet Liewen geschenkt.

Säit Januar goufen iwwert dee Wee 130 verschidden Zorten Schaffgeschier (manuell, elektresch, fir den Atelier, fir de Gaart, asw.) agesammelt an de Leit nees zur Verfügung gestallt iwwert de Wee vun de Raimlechkeeten vum participativen Atelier Facilitec. D’Geschier koum e.a. vum Recycling-Zenter SIVEC, vun Entreprisen oder vu Privatleit, a se hunn all gemeinsam datt se net méi gebraucht goufen an awer nach kënnen a wäerten gebraucht ginn !

Bis haut hunn sech iwwert 200 Leit um Site guttgeschier.lu ageschriwwen an et gouf genee esou vill Schaffgeschier verléint. Den Impakt vun dësem Projet mécht sech esou lues bemierkbar. Iwwert déi lescht 10 Méint goufen 12 neit Outil’en net kaf well d’Leit op Gutt Geschier zréck gegraff hunn.

Den Erfolleg vun dësem éischte Site huet dozou bäigedroen datt de Projet elo ausgebaut gëtt. En zweete Site am Bildungszenter Matgesfeld zu Bieles gouf viru kuerzem ageweit. Hei si se op d’Verléinen vu Gaardegeschier spezialiséiert. Et wäerten a sollen och nach weider Sitten zu Lëtzebuerg nokommen, a fir dat ze erméiglechen ass et wichteg datt jiddereen e bësse Reklamm a sengem Ëmfeld fir dëse Projet mécht fir datt nach weider Associatiounen a Gemengen matmaachen.

Transition Minett hirersäits wäert d’Konzept op der Beräich vun der Ernärung auswäiten wou een an Zukunft wäert kënnen Kichegeschier ausléinen, wéi z.B. eng Raclettesmaschinn oder soss Apparater déi een nëmme ganz seelen benotzt.

Manner nei Apparater kafen bedeit och manner Ressourcen verbrauchen.

Categories
Uncategorized

Wat ass eigentlech dee Facilitec ? Facilitec ass en Tiers-lieu vun der Kreeslafwirtschaft 

e gemeinschaftlechen Atelier, eng gemeinschaftlech Kichen, eng sonneg Terrass, Gutt Geschier, e Stockage- an Heizungsraum, Transition Minett asbl, Reuniounssäll, Ruheraum, eng Bibliothéik, Null-Offall-Animatiounen, Give-box zesumme mam Abrisud.

Dir sidd sécher scho méi oft laanscht getrëppelt, dir waart vlait esou guer schonn dobannen fir eng Visitt, mee wësst der wierklech Bescheed wat een alles am Facilitec maache kann ?

Facilitec huet 2018 en doheem fonnt an der aler Schräinerei Claude Muller zu Esch/Uelzecht (rue Berwart, 5 Min. vun de Guar wech) a gouf iwwert participativ Chantier’en komplett an Eegeregie a quasi just mat recuperéiertem Material renovéiert fir dorausser eng Plaz ze maachen déi der Kreeslafwirtschaft verschriwwen ass. Mer deelen dës Plaz mat enger Rei Initiativen déi un der ekologescher Transitioun schaffen. Déi 300m2 déi d’Gebai huet ginn eis scho vill Méiglechkeeten, och wa mer stänneg versichen d’Maueren ze verréckelen fir esou vill Projet’en an Iddi’en wéi méiglech hei ëm ze setzen. Hei kënnt der z.B. léieren wéi ee Saachen bricoléiert oder fléckt, wéi een eppes hierstellt, hei kënnt der och Geschier ausléinen, an eis Büro’en schaffe kommen, aner Leit an och Entrepreneur’en treffen déi an der ekologescher Transitioun aktiv sinn, op en Event kommen, e Café mat der Equipe vun Transition Minett drénken, e Buch ausléinen, asw.

Facilitec definéiert sech als Tiers-lieu am Sënn datt en vun eiser Associatioun (Transition Minett) a vun enger grousser Diversitéit u Leit animéiert gëtt déi sech hei treffen an austauschen, an dës Plaz wéi och mol nei Aktivitéiten zesummen a beschtméiglechst geréieren. Dat geschitt a verschiddenen Aarbechtsgruppen déi am Prinzip all Mount zesumme kommen,  wéi och an enger grousse Plenière wou all d’Leit minimum zweemol d’Joer zesumme kommen. Esou gouf et z.B. e Grupp « Amenagement » deen eemol de Mount zesummen komm ass wärend der Renovatioun vum Gebai, an eis Kommunikatiounsstrategie ass och esou entstanen.

Adresse : 37B rue de la Fontaine (Accès iwwert d’rue Berwart)

Horairen : Méindes an Donneschdes vu 9h-20h / Dënschdes 11h-17h/ Mëttwochs 9h-17h / Freides 9h-16h. Weekends ass zou ass et sinn Evenementer, an all leschte Sonndeg am Mount ass den Atelier och op vun 10h-17h.

Op enger Wellelängt mam Facilitec

Mär si natierlech net déi eenzeg déi zu Esch an der Kreeslafwirtschaft aktiv sinn. Dofir luede mer Iech an folgend Projet’en ze entdecken falls der se nach net kenne sollt :

Centre Formida, Benu Village, FerroForum, CIGL Esch, SIVEC, Escher Give-boxen (Kufa, MESA, Gemengeplaz), asw.

Eng Thematik déi ëmmer méi wichteg gëtt an déi verbënnt : douce Mobilitéit !

Mam Entstoen vum Facilitec an eiser Aarbecht an der Quartier’en ass och zimmlech direkt e Grupp entstanen ronderëm douce Mobilitéit. Ugefaangen mat der « Vélorution Esch » huet sech mëttlerweil en Aarbechtsgrupp douce Mobilitéit entwéckelt  an zwar am Kader vum « Collectif Citoyen pour le Climat ».

Dëse Grupp gëtt ëmmer méi grouss a bréngt Vëlosfuerer, Knécheler an Aktivisten vun der doucer Mobilitéit zesummen déi sech do zesumme Gedanken maachen iwwert d’Infrastruktur fir d’Alternativen zum Auto an der Stad ze verbesseren. Facililtec ass dobäi en Treffpunkt, e Stockage, eng Plaz fir ze testen, ze flécken oder och fir Kreativaarbechten (mer denken do z.B. un déi gepimpten Vëlo’en déi am Facilitec entstanen sinn am Kader vun der Kulturnuecht 2023).

De Grupp douce Mobilitéit ass e ganz dynameschen. E kann een Dag eng « Vélorution » organiséieren, den Dag drop op enger Vëlosbroschür schaffen an dann als nächst un engem « Haus vum Vëlo » schaffen wou am Fréijoer méi konkret kéint ginn.

De Roll vu Facilitec ass et dobäi fir esou Initiativen ze ënnerstëtzen déi sech fir méi eng nohalteg Aart a Weis fir ze liewen a fir ze schaffen asetzen, an fir esou d’ökologesch Transitioun virun ze bréngen.

 T’bleift nach vill ze maachen mee mer sinn awer gutt ënnerwee ! Wann der Iech gär am Facilitec wëllt abréngen ginn et e puer Méiglechkeeten :

  • Flécken : dir sidd talentéierte Knécheler an de Beräicher Elektronik, Vëlo, Kleeder, Holz oder engem anere Beräich ?
  • Verschenken : 2024 lancéiere mer eng «  ustensilothèque » wat e Projet ass wou een gratis Haushalts-a Kichegeschier bei eis ausléine kann, a mer siche nach Geschier.
  • Coworking : dir sidd Entrepreneur a wëllt eisem Reseau bäitrieden ?

Ma da kontaktéiert eis : info(@)facilitec.lu

Categories
Uncategorized

Den CCC kritt 1 Joer

11/23 TM-NL-ECO CIRCU LU – 2

Thematesch Gruppen vum « Collectif Citoyen pour le Climat » feieren gläich hiren 1. éischte Gebuertsdag an hunn all scho vill flott Aktiounen a Realisatiounen opweises. Zur Erënnerung : den CCC gouf den 3. Dezember 2022 gegrënnt, an de 29. Juni dëst Joer hu mer eis all am Gemeinschaftsgaart am Breedewee getraff fir ze kucke wou déi verschidde Gruppen dru sinn a wéi mer an Zukunft wëlle weiderfueren (kuckt d’Foto). Vill gutt Iddi’en koumen deen Dag op den Dësch wéi z.B. un der Kommunikatioun ze schaffen oder fir gemeinsam Aktiounen ze plange fir esou d’Biergerbedeelegung ze verbesseren a méi e groussen Impakt op d’Politik ze hunn. Elo gëllt et dës Iddi’en ëm ze setzen !

Fir elo konkret déi nächst Schrëtt vum « Collectif Citoyen pour le Climat » ze plangen a sech och en nohaltegt Fonctionnement ze ginn lancéieren mer eng Reflexioun mat VertriederInnen vun de verschiddenen thematesche Gruppen, vun eisem Verwaltungsrot a vum Personal vun Transition Minett. D’Zil ass et fir konkret Virschléi fir den CCC aus ze schaffen (Kommunikatioun tëscht de Gruppen a no baussen, Leit mobiliséieren a sensibiliséieren, asw.) an op enger globaler Gouvernance ze schaffen.

Dës Virschléi ginn dann am grousse Grupp nächst Joer wärend enger grousser Assemblée Générale validéiert. Wann der wëll matmaachen beim CCC da mellt iech bei eis (contact(@)transition-minett.lu)

E Zoom op :

CYBER’N’ETHIQUE 

Den Atelier Cyber’n’ethique am Facilitec huet mëttlerweil eng Charta, an et gouf de ganze Summer iwwer fläisseg un individuellen wéi och u kollektive Projet’en geschafft. Bei der leschter Rentrée goufen d’Ëffnungszäiten ugepasst. Den Atelier ass elo Méindes an Donneschdes bis 20h Auer op, an all leschten Sonndeg am Mount ass en vun 10h bis 17h Auer op (de nächsten ass de 26. November). Et gëtt also keng Excuse méi : kommt laanscht, léint Geschier aus, schafft un äre Projet’en a gitt Member vun eiser Communautéit vu Knécheler.Kontatk : atelier(@)facilitec.lu

Grupp Null-Offall

De Grupp « Null-Offall » huet dës Lescht Visitte gemaach bei Minett Kompost a beim SIVEC. Dann huet en eng Botzaktioun zu Esch zesumme mat Serve the City organiséiert an dobäi op de Problem vum « Littering » higewisen. Als nächst plangt de Grupp en « Anti-Gaspi-Iessen » ze organiséieren Enn Oktober wou mat geretten Liewensmëttel gekacht wäert ginn (an Zesummenaarbecht mat Foodsharing Lëtzebuerg).

Wann der matmaache wëllt da mellt iech beim yasmin(@)transition-minett.lu

ENCART

De « Collectif Citoyen pour le Climat », dat ass och de Grupp « Kultur an Transitioun – d’Artivisiten », de Grupp vun der doucer Mobilitéit, de Grupp Eko-Feminismus, de Grupp Escher Gemeinschaftsgäert, de Grupp lokal, bio a vegan Ernärung, de Grupp Quartier Nonnewisen, de Grupp Quartier Lalleng, asw. Fir weider Informatiounen zu deene verschiddene Gruppen ze kréien a fir d’Kontakter ze kréie klickt op dëse Link 

Categories
Uncategorized

De « second-hand » zu Lëtzebuerg an Ëmgéigend

Categories
Uncategorized

D’Enn vum Ewechgeheien an d’europäesch Woch vun der Offallvermeidung

2019 huet Lëtzebuerg d’Initiative « Null-Offall-Lëtzebuerg » lancéiert. Dës Initiative  besteet aus véier Deeler : d’Biedem an d’Waasser schützen / eng besser Notzung vu Géigestänn / responsabel apaken / nohalteg bauen.

Säit dem 1. Januar 2023 ass Einweg-Geschier aus Plastik an der Restauratioun verbuede wann een op der Plaz ësst, mee Geschier aus Kartong, Pabeier an Holz ass weiderhin erlaabt. Ab Januar 2025 ass Einweg-Geschier dann awer komplett verbueden an der Restauratioun (och bei Evenementer), esou wuel op der Plaz wéi och fir mat ze huelen. Dës Transitiounsphas vun zwee Joer soll et all Betraffenen erlabe fir sech ëm ze stellen a genuch Zäit ze hunn fir Alternativen ze fannen.

Zu Lëtzebuerg ginn et schonn eng Rei Léisungen. Ob de Säiten www.greenevents.lu an https://nulloffall.lu/ fannt der eng Iwwersiicht iwwert bestoend Alternativen wéi z.B. eng mobil Spullmaschinn, d’Geschier vun Ecobox a Luloop, asw.

Fir datt méi Uebst a Geméis am Lassenen kaf gëtt ass et säit Juli 2023 verbuede bei engem Gewiicht vun ënnert 1,5kg eng Plastiksverpackung ze benotzen.

Iwwregens : vum 18. bis de 26. November fënnt d’europäesch Woch vun der Offallvermeidung statt. Sidd der dobäi ? D’Zil vun där Woch ass et fir bestoend Initiativen ze beliichten an d’Leit ze sensibiliséieren. Maacht mat bei enger Null-Offall-Aktioun !

Categories
Uncategorized

Klimawandel a Mënscherechter

Interview realiséiert vum Adriana Cardoso a vum Yasmin Labidi

2021 an 2022 gouf et dausenden Klimaflüchtlingen an der Belsch, an Däitschland an a Frankräich. Jo de Klimawandel betrëfft eis och.

Lëtzebuerg ass eent vun de räichste Länner op der Welt, a stéisst proportional gesinn awer och mat am meeschten CO2 aus an ass domat och mat verantwortlech fir de Klimawandel.

Am Virfeld vum 10. Dezember (internationalen Dag vun de Mënscherechter) hu mer mam Atoniya Argirova ( climate justice campaigner bei Greenpeace Lëtzebuerg) iwwert de Klimawandel geschwat an den Impakt vun dësem op d’Mënscherechter a Klimaflüchtlingen.

Transition Minett : Wéi eng Mënscherechter si vum Klimawandel betraff ?

Antoniya Argirova : Dat betrëfft all Beräicher vun der Mënscherechter, sief datt déi ekonomesch, sozial, kulturell oder politesch. Fir dat ze illustréieren kann een dat Beispill vun de 6 jonke Portugisen zitéieren déi Portugal 2017 viru Geriicht geholl hunn wéinst Inaktioun géint de Klimawandel, dat nodeems se wéinst Bëschbränn hu mussen vun doheem flüchten. Am Ganzen stinn aktuell 33 Länner viru Geriicht wéinst  Inaktioun géint de Klimawandel. De Klimawandel huet gravéierend Konsequenzen op den Alldag vun de Leit. Déi Jonk kënne net méi studéiere goen, Leit befannen sech a Gefor, verléieren hiert doheem, hier Lännereien, hier Gesond verschlechtert sech, asw.

De Klimawandel ass och e Katalysator fir arméiert Konflikter. Där ginn et der ëmmer méi z.B. ronderëm Drénkwaasser.

Transition Minett : Wéi een Impakt huet de Klimawandel op d’Flüchtlingsstréim ?

Den « IDMC, internal displacement monitoring centre » ass eng Organisatioun déi all Joers d’Banneflüchtlingen zielt. Déi kënnen op arméiert Konflikter an awer och op de Klimawandel zréck féieren. 2021 gouf et weltwäit 32 Milliounen Banneflüchtlingen bedéngt duerch Klimakatastrophen.

Dobäi muss ee wëssen datt déi Länner déi am stäerkste vun Naturkatastrophen betraff sinn Entwécklungslänner resp. Länner vum globale Süden sinn. Dat sinn awer och gläichzäiteg déi Länner déi am mannste fir de Klimawandel responsabel sinn (7 vun 10 vun den am meeschte betraffenen Länner sinn Inselstaaten). Hei stellt sech also d’Fro vun der Klimagerechtegkeet a vun hirer Finanzéierung.

Transition Minett : Wéi gesäit et an Europa aus ? Kann een hei vu Klimaflüchtlingen schwätzen ?

Jo där ginn et der och an Europa an et ginn esou guer Zuelen : no de schwéieren Iwwerschwemmungen am Summer 2021 gouf et jeeweils 16.000 Banneflüchtlingen an der Belsch an an Däitschland. A Frankräich goufen der 2022 45.000 gezielt.

De ganzen Artikel fannt der op eisem Site !

Méi rezent goufen et och schwéier Iwwerschwemmungen a Griicheland an am Süden vun Europa déi gravéierend Auswierkungen haten. Mëttelfristeg sinn och Küstenlänner duerch de klammende Mieresspigel betraff.

Transition Minett : Ass Greenpeace spezifesch op dësen Themen aktiv ?

Greenpeace International schafft ëmmer méi aktiv um Thema Klimagerechtegkeet, an ënnerstëtzt direkt oder indirekt Privatpersounen oder Organisatiounen déi eng Plainte maachen (z.B. andeems Greenpeace juristesch Avis’en gëtt oder Expert’en stellt). Geriichtsprozesser sinn eng Aart a Weis fir an Zukunft Klimapolitik ze maachen well leider vill Staaten keng Verantwortung iwwerhuelen an hir Engagementer vum « Accord de Paris » net anhalen. Dofir zéien ëmmer méi Bierger viru Geriicht well dat haut dat eenzegt Mëttel ass fir Drock op e Staat auszeüben.

Et gëtt do e gutt Beispill mat den Ainées pour la protection du climat Suisse (https://ainees-climat.ch/) déi eng Plainte géint d’Schwäiz wéinst Inaktioun géint de Klimawandel virum europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter deposéiert hunn. D’Urteeler an dësen zwou Affären (Portugal a Schwäiz) wäerten 2024 erfalen a wäerte Konsequenzen hunn well se kënnen zur Jurisprudenz ginn falls se zu Gonschten vun de Kloenden ausginn.

Greenpeace verfollegt dës Prozesser ganz genee a wäert am Fall vun engem positiven Ausgang sécher stellen datt d’Staaten hier Klimapolitik deementspriechend verbesseren.

Transition Minett : Kënnt der eis vun der COP28 schwätzen ?

Greenpeace International wäert bei der COP28 dobäi sinn (se fënnt vum 30. November bis den 12. Dezember zu Dubai statt). Eng vun den Haaptfroen wäert d’Finanzéierung vun de Schied duerch de Klimawandel sinn an de Gebidder déi am meeschte betraff sinn an an Zukunft wäerten onbewunnbar sinn. Eng aner ass déi wéi mer de Leit hëllefe kënnen déi dowéinst flüchte mussen.

Fir eis mussen déi Länner déi eng « historesch Schold » hunn (d.h. déi déi bis haut am meeschten CO2 ausgestouss hunn) och am meeschten bäidroen. Dat gëllt awer och fir Entreprisen déi immens klimaschiedlech sinn an dobäi Rekordprofitter maachen wéi z.B. Total (20 Milliarden Benefice am Joer 2022) oder Shell (40 Milliarden Benefice am Joer 2022). Eiser Meenung no missten se een Deel vun dëse Beneficer ofginn fir domadder de Kampf géint de Klimawandel a seng Konsequenzen ze finanzéieren.

Et ginn ëmmer méi Prozesser vu Bierger ugestouss géint Entreprisen déi fir de Klimawandel verantwortlech sinn, an ëmmer méi vun dësen Plainten sinn och erfollegräich. Alleng 2022 goufen net manner wéi 17 nei Prozesser géint Multinationalen gezielt. Se hunn all ee gemeinsaamt Zil : Klimagerechtegkeet !

*Klimaflüchtling : eng Persoun déi innerhalb vu sengem Land oder aus sengem Land flüchte muss wéinst enger Naturkatastroph déi duerch de Klimawandel verursaacht gouf.

Categories
Uncategorized

D’Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg

2. August 2023. Op deem Dag hate mer dëst Joer de weltwäiten « overshoot day » erreecht, d.h. deen Dag ab deem mer méi natierlech Ressourcen aus dem Buedem geholl hunn wéi eise Planéit an engem Joer reproduzéiere kann. Zu Lëtzebuerg war deen Dag dëst Joer schonn de 14. Februar ! Wat also maachen ?

Eng einfach Äntwert ass déi bestoend Ressourcë besser ze benotzen an eise Bedarf u neie Ressourcen op e Minimum ze reduzéieren, wat fir Lëtzebuerg ëm sou méi interessant ass well mer als Land nëmmen iwwert ganz wéineg natierlech Ressourcë verfügen.

Fir déi aktuell an zukünfteg sozio-ekonomesch wéi och ëmwelttechnesch Erausfuerderungen an Ugrëff ze huele gëtt ëmmer méi oft de Wee ageschloe fort vun enger linearer Ekonomie (aktuelle System) hin zu enger « zirkulärer » Ekonomie (Kreeslafwirtschaft).

Lëtzebuerg schafft scho säit 2014 um Thema vun der Kreeslafwirtschaft, an déi Aarbecht huet 2021 zur Publikatioun vun der « Strategie Kreeslafwirtschaft Lëtzebuerg » an 2022 vun der « Strategie Null Offall » gefouert.

Laut dëser nationaler Strategie ass d’Kreeslafwirtschaft e System fir Produktioun an den Austausch vu Wueren a Servicer, deen eng holistesch Approche huet wat d’Gestioun vun de Stocken an de Flux vu Materialien an Energie ugeet, ënner Berécksiichtegung vun de regenerative Kapazitéiten vun eisem Planéit an dem mënschleche Wuelbefannen.

Am Kloertext heescht dat näischt aneschters wéi dat wat am Ufank vun dësem Text steet. D’Iddi besteet hei dran e Produit esou ze entwéckelen datt esou mann wéi méiglech Offall entseet, en eng laang Liewensdauer huet, datt e ka gedeelt an ënnerschiddlechst agesat ginn, dat et ka gefléckt ginn, resp. datt de Produit nach kann ëmfunktionéiert ginn ier datt en recycelt resp. entsuergt gëtt um Enn vu sengem Liewen. Fir dëst méi konkret duer ze stellen a mat méi geleefege Wieder ze ëmschreiwe gëtt oft vun de « 5R » an Zesummenhang mat der Kreeslafwirtschaft geschwat, wat esou vill heescht wéi : refuséieren, reduzéieren, nach eng Kéier benotzen (réutiliser), recycelen an dem Buedem zréck ginn (rendre à la terre).

D’Kreeslafwirtschaft ass och ëmmer méi um Gemengenniveau present. Eis Partnerstad Esch/Uelzecht huet z.B. 2022 « Circular Cities Declaration » ënnerschriwwen an ass esou engem europäesche Reseau vun « zirkuläre » Stied bäigetrueden, d.h. Stied déi sech der Kreeslafwirtschaft verschriwwen hunn fir esou hiren Impakt an de Gebrauch vun natierlech Ressourcen ze reduzéieren.

Wa mer bei Esch bleiwe kënne mer och eng sëllegen Acteur’en ernimmen déi scho säit Jore Projete bedreiwen déi der Logik vun der Kreeslafwirtschaft entspriechen, dat esou wuel bei der ëffentlecher Hand (d’Stad Esch selwer, de SIVEC, etc.) wéi och op der Säit vun der Zivilgesellschaft (BENU Village, CIGL Esch, Transition Minett, etc.)

Vereinfacht Schema vun der Kreeslafwirtschaft ( © Caroline Holz)