Categories
Blog

E « waarmt » Joer zu Esch !

Projet Metzschmelz, © Agora

2023 war dat wäermste Joer war jee gemooss gouf, an Ufanks 2024 hu mer fir déi alleréischte Kéier d’Limitt vun den 1,5° Grad Äerderwäermung op 12 Méint gekuckt iwwerschratt (1). D’Haaptursaach vun der globaler Äerderwäermung ass d’Akkumulatioun vun Zäregaser, an dofir hunn all Klima-Accord’en zum Zil d’Emissiounen vun dësen Zäregaser drastesch an esou schnell wéi méiglech ze reduzéieren. En éischt Zwëschenzil dat Lëtzebuerg sech an deem Sënn gesat huet ass et d’Emissiounen bis 2030 ëm 55% ze reduzéieren am Verglach mat 2005.

Um Gemengenniveau bestëmmt de « Klimapakt 2.0 » d’Klimapolitik andeems se d’Gemengen dozou undreift fir hir Zäregas-Emissiounen ze reduzéieren a fir Moossnamen ze ergräife fir sech un de Klimawandel unzepassen. D’Stad Esch wäert seng entspriechende Moossnamen Enn Abrëll wärend der zweeter Editioun vun den « Assises Climat » virstellen.

Eng Moossnam ass z.B. d’Gestaltung vun neie Quartieren wéi der Metzeschmelz wou d’Besoin’en vum Mënsch a vun der Natur am Zentrum : Opbereedung an Zweetnotzung vum Ofwaasser, Schafung vu Gréngflächen déi un dat zukünftegt Klima ugepasst sinn, Plangen vun Niddregenergiegebaier, Ausbau vu Foussgänger- a Vëlosweeër, gutt Ubannung un den ëffentlechen Transport, asw.

Eng Iwwersiicht vun all de Moossnamen kann een ab Enn Mäerz am Kader vun enger Expositioun entdecken déi op der Stadhausplaz wäert installéiert ginn. Duerno gi mer Iech Rendez-vous Enn Mee fir den éischte « Klima-Biergerforum » wou et drëms geet fir am Dialog mat der Stad Esch op den Impakt vun all dësen Upassungen op dat alldeeglecht Liewen vun de Leit an ze goen, a fir zesummen ze iwwerleeën wéi dës Upassungen konkret an de bestoende Quartier’en kënnen ëmgesat ginn.

Zu gudder Lescht organiséiert de « Collectif Citoyen pour le Climat » e Festival Enn Juni zu Esch wou verschidden Biergerinitiativen wäerte virgestallt ginn. Eng perfekt Geleeënheet fir zesummen ze kommen an ze beweisen datt Biergerbedeelegung an alle Beräicher méiglech ass, a fir och nei Leit ze motivéieren fir sech eiser Beweegung unzeschléissen !

  1. https://www.copernicus.eu/fr
  2. https://pacteclimat.lu/fr/acteur-engage