Categories
Blog

Fokus op d’Energiekooperativen

Interview mam Abbes Kalmes, Präsident vun TMEnerCoop S.C.

Wat ass eng Energiekooperativ ?

T’ass e Kollektiv vu Persounen déi sech zesumme gedoen hunn fir e Gesellschaftsprojet ze lancéieren dee Wueren produzéiert oder Déngschtleeschtungen ubitt. Bei eis geet et ëm d’Produktioun a geschwënn och d’Eegeconsommatioun vun erneierbarer Energie.

Wat sinn d’Virdeeler fir Cooperateur ze ginn am Verglach mat enger eegener Solaranlag?

Et kann een natierlech och déi zwee maachen, mee an eng Kooperativ investéieren bedeit kollektiv investéieren, wat genau esou efficace ass, mee dofir awer méi bëlleg ass wéi d’Zomm vun den individuellen Anlagen.

Wat ass den Interessi fir Energiekooperativen um Territoire vum ganze Land ze entwéckelen a wéi eng Hürden ginn et ?

Den Interessi läit dran fir Biergergemeinschaften ze grënnen déi hiren eegene Bedarf un Energie ofdecken (Produktioun an Eegeconsommatioun). Si droen soumat zur energeetescher Onofhängegkeet bäi, an och fir d’Produktioun ze demokratiséieren. Déi gréisst Hürden sinn de Mangel u Wëssen an d’Ängschte vu verschiddenen politeschen Acteur’en vis-à-vis vun de Virdeeler déi dës Biergergemeinschaften kënnen hunn.

Wéi kann ee Cooperateur bei TM EnerCoop ginn ?

All physesch Persoun déi eis eng Bäitrëttsufro schéckt an d’Valeur’en deelt déi an eise Statuten festgehale sinn ka Member ginn. Mer hunn awer och verschidden Asbl’en an eng Fondatioun ënnert eise Memberen, a wäerten an Zukunft och Gemengen als Member akzeptéieren.

D’Bäitrëttsufro kann een iwwert eise Site www.tmenercoop.lu maachen

Interview gefouert vum Sébastien Kanarak a vum Eric Lavillunière


  • Am September 2013 vun 12 Leit gegrënnt
  • TM EnerCoop haut 239 Memberen
  • 11 Installatiounen a 6 Gemengen
  • eng Gesamtleeschtung vu 500 Kilowatt-Peak (dovunner 200 zu Esch/Uelzecht
  • Aktuell gëtt en neie Projet entwéckelt mat enger Gesamtleeschtung vun 300 Kilowatt-Peak
  • Envisagéiert Produktioun fir 2024 : ± 450’000kWh, d.h. D’järlech Consommatioun vun all senge Memberen zesummen (±1875 kWh / Persoun / Joer)*
Categories
Blog

Klima(on)gerechtegkeet

Wann ee vu Klimawandel schwätzt denkt een oft un Dréchent an Iwwerschwemmungen an Afrika oder an Asien mat den desastréise Konsequenzen fir déi lokal Bevëlkerung an d’landwirtschaftlech Recolten. Mais dat gëtt et awer och an eise Géigenden.

Juli 2021. D’Uelzecht verwandelt sech an e räissende Floss an iwwerschwemmt alles op sengem Wee. An Däitschland an an der Belsch sinn d’Konsequenzen dramatesch mat bal 200 Doudeger. Bierghäng rutschen an zerstéieren Stroossen, Stied an Infrastruktur. De Summer drop ass dogéint vill ze waarm (zweetwäermsten säit 1838) an et ass vill ze dréchen (dréchenste Summer säit 1921**).

Egal ob een elo um Niveau vun de Nord/Süd-Relatiounen oder um Niveau vun enger Lëtzebuerger Gemeng kuckt verdäitlechen des Phänomener awer kloer den immens grousse Problem mat der Klimaongerechtegkeet. Den Alter, d’Geschlecht, de Gesondheetszoustand, awer och déi finanziell, geographesch a professionell Situatioun maachen datt mer alleguerten ënnerschiddlech staark betraff si vum Klimawandel.

D’Uno definéiert d’Klimaongerechtegkeet follgendermoossen : « D’Gläichheet a d’Mënscherechter stinn am Zentrum bei Entscheedungen a Mesuren déi am Kader vum Klimawandel geholl ginn***».

An dësem Sënn ass et wichteg datt d’Bierger agebonne ginn bei Entscheedungen fir datt se hir Besoin’en matdeele kënnen. Et ass och wichteg datt Entscheedungen kohärent sinn a keen ausschléissen. D’Politik muss entspriechend der Urgence handelen an hier Verantwortung iwwerhuelen. Schlussendlech kënnen och d’Bierger esou zur Klimagerechtegkeet bäidroen.

Mer kënnen eis do eventuell un den Irokesen inspiréieren. Am Rot vum Stamm hat ëmmer eng Persoun déi fest Aufgab fir d’Interessien vun de nächste 7 Generatiounen ze verdeedegen bei all Entscheedung déi se impaktéieren konnt. Och mär mussen ufänken laangfristeg ze denken anstatt just kuerzfristeg an am Interessi vun de bestoende Generatiounen. Dat ass et wat mär als Transitiouns-Beweegung droen mat der Biergerbedeelegung.



* https://www.europarl.europa.eu/doceo/document/O-9-2021-000056_FR.html

** https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2022/09-septembre/02-bilan-meteo.html

*** https://climatepromise.undp.org/fr/news-and-stories/le-changement-climatique-est-une-question-de-justice-voici-pourquoi


Categories
Blog

Alles op de Vëlo!

De Secteur vum Transport verursaacht bal 60% vun den Zäregas-Emissiounen zu Lëtzebuerg, woubäi deen Taux bei eise Nopeschlänner just bei 30% läit. Dat läit zum Deel un der grousser Präsenz vun Auto’en (700 Stéck op 1.000 Awunner, 1. Plaz an Europa). Dobäi kënnt datt d’Hallschent vun den Deplacement ënnert 5km mam Auto gemaach ginn !

Ee groussen Hiewel fir dës Iwwermuecht vum Auto ze briechen ass et fir es Stied nei ze gestalten.

Huele mer d’Beispill vu Gent déi den Autosverkéier a verschidden Secteur’en agedeelt huet, a wou ee net vu engem an deen anere Secteur fuere kann, mee gläichzäiteg goufen Opfang-Parkingen geschaf, den ëffentlechen Transport verbessert, Vëlosweeër ugeluecht, asw. An de Bilan ass positiv : den Autosverkéier huet ëm 20% ofgeholl!

D’Stad Esch wëll op dee selwechte Wee goen mat sengem neie Mobilitéitsplang dee lescht Joer virgestallt gouf.

Déi bescht Alternativ zum Auto bleift awer nach ëmmer de Vëlo wéi och d’Cargo-Bikes deen een ëmmer méi riets a lénks gesäit.

En « Haus vum Vëlo » steet och an de Startlächer zu Esch/Uelzecht. Do kann een an Zukunft laanscht goen fir säi Vëlo an d’Rei ze setzen, fir verschidden Accessoiren ze testen an och fir gutt Tipps ze kréien fir seng Deplacementer mam Vëlo !

Kontakt: info@dhausvumvelo.lu


Categories
Blog

Ernärung : sech fir de Wandel asetzen !

De Secteur vun der Liewensmëttelproduktioun ass een vun de gréissten Emittenten vun Zäregasen. Dofir ass et wichteg datt mer eis fir eng méi lokal landwirtschaftlech Produktioun asetzen déi am Respekt vum Planéit an der Ëmwelt schafft. Zougang zur Ernärung ass och e Mënscherecht, grad esou wéi anstänneg liewen kënnen och e Recht vun der Baueren ass (cf. déi international Accord’en déi Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet).

Zu Lëtzebuerg gi just 5% vum Uebst a Geméis wat hei konsuméiert gëtt och am Land produzéiert1, an 2023 gouf op just 6% vun den Agrarflächen eng biologesch Landwirtschaft bedriwwen (2). Déi industriell an urban Struktur vun Esch/Uelzecht maachen et immens schwéier fir grouss Agrarflächen ze schafen.

Et ginn awer trotzdeem interessant Initiativen zu Esch déi Liewensmëttel hierstellen wéi z.B. d’Gemeinschaftsgäert, e lokalen Hunnegproduzent, an de biologesche Geméisbau vum CIGL Esch. Trotzdeem bleift den Zougang zu enger gesonder Ernärung déi am Respekt vun de Baueren a vum Planéit steet eng grouss Erausfuerderung vun all lokaler Politik zur Upassung un de Klimawandel.

Wat mer méi lokal a biologesch Produit’en kafen wat och Demande fir dës Produit’en wäert an d’Luucht goen. Fir dëst ze ënnerstëtzen an nach auszebauen brauch et awer och zousätzlech eng ambitiéis Ernärungspolitik. Dat ka verschiddenst Formen unhuelen wéi z.B. d’Leit encouragéieren fir selwer Uebst a Geméis unzebauen (gëtt scho vill am Süden vum Land gemaach 3), lokaalt Geseems benotzen, d’Uleeën vun enger « ceinture verte » am Süden vum Land, an déi solidaresch Landwirtschaft ënnerstëtzen.



Categories
Blog

E « waarmt » Joer zu Esch !

Projet Metzschmelz, © Agora

2023 war dat wäermste Joer war jee gemooss gouf, an Ufanks 2024 hu mer fir déi alleréischte Kéier d’Limitt vun den 1,5° Grad Äerderwäermung op 12 Méint gekuckt iwwerschratt (1). D’Haaptursaach vun der globaler Äerderwäermung ass d’Akkumulatioun vun Zäregaser, an dofir hunn all Klima-Accord’en zum Zil d’Emissiounen vun dësen Zäregaser drastesch an esou schnell wéi méiglech ze reduzéieren. En éischt Zwëschenzil dat Lëtzebuerg sech an deem Sënn gesat huet ass et d’Emissiounen bis 2030 ëm 55% ze reduzéieren am Verglach mat 2005.

Um Gemengenniveau bestëmmt de « Klimapakt 2.0 » d’Klimapolitik andeems se d’Gemengen dozou undreift fir hir Zäregas-Emissiounen ze reduzéieren a fir Moossnamen ze ergräife fir sech un de Klimawandel unzepassen. D’Stad Esch wäert seng entspriechende Moossnamen Enn Abrëll wärend der zweeter Editioun vun den « Assises Climat » virstellen.

Eng Moossnam ass z.B. d’Gestaltung vun neie Quartieren wéi der Metzeschmelz wou d’Besoin’en vum Mënsch a vun der Natur am Zentrum : Opbereedung an Zweetnotzung vum Ofwaasser, Schafung vu Gréngflächen déi un dat zukünftegt Klima ugepasst sinn, Plangen vun Niddregenergiegebaier, Ausbau vu Foussgänger- a Vëlosweeër, gutt Ubannung un den ëffentlechen Transport, asw.

Eng Iwwersiicht vun all de Moossnamen kann een ab Enn Mäerz am Kader vun enger Expositioun entdecken déi op der Stadhausplaz wäert installéiert ginn. Duerno gi mer Iech Rendez-vous Enn Mee fir den éischte « Klima-Biergerforum » wou et drëms geet fir am Dialog mat der Stad Esch op den Impakt vun all dësen Upassungen op dat alldeeglecht Liewen vun de Leit an ze goen, a fir zesummen ze iwwerleeën wéi dës Upassungen konkret an de bestoende Quartier’en kënnen ëmgesat ginn.

Zu gudder Lescht organiséiert de « Collectif Citoyen pour le Climat » e Festival Enn Juni zu Esch wou verschidden Biergerinitiativen wäerte virgestallt ginn. Eng perfekt Geleeënheet fir zesummen ze kommen an ze beweisen datt Biergerbedeelegung an alle Beräicher méiglech ass, a fir och nei Leit ze motivéieren fir sech eiser Beweegung unzeschléissen !

  1. https://www.copernicus.eu/fr
  2. https://pacteclimat.lu/fr/acteur-engage


Categories
Uncategorized

Sech upassen ouni ze kapituléieren…dat ass méiglech !

Den Accord de Paris deen 2015 ugeholl gouf war en historesche Moment ! T’war fir déi alleréischte Kéier an iwwer 30 Joer Klimakonferenzen datt d’Weltgemeinschaft et fäerdeg bruecht huet sech op en ambitiéist a verbindlecht Zil ze eenegen : d’Emissioune vun den Zäregaser solle staark reduzéiert ginn fir esou déi global Äerderwäermung op 1,5° Grad ze begrenzen am Verglach mam preindustriellen Niveau.

Allerdéngs sinn d’Zäregas-Emissiounen vun do un stänneg weider an d’Luucht gaangen, a se hunn 2023 esou guer en neien historeschen Niveau erreecht. Dës steigend Trajectoire vun den Emissiounen gëtt mëttlerweil als ondrobar vun der Wëssenschaft bezeechent, a virun allem ass et an hiren Aen net méi méiglech fir d’Äerderwäermung op 1,5° Grad ze begrenzen. (1)

D’Resultat dovunner ass datt de Klimawandel sech mat enger Rekordvitess verschäerft an datt d’Konsequenzen ëmmer méi spierbar sinn : Hëtztwellen, Bëschbränn, Dréchenten, Staarkreen, Iwwerschwemmungen, Verloscht vun der Biodiversitéit, Réckgang vun de landwirtschaftlechen Erträg, asw.

Et gëtt also déck Zäit fir sech un de Klimawandel un ze passen, well Nee, et ass net méi méiglech fir en ze stoppen. Et ass awer wuel nach méiglech fir en ofzeschwächen, also heescht et de Kapp net an de Sand stiechen !

Allerdéngs geet et net duer fir dem technologesche Fortschrëtt blann ze vertrauen, an och net fir just nach « gréng » ze konsuméieren. Fir e reellen Impakt ze hunn muss de Kampf géint d’Ursaache vum Klimawandel verstäerkt ginn, an et däerf een net fäerten fir sech der Realitéit ze stellen.

An d’Realitéit ass datt mer eis Konsumgewunnechten upassen a reduzéiere mussen – an dat ass méiglech ! Huele mer d’Beispill vun de Jonken : déi fueren haut ëmmer manner mam Auto, se iessen ëmmer manner Fleesch, se dinn Kleeder aus zweeter Hand un, asw.

An d’Realitéit ass och datt mer fossil an nuklear Energië lassginn mussen – an dat ass méiglech ! Huele mer d’Beispill vun Éisträich dat haut schonn 2/3 vu sengem Energiebedarf mat erneierbaren Energië ofdeckt. (2)

Schlussendlech ass d’Realitéit awer och datt mer fortkomme musse vun der linearer Ekonomie – an datt ass och méiglech ! Huele mer d’Beispill vun Esch/Uelzecht wou eng sëllegen Acteur’en scho säit Jore Projete bedreiwen déi der Logik vun der Kreeslafwirtschaft entspriechen, dat esou wuel op Säite vun der ëffentlecher Hand (d’Stad Esch selwer, de SIVEC, etc.) wéi och op der Säit vun der Zivilgesellschaft (Transition, CIGL Esch, Transition Minett, Centre Formida, FerroForum, asw.)

Als dës Beispiller sinn de Beweis datt et méiglech ass sech un ze passen ouni ze kapituléieren, fir d’Leit a mat de Leit, an dat op allen Niveau’en vun eiser Gesellschaft !

Eric Weirich

mat der Ënnerstëtzung vum Eric Lavillunière


  1. https://reporterre.net/Limiter-le-rechauffement-a-1-5-oC-Trop-tard-affirment-mille-scientifiques
  2. https://theshiftproject.org/wp-content/uploads/2023/05/Rapport_SYR_AR6_v1.pdf
  3. https://ec.europa.eu/eurostat/statistics-explained/index.php?title=Renewable_energy_statistics&action=statexp-seat&lang=fr