Categories
Blog

Ernärung : sech fir de Wandel asetzen !

De Secteur vun der Liewensmëttelproduktioun ass een vun de gréissten Emittenten vun Zäregasen. Dofir ass et wichteg datt mer eis fir eng méi lokal landwirtschaftlech Produktioun asetzen déi am Respekt vum Planéit an der Ëmwelt schafft. Zougang zur Ernärung ass och e Mënscherecht, grad esou wéi anstänneg liewen kënnen och e Recht vun der Baueren ass (cf. déi international Accord’en déi Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet).

Zu Lëtzebuerg gi just 5% vum Uebst a Geméis wat hei konsuméiert gëtt och am Land produzéiert1, an 2023 gouf op just 6% vun den Agrarflächen eng biologesch Landwirtschaft bedriwwen (2). Déi industriell an urban Struktur vun Esch/Uelzecht maachen et immens schwéier fir grouss Agrarflächen ze schafen.

Et ginn awer trotzdeem interessant Initiativen zu Esch déi Liewensmëttel hierstellen wéi z.B. d’Gemeinschaftsgäert, e lokalen Hunnegproduzent, an de biologesche Geméisbau vum CIGL Esch. Trotzdeem bleift den Zougang zu enger gesonder Ernärung déi am Respekt vun de Baueren a vum Planéit steet eng grouss Erausfuerderung vun all lokaler Politik zur Upassung un de Klimawandel.

Wat mer méi lokal a biologesch Produit’en kafen wat och Demande fir dës Produit’en wäert an d’Luucht goen. Fir dëst ze ënnerstëtzen an nach auszebauen brauch et awer och zousätzlech eng ambitiéis Ernärungspolitik. Dat ka verschiddenst Formen unhuelen wéi z.B. d’Leit encouragéieren fir selwer Uebst a Geméis unzebauen (gëtt scho vill am Süden vum Land gemaach 3), lokaalt Geseems benotzen, d’Uleeën vun enger « ceinture verte » am Süden vum Land, an déi solidaresch Landwirtschaft ënnerstëtzen.