Categories
Blog Interview

Esch/Uelzecht, eng Modell-Stad vun der ökologescher Transitioun

Interview mam Meris Sehovic, Schäffen vun der Stad Esch, e.a. zoustänneg fir d’Ëmwelt an d’Mobilitéit

Wou kënnt äert Interessi fir d’Ekologie hier ?

Mäin éischte Kontakt mam Thema Ekologie war ëm 2008/2009 wéi meng Mamm mer de Film « An unconvenient truth » vum Al Gore gewisen huet. Fir vill Leit vu menger Generatioun war deen Documentaire ausschlaggebend fir d’Ausmoossen a virun allem d’Gefore vum Klimawandel ze verstoen. Nom deem brutalen Erwächen hunn ech nach den Dag selwer eng Memberskaart bei déi Gréng geholl, an ech engagéiere mech vun deem Moment un fir d’Wuel vun de Mënschen a vun eisem Planéit.

Am Mee fënnt déi 2. Editioun vum Klima-Biergerforum statt, wou d’Leit sech mat Experten iwwer verschidden Ëmweltthemen ënnerhale kënnen. Wéi eng Roll spillen an ären Aaen d’BiergerInnen um Wee zu enger méi nohalteger Stad ?

Klimafrëndlech liewen bedeit hautdesdaags en extra Effort maachen an en zousätzleche finanziellen Opwand fir d’Leit. Ech wënsche mer datt dat an d’Zukunft d’Norm a fir jiddereen zougänglech ass, dofir ginn ech systeemesch un déi Saach erun.

Fir e konkret Beispill ze ginn : mer lancéiere geschwënn e Projet fir « Balkonkraftwerke » ze installéieren déi generéis subsidéiert ginn, a wou d’Leit sech ëm näischt këmmere mussen. Dat nennen ech Demokratiséierung vun der energeetescher Transitioun

Also amplaz ze versiche fir d’Leit ze erzéien fir datt se sech klimafrëndlech verhalen – wat net d’Roll vun de Politiker ass – versiche mer d’Leit u Bord ze kréie mat esou immens zougänglechen Offeren.

A fir d’Leit ze mobiliséieren ass et wichteg fir mat de Leit zesummen ze schaffen. Dofir sinn och déi Evenementer wichteg wéi d’Klimawoch, wou mer d’Leit iwwert eis Prioritéiten a Projeten informéieren, oder wéi de Klima-Biergerforum, wou mer eis mat de Leit iwwert eis Klimapolitik austauschen.

Nieft dësen Evenementer wou et virun allem ëm den Austausch zu Klimafroen geet, bitt d’Stad Esch aktuell scho konkret Bäihëllefen un fir de BiergerInnen d’ökologesch Transitioun ze vereinfachen ?

Fir d’Klimakris efficace ze bekämpfe muss op allen Niveaue gehandelt ginn. A fir d’Leit mat anzebannen muss een um lokalen Niveau agéieren, d.h. um Niveau vun enger Gemeng. Dofir bitt d’Stad Esch haut schonn eng ganz Rei finanziell Hëllefe un fir d’Transitioun zu engem méi klimafrëndleche Liewen ze vereinfachen, besonnesch an de Beräicher Mobilitéit, Kreeslafwirtschaft an Energieeffizienz.

A fir mam gudde Beispill virzegoen hu mer eng Rëtsch Projeten um Start fir verschidde Plazen am Zentrum vun Esch ze entsigelen. Op dëse Plaze sollen nei Gréngflächen oder Waasserflächen entstoe fir besser op d’Erwiermung vun eiser Stad ze reagéieren.

A well all Gréngfläch zielt schaffe mer och grad u neie Subsiden fir d’BiergerInnen fir hiert Doheem méi ökologesch ze gestallten. Dat kann och eng Entsigelung sinn (z.B. e Schottergaart an eng Wiss ëmwandelen), Begréngung vum Daach oder der Fassade, oder wann een eenheemesch Planzen oder Blummen planzt déi gutt sinn fir d’Biodiversitéit.

Wat ass Är Visioun fir d’Stad Esch fir hir zukünfteg ökologesch Entwécklung?

Ech sinn iwwerzeegt, datt d’Stad Esch de perfekte Mikrokosmos vun engagéierte BiergerInnen an Associatiounen huet, déi aktiv an der ökologescher an der sozialer Transitioun sinn, fir d’Haaptstad vun der Transitioun am Land kënnen ze ginn. Ech denken do z.B. un Associatiounen wéi Transition Minett, CIGL Esch, Ensemble Quartiers Esch, d’Haus vum Vëlo, Esch Biken, a vill anerer.

Do knäppt och meng Visioun un fir déi éischt klimaneutral Gemeng am Land ze ginn, wat a mengen Aen de Leit an der Ëmwelt zegutt kënnt. Fir dat ze erreechen komme mer Konzepter an de Kapp wéi d’Stad vun de 15 Minutten, e komplett a séchert Vëlosnetz, den Ausbau vun der grénger Stroumproduktioun zu Esch, Plazen wou d’Leit sech treffen an austausche kënnen – alles Projeten déi mat an am Interessi vun der Leit sollen ëmgesat ginn.

Merci Här Sehovic fir dëse spannenden Austausch !

Categories
Blog

Léiert är Produzenten kennen – André Zewen, e Bio-Nossbauer iwwert d’ökologesch Erausfuerderungen

Léiert den André Zewen kennen, deen eis bei enger Visite vu senger Noss-Produktioun, déi hien säit 42 Joer leet, seng Visioun erkläert vun enger Landwirtschaft déi am Aklang mat der Natur funktionéiert. Och wann dëst Joer besonnesch schwiereg war, mat enger Recolte déi nëmmen hallef esou héich ausgefall ass wéi soss, bleift den André sengen Iwwerzeegungen trei: biologesch a qualitativ héichwäerteg produzéieren an dobäi d’Biodiversitéit schléissen sech net aus.

Sech un de Klimawandel upasse mat enger resilienter Landwirtschaft
De Kanton Veianen ass historesch bekannt dofir gutt gëeegent ze sinn fir den Ubau vun Nëss. Dës Traditioun geet op d’Joer 1934 zréck wou den éischte Veiner Nëssmaart organiséiert gouf, an deen haut de wichtegste Rendez-vous vum Joer ass fir all Nossproduzent. T’ass och hei, méi genee zu Furen, wou den André Zewen säin Nosshaff huet, an deem seng Produite mer och an der Epicerie vun der MESA verkafen. 

Den André erzielt eis datt d’Nëss-Recolte dëst Joer am Kanton just 10% vum üblechen Ertrag erreecht huet. Seng eege Recolte loung och just bei 6 vun de soss 10 Tonnen déi hien d’Jore virdrun ageholl huet. No engem ze naasse Wanter huet de Fréijoersfrascht d’Knospen beschiedegt, an déi dréche Summere vun de Jore virdrun hunn d’Beem geschwächt. « Mer liewen an enger Transitiounsphase. Munch Zorten resistéieren dem Klimawandel besser wéi anerer, mee mer mussen awer léieren wéi mer eis Planzen an Zukunft besser schütze kënnen ». 

Dobäi kënnt datt d’Erausfuerderungen sech heefen, dofir ass et fir den Andrée wichteg seng Produktioun méiglechst breet op ze stellen. D’Recolte gëtt z.B. op 3 Wochen gestreckt wat d’Verloschter am Fall vun extreme klimateschen Evenementer limitéiert. Mee de Klimawandel mécht d’Saachen ëmmer méi komplex. « Wéi ech Ugangs den 80’er Joren ugefaangen hunn waren déi Zorten déi ech geplanzt hunn un d’Klima vun hei ugepasst. Mat den Temperaturen, déi ëmmer méi an d’Luucht ginn, gëtt haut awer villes op d’Kopp geheit. Mer musse léieren domadder ëmzegoen an eis unzepassen ». Mee och no dësem méi schwierege Joer gëtt den André net op. “Et goufen ëmmer gutt a schlecht Joren, wat awer haut geschitt ass anescht. D’Natur ännert sech, a mir mussen eis mat hir änneren ».

Bio : e logeschen an engagéierte Choix

Op sengen 23 Hektar, wou 1150 Nësserten stinn déi den André selwer gesat huet, komme keng chemesch Produiten an den Asaz. Net emol Koffer, och wann deen an der biologescher Landwirtschaft erlaabt ass. Dëse Choix geet Hand an Hand mam André senge globalen Ziler : seng Schof schützen, d’Qualitéit vum Buedem erhalen a gesond Produiten hierstellen. Den Tri per Hand ass dann och d’Garantie datt nëmmen Nëss vun héichwäerteger Qualitéit zu Nossueleg gepresst ginn, deen immens geschat gëtt vun de Leit, wéi och vun de Biohändler. 

Fir den André ass Bio keng kommerziell Strategie, mee eng Evidenz.

« Bio ass keng Ideologie. Et ass verstanen ze hunn wéi d’Liewen funktionéiert. Menger Meenung baséiert eis ganz Ekonomie op der Natur : wa mer déi futti maachen, da maache mer alles futti. Dofir ass fir mech de Schutz vun der Natur eng Investitioun an d’Zukunft ». Fir hien ass biologesch ze produzéieren eng Saach vu Respekt a Verständnis vum Liewegen. « Mer kéinten natierlech méi produzéiere mam Asaz vu chemeschem Dünger oder mat engem Bewässerungssystem, mee wat wier de Präis dofir ? Dat géing just d’Beem schwächen, an Dieren grouss opmaache fir Kränkten ». 

A senger Approche huet d’Natur Virrang virum Ertrag, an all Etapp vun der Produktioun ass esou ausgeluecht datt den Impakt op d’Ëmwelt méiglechst kleng ass. D’Nëss gi gewäsch an un der frëscher Loft gedréchent, ier se dann zu qualitativ héichwäertegem Ueleg gepresst ginn. Zousätzlech zum Ueleg valoriséiert den André och all Facettë vun der Noss. Nieft frëschen Nëss, déi net vill gefrot si well se sech net laang halen, ginn et och gedréchent Nëss, déi méi gefrot si well se sech méi laang halen. Den Ueleg, fir säin Deel, ass immens beléift wéinst sengem subtille Goût a senge gesonden Eegenschaften. Doduerch datt d’Nëss an engem natierleche Prozess zu Ueleg verschafft gi bleiwen och d’Ernährungsvirdeeler vun der Fruucht erhalen. Den Nossueleg ass räich un Omega 3 a 6, an d’Verhältnis tëscht Omega 6 an Omega 3 ass quasi perfekt (et läit bei 5). Den Nossueleg kann och dobäi hëllefe fir de schlechte Cholesterol am Kierper ze reduzéieren. 

Den André Zewen verkierpert eng Visioun vun enger nohalteger Landwirtschaft, wou d’Produktivitéit net iwwert de Respekt vum Liewegen gestallt gëtt. An engem Kontext, wou de Klimawandel alles op d’Kopp stellt, mécht engem dem André säin Asaz fir d’biologesch Landwirtschaft an d’Biodiversitéit Hoffnung. Wann hien och mol Géigewand kritt bleift hien senger Missioun trei : e liewege landwirtschaftleche Patrimoine an aussergewéinleche Produiten hannerloossen. « Bio ze produzéieren ass méi wéi eng perséinlech Iwwerzeegung. Et ass e Versprieche fir zukünfteg Generatiounen.» 

Dem André seng Rotschléi

Nossueleg passt ganz gutt bei Mauséiercherszalot, Andéiwenzalot oder bei roude Kabes. 

Et ass en delikaten Ueleg deen net erhëtzt soll ginn. Gedréchent Nëss sollen ob eng killer an dréchener Plaz gelagert ginn, wärend den Ueleg soll am Frigo versuergt ginn (gutt zoumaachen no all Gebrauch). Wann e richteg gelagert gëtt kann en sech annerhalleft Joer halen.

Weider Informatiounen fannt der um Andér Zewen sengem Site: https://www.zewen.lu

Categories
Blog Circular Economy végan

Portraite vun engagéierte Bierger

Entdeckt d’Portraite vu sechs Bierger, déi um ökologeschen Transitioun zu Esch-Uelzecht involvéiert sinn.
Dës inspiréierend Fräiwëlleger bedeelegen aktiv un verschiddene Projete gefouert vum Transition Minett, an droen dozou bäi, eng méi nohalteg Zukunft fir hir Gemeinschaft opzebauen. Trefft se duerch dës Zeienaussoen an verdéiwen an hir variéiert Initiativen, déi Ännerung bréngen.

Engagement a Passioun : Renconter mam Céline a mam Jonathan vum Haus vum Vëlo um Belval

T’ass an der Guar um Belval wou d’Haus vum Vëlo doheem ass, a wou mer d’Céline an den Jonathan treffen. Dës zwee Vëlos-Begeeschtert gi vill vun hirer Fräizäit fir aner Leit d’flécken vu hirem Vëlo bäizebréngen, an se esou autonom ze maachen falls nees eppes futti fiert.

D’Céline wunnt säit 3 Joer zu Esch a schafft als Ingenieurin am Beräich vun der Loftqualitéit an der Agrikultur. Den Jonathan dogéint wunnt säit 4 Joer zu Esch a schafft als Programmateur am Informatikberäich. Fir d’Céline ass de Benevolat eng Manéier fir nieft dem Beruff weider léieren an ze deelen, a fir den Jonathan ass d’Beweegung an de Kontakt mat de Leit eng gutt Ofwiesslung no engem ganzen Dag op der Schierm kucken um Büro.

Wéi ass de Projet entstanen ?

Et war wärend der éischter Reunioun vum Klima-Biergerkollektiv am Dezember 2022, déi vun Transition Minett organiséiert gouf, wou sech d’Céline an den Jonathan déi éischte Kéier begéint sinn. Dës zwee passionéiert vum Vëlossport a vun den Erausfuerderungen vun der doucer Mobilitéit hunn dee Moment zesumme mat anere Benevollen – e.a. aus der Vélorution – decidéiert, dat éischt Haus vum Vëlo am Land ze schafen.

« Mer hu festgestallt datt et e grousse Besoin zu Esch gëtt fir Vëlo’en ze flécken, an du koum d’Iddi op fir eng Plaz ze schafe wou jiddereen dat léieren kann » erkläert d’Céline.

En Engagement mat ville Erausfuerderungen, an dat Freed mécht

Eng grouss Hürd fir d’Haus vum Vëlo war et e Lokal ze fannen. Mee Dank hirem Asaz an enger breeder Ënnerstëtzung ass et awer gelongen de Projet ze lancéieren. « Elo gëllt et de Projet ze stäerken, mee dat brauch seng Zäit, Energie, a virun allem méi Benevoller an eng finanziell Ënnerstëtzung » ënnersträicht de Jonathan.

Trotz dësen Erausfuerderungen beschreiwen se hiren Engagement als beräicherend. « Mer léieren immens vill, nei Frëndschaften entstinn, a mer deelen eenzegaarteg Moment mat alle méigleche Leit » deelt d’Céline eis begeeschter mat, a nennt zum Beispill eng Sortie mam Vëlo zesumme mat der Mobilitéitsministesch. D’Unerkennung an d’Laachen vun deenen ze gesinn, déi et fäerdeg bréngen hire Vëlo ze flécken, ass déi beschte Belounung déi mer eis fir eisen Asaz virstelle kënnen”, füügt de Jonathan derbäi.

An engem nächste Schrëtt fir d’Haus vum Vëlo géingen d’Céline an den Jonathan gären thematesch Atelier’en ubidden, Vëlo’en verlounen, oder och nach second-hand Vëlo’en bauen.

Dem Jonathan no ass et net nëmmen eng Fro vu Vëloen, et ass och e Wee fir d’Mobilitéit ze iwwerdenken, a fir eisen ökologesche Foussofdrock ze reduzéieren a fir sech mat aneren ze vernetzen . Fir déi, déi nach zécken, huet d’Céline e Rot :”Waart net bis der Expert sidd. Dat wichtegst ass et Loscht hunn ze léieren a sech ze engagéieren”. An de Jonathan füügt bäi: “Dir wësst net wéi vill der erreeche kënnt wann net net domat ufänkt.”

D’Haus vum Vëlo steet fir eng konkret ökologesch Transitioun, déi vun normale BiergerInnen mat aussergewéinlechen Iddi’en gedroe gëtt. Dank de Benevollen wéi dem Céline an dem Jonathan gëtt d’Beweegung ronderëm douce Mobilitéit zu Esch ëmmer méi grouss.

Fir weider Informatioun iwwert d’Haus vum Vëlo : www.hausvumvelo.lu

Marie, e Liewen fir d’Mënschen- an Déiererechter

Bestuet a Mamm vu 4 Kanner erzielt d’Marie eis vu senger räicher Erfarung als engagéiert Biergerin. Nieft sengem Beruff als Psychologin ass hatt och bei der Associatioun « Naledi » aktiv wou Kanner aus Südafrika zur Adoptioun vermëttelt. Hatt begleet déi zukünfteg Elteren beim éischten Treffen, an encadréiert se och no der Adoptioun hei zu Lëtzebuerg.

D’Marie investéiert seng Zäit an Energie fir Saachen déi him um Häerz leien, a virun allem fir Mënschen- an Déiererechter. Säit zwee Joer ass hatt och an der MESA aktiv, z.B. am CCC-Grupp «vegan kachen » wou hatt lecker Rezepter deelt.

«Ech wëll d’Welt veränneren, an esou bal ech d’Pensioun hunn wäert ech mech nach méi engagéieren ». Hatt schafft och op humanitäre Projet’en am Uganda, wéi z.B. dem Erriichte vun Toiletten, an hatt leescht och eng psychologesch Ënnerstëtzung fir politesch Prisonéier an der Türkei andeems hatt hinne Bréiwer schéckt. Hatt erzielt eis vun enger witzeger Anekdot : « ech hunn ëmmer rout Telefonen op meng Bréiwer gepecht – en Zeeche vun der Resistenz – mee déi goufen ëmmer vun de Sécherheetsleit refuséiert. Si hu gefaart dat kéint e verstoppte Message sinn ».

E markante Liewenswee

Dem Marie säi Wee gouf vu verschiddene Schlësselmomenter gepräägt. Een dovunner war wéi hatt sech mam Leiden vun den Déieren an der Mëllechindustrie auserneen gesat huet, an dorops hin mat senger ganzer Famill vegan ginn ass. « Eng Kou ze gesinn déi hiert Kallef wechgeholl kritt fir datt mir Mëllech drénke kënnen war e Schock fir mech ! Gutt datt et haut vill Alternativen zur Mëllech ginn ». D’Marie géing gär an Zukunft Atelier’en fir vegaant kachen ginn an der MESA, an och mol e vegane Brunch fir Flüchtlingen organiséieren. Dës Iddi’en ënnersträichen säi Wonsch fir Leit beieneen ze bréngen a fir méi nohalteg ze liewen.

D’Marie kennt d’MESA scho méi laang well reegelméisseg do ësst mat sengem Mann. Den Déclic fir méi aktiv ze ginn koum wärend engem Event wou Amnesty International do organiséiert huet, a wou hat aner vegan Leit kennen geléiert huet.

Mat senger Energie a konkrete Projet’en ass d’Marie eng Inspiratioun fir vill anere Leit, an den Engagement ass fir hatt eng perséinlech an och kollektiv Aventure. Dofir encouragéiert hatt och all Mënsch fir aktiv ze ginn : « Waart net. Et sinn d’Mënschen a kleng Gesten déi d’Welt änneren an déi den Ënnerscheed maache kënnen ». Hatt ënnersträicht och datt ee keen Expert muss sinn. « Et léiert een alles iwwert dem Maachen ». Sech engagéieren huet dem Marie immens vill bruecht : gutt Frëndschaften, vill Freed, an d’Iwwerzeegung datt all Geste zielt.

Hutt dir Loscht et dem Marie nozemaachen an iech fir eng besser Welt anzesetzen ? D’MESA an déi verschidden Initiativen empfänken iech mat oppenen Äerm !

D’Véro a säin Engagement fir de second-hand

D’Véro, 32 Joer al, Educatrice an der Ausbildung a gebierteg vu Stroossen, erzielt eis iwwert säin Engagement bei Transition Minett (TM). Niewt dem Pilates an dem Yoga interesséiert hatt sech scho méi laang och fir ökologesch Themen. Hatt huet och eng kreativ Oder, a mer hunn eis mat him ënnerhalen um « anere Chrëschtmaart » deen TM mat den Awunner aus dem Quartier organiséiert huet, a wou d’Véro mat senger Mamm en Second-Hand Stand gemaach huet.

D’Véro ass säit 10 Joer a verschiddenen Associatiounen aktive. Säin éischte Kontakt mat TM war wärend engem vide-dressing dee mer op der Brillplaz organiséiert haten. Do ass och seng Begeeschterung fir de second-hand entstanen, a vun do hunn ënnerstëtzt hatt TM bei der Organisatioun vun esou Evenementer. « Wann der eppes Freed mécht da fënns du och déi néideg Zäit dofir. An t’ass genial datt ëmmer nei Leit dobäi kommen ! » esou d’Véro.

D’Véro definéiert sech als engagéiert Biergerin : « ech hunn ëmmer Loscht méi ze maachen ». Well a Punkto ökologeschem Engagement zu Stroossen net esou vill lass ass huet hatt decidéiert bei TM zu Esch aktiv ze ginn.

Hatt schätzt virun allem d’Convivialitéit beim TM. « Mir hëllefe géigesäiteg, mir deelen Aufgaben, an alles gëtt a gudder Stëmmung gemaach. Wann ee keng Zäit huet, ass dat guer kee Problem. Jidderee mécht säi Bescht.”

Fir d’Véro heescht sech engagéiere wäit méi wéi just vu senger Zäit hierginn. Hatt fënnt do Freed, Unerkennung, an d’Méiglechkeet bäi ze léieren an aner Saachen ze gesi wéi just seng Aarbecht. “Ech hu geléiert mech besser ze organiséieren, flexibel ze sinn a Léisungen ze fannen.”

D’Véro dreemt dovunner datt d’vide-dressings méi populär ginn, an datt d’Virurteeler iwwert de second-hand esou zréck ginn. An Zukunft kéinten esou Evenementer jee no Saison a Besoin’en vun de Leit organiséiert ginn. « De second-hand misst méi beléift sinn ; t’ass eng positiv Aktioun fir eise Planéit ».

De Véro invitéiert jidderee fir sech fir d’Ëmwelt an ze setzen a senger Gemeng, an datt ee keng Angscht soll hunn fir sech ze lancéieren. « Et muss een keen Expert sinn. Mat der Zäit léiert ee schonn alles ».

Hatt seet Transition Minett a virun allem dem Camille merci. E grousse Merci geet och u seng Mamm déi him bei alle Stänn eng Hand mat upaakt.

Maacht et wéi d’Véro : Engagéiert iech bei TM fir esou zur ökologescher a sozialer Transitioun bäizedroen !

Sech an der Pensioun engagéieren

Mat 63 Joer verbréngt de Guy, Papp vun zwee Meedercher an och Grousspapp, begeeschterte Knécheler an Hobbyfotograf, seng Pensioun als engagéierte Bierger, dee sech all Dag fir eng méi nohalteg Welt asetzt.

De Guy setzt sech esou wuel fir seng Heemechtsstad wéi och fir d’Ëmwelt an. Fir hien geet Engagement wäit iwwert individuell Gesten eraus : « Als Kand sinn ech net wäit vun engem Bësch grouss ginn, an déi Proximitéit mat der Natur huet mech fir ëmmer markéiert . Hautdesdaags ass d’Natur fir mech als Hobbyfotograf déi gréissten Inspiratioun. Fir d’Schéinheet vun der Natur fir meng an all Kanner an Enkelkanner ze erhalen hunn ech decidéiert aktiv ze ginn, an ech wëll mäi Wëssen un nächst Generatioune weiderginn.

De Guy ënnersträicht datt Ännerungen Zäit brauchen. « Dat geschitt net innerhalb vun 10 Deeg, an och mol net innerhalb vun 10 Joer. Dat brauch eben seng Zäit ».

Knéchelen egal wéi al een ass

Viru senger Pensioun hat de Guy keng Zäit fir se knéchele wéinst sengem Beruff a senger Famill. Mee 2018 huet de Guy sech awer lancéiert, an heen ass bis haut mat grousser Freed dobäi. « All Projet ass en Challenge : en Tirang, eng hëlze Figur, kleng Saachen hei an do flécken. Haaptsaach ech léieren eppes dobäi ».

De Guy ass am Moment e puer Deeg d’Woch am Facilitec aktiv. « Ech hunn dëse partizipativen Atelier duerch mäin Eedem entdeckt, an ech war direkt begeeschtert vum Projet wou et ëm Kreativitéit, Ëmweltschutz a sech géigesäiteg hëllefe geet ».

Duerch säin Engagement gesäit de Guy d’Welt haut mat aneren Aen. « Ech si méi kritesch ginn, an ech hunn och geléiert datt dat Neit engem oft Angscht mécht. Mee mat der Zäit a vill diskutéieren mat aneren Engagéierten hunn ech geléiert datt et wichteg ass oppen ze sinn fir nei Saachen a fir sech ze engagéieren ass ».

Eng Inspiratioun fir zukünfteg Generatiounen

De Guy dreemt vun engem intergenerationelle Projet. « Ech dreem vun engem Atelier wou verschidde Generatiounen u Projet’en schaffen ». An hie géing seng Passioun och gär u seng Kanner weiderginn. « Ech hunn d’Chance Enkelkanner ze hunn, a mat hinnen nach eng Kéier dat erliewen ze kënnen wat ech mat menge Kanner erlieft hunn. An d’Kanner sinn eis Zukunft. Firwat net mat hinnen zesummen u kreative Projeten schaffen ? Si hunn eng Visioun vun der Welt wou och Erwuessener inspiréiere kënnen ».

Fir de Guy ass d’Geheimnis déi néideg Motivatioun ze hunn. « Et kann ee keen zwéngen fir sech ze engagéieren. Mee et ass awer wichteg aktiv ze bleiwen als Senior soss ass ee schnell isoléiert. Den Atelier gëtt mer Motivatioun an Disziplin fir all Dag opzestoen ».

De Guy ass e ganz gutt Beispill datt een sech an all Alter nach engagéiere kann a soll, an datt et och e Liewen nom Beruffsliewen gëtt, an datt et och ni ze spéit ass fir eppes neit ze léieren resp. fir aktiv ze ginn.

Den Atelier am Facilitec ass all Dag vu Méindes bis Freides op, an och de leschte Sonndeg am Mount. D’Ëffnungszäiten fannt der op eisem Site. Dir kënnt eis och schreiwen opatelier@transiiton-minett.lu

Räim ubidden fir d’Gemeinschaftsbildung : En Echange mam Sraboni

Mer treffen d’Sraboni am Gemeinschaftsgaart zu Lalleng wou hatt als Benevole aktiv ass. Gebierteg aus Indien, wunnt hatt elo säit 6 Joer zu Esch. Mamm vun engem klenge Kanner verbréngt hatt vill Fräizäit an dësem Gaart fir dorauser eng richteg Gemeinschaft ze maachen. Mat senger Energie a Passioun dréit hatt och zur Ännerung vum Quartier bäi fir dorauser eng Plaz fir jiddereen ze maachen.

De Besoin fir sech ze connectéieren

Wéi d’Sraboni zu Lëtzebuerg ukomm ass ass et him wéi vill aneren Expats ergaangen : hatt hat ze kämpfen mat der Sproochebarrière, a fir sech zu Recht ze fanne. Dofir ass säin Engagement vill méi wéi eng banal Aktivitéit. « Wéi ech zu Lëtzebuerg ukomm sinn hat ech mat villen Hürden ze kämpfen wéi d’Sprooch oder wäit fort ze sinn vu menger Famill. De Gemeinschaftsgaart huet mer an där schwéierer Zäit gehollef. Ech konnt do net nëmmen mäi franséisch verbesseren, ech hunn do och eng zweet Famill fonnt » erkläert eis d’Sraboni.

« D’Leit aus dem Gaart wéi z.B. d’Françoise, eist Eelst mat 82 Joer, sinn zu engem wichtegen Deel a mengem Liewe ginn ». Sraboni ënnersträich och datt de Benevolat net nëmmen en altruisteschen Akt ass : et ass eng perséinlech Rees déi et eis erlaabt Brécke tëscht Individuen ze bauen, de Sënn fir d’Gemeinschaftsliewen ze entwéckelen, an eben heiansdo eng zweet Famill ze fannen. Sraboni huet de Gaart iwwert e Kolleeg vu sengem Mann entdeckt. Den Numm vum Gaart ass him no och perfekt gewielt (quatre coins du monde) wéinst der Diversitéit vun de Leit déi do zesumme kommen.

D’Sraboni ass och eng grouss Verfechterin vun der Biergerbedeelegung. Säin Engagement huet mam bescheidene Wonsch ugefaange fir säi franséisch ze verbesseren a fir nei Leit kennen ze léieren, mee ech hunn sech mat der Zäit gewandelt an ass haut de Motor vun hirer Gemeinschaft. Nieft den Erausfuerderungen ass d’Benevolat fir d’Sraboni awer och ee Wee fir mat der Natur a Kontakt ze sinn : « Ech hu geléiert datt mer all dee selwechte Besoin hunn fir sech mat anere Leit ze connectéieren, egal wou een hier kënnt ». Och wann et mol schwéier ass fir d’Leit längerfristeg fir hire Projet ze mobiliséieren ass dem Sraboni säin Engagement awer eng beräicherend Erfarung fir hatt.

Säi Rot un d’Leit déi zécken ? « Maacht einfach ! Well wann der iech net traut, da wäert der ni erausfannen zu wat der fäeg sidd ». Hatt ass och dovunner iwwerzeegt datt Benevolat engem perséinlech wéi och enger Gemeinschaft gutt deet. An hatt hoffen och weider Leit ze inspiréieren mam Projet « Casa Lallange ». Ofschléissend réit d’Sarboni nach « net ze laang ze waarden an sech vu kengem ofhalen ze loossen ».

Casa Lallange soll e Quartiershaus ginn fir d’AwunnerInnen vu Lalleng wou d’Konzept am Februar 2025 wäert präsentéiert ginn.

Youngsub, 26 Joer al, an engagéiert fir eng besser Welt

De Youngsub ass Student vu 26 Joer a kënnt gebierteg aus Südkorea, an hee mécht am Moment e Stage als date scientist. No engem Passage zu Esch wunnt hien haut zu Beetebuerg. Säin Engagement bestécht duerch seng Visioun vun enger méi solidarescher Zukunft.

Ob d’Fro hin ob de Youngsub sech als engagéierte Bierger gesäit äntwert heen ganz bescheiden : « ech géing soen e bëssen. Meng Prioritéit läit um Schutz vu menger Famill a vun eisem Planéit. Dofir versichen ech mech an ze setzen wéi ech kann, an zu enger besserer Welt bäi ze droen ». Och wann heen oft bis spéit owes schafft versicht heen awer op d’mannst zwou Stonnen d’Woch aktiv ze sinn als Benevole. « T’ass alles eng Saach vun der Organisatioun » erkläert heen eis.

Vum Mentoring zum Gaart

Dem Youngsub säin Engagement huet domadder ugefaangen datt hien anere Studenten an der Mathé gehollef huet. Säit kuerzem ass heen och an engem Gaart aktiv, wou hien seng Virléift fir d’Kachen domadder verbanne kann méi gewuer ze ginn wou eis Iesswueren hierkommen. « Ech hunn am Juli domadder ugefaangen. Ech hunn näischt dovunner kann a léieren dofir Schratt fir Schratt bäi ». D’Gäertneren bedeit fir hien eng gewëssen Autonomie ze erreechen wat d’Ernärung ugeet, an zur Gemeinschaft ronderëm de Quartiersgaart Breedewee bäizedroen.

Erausfuerderungen a Léieren

Wéi vill aner Leit huet och de Youngsub am Ufank gezéckt. « Sech eng éischte Kéier engagéieren war net einfach. Et huet een e wéineg Angscht virun der Verantwortung an deem Effort wou dat bedeit. Mee esou bal een dobäi ass mierkt ee schnell datt Benevolat och Spaass maache kann, esou guer méi wéi eng Serie op Netflix kucken ».

Hien huet och vill praktesch Saachen bäigeléiert, wéi z.B. alles ronderëm de Gaart : « ech hunn vill einfach mee awer wichteg Saachen geléiert, wéi z.B. Hecken schneiden oder wéi een de Buedem ënnerhält ». Um mënschleche Plang ënnersträicht hien d’Freed fir anere Leit kennen ze léieren a mat hinnen déi selwecht Wäerter ze deelen. « Dat bedeit mer ganz vill fir aner Leit ze treffen déi sech och fir eng besser Welt asetzen ».

Fir déi déi nach zécken réit de Youngsub fir aus senger « zone de confort » eraus ze kommen einfach mol op Evenementer ze goen. Et muss een laut him och keen Expert sinn : « dat wichtegst wat zielt ass d’Bereetschaft fir eppes maachen ze wëllen. De Rescht léiert een mat der Zäit, och wann dat mat ChatGPT ass ».

« Ech dreeme vun engem System wou de Leit hir Grondbedierfnisser wat iessen a sech logéieren ugeet erfëllt sinn. Esou hunn se méi Zäit fir aner Saachen fir d’Gemeinschaft ze maachen » esou nach de Youngsub.

Ofschléissend geet hei eis nach e Message mat op de Wee : « D’Leit déi ech am Projet kennegeléiert hunn waren ëmmer oppen a bereet fir ze deelen. An esou Leit a Projet’en ginn et der vill ». De Youngsub steet fir eng Generatioun déi optimistesch an d’Zukunft kuckt, a bereet ass säin Deel zu enger méi solidarescher Welt bäizedroen.

Lire l’article en français

Descubra o artigo em português

Read the article in English

Categories
Blog

D’Offallreduktiounswoch ass eriwwer, mee den Asaz geet weider

D’Europäesch Woch vun der Offallreduktioun an d’COP 29  si grad op en Enn gaangen. Vill Fortschrëtter goufen do net gemaach, an eng vun de Schlësselfroen ob déi dës Events keng Äntwert geliwwert hunn bleift bestoen : wéi kënne mer eis uleeën fir eis Konsumgewunnechten endlech ze änneren?Mer kommen der Limitt vun der Notzung vun eise limitéierten natierleche Ressource nämlech ëmmer méi no. Dobäi kommen international geopolitesch Erausfuerderungen, déi eis weider vun der Ëmweltproblematik distanzéieren.

Wärend dëser europäescher Woch vun der Offallreduktioun hu mir probéiert d’Sensibiliséierung zu deem Thema duerch eng Rei Aktiounen ze erhéijen (Info-Campagne, Quiz, etc.). Mee och ouni vill Hannergrondwëssen ass et duerchaus méiglech all Dag e klenge Schratt a Richtung Transitioun ze maachen. Well dës Transitioun virun allem vun Iech ausgeet, hu mer Iech gefrot wéi eng Aktiounen dir am Alldag maacht fir ären Offall ze reduzéieren.

Fir d’Élisabeth an de Marcus* ass eng vun de Léisungen zäitlos Objete wéi Kleeder, Brietspiller a souguer Bicher ze tauschen. Objeten déi, wann se net beschiedegt sinn, vun anere bal onendlech laang benotzt kënne ginn. De Rico keeft Uebst a Geméis am Lassenen am Supermarché. D’Louise stellt seng eege Kosmetik a Botzproduit’en hier. De Valentin benotzt all Dag Tupperware an eng Waasserfläsch. D’Daphnée refuséiert Tuten (oder Täschen) an de Butteker a keeft seng Kleeder bal ausschliisslech aus zweeter Hand.

Dir gesitt: mir maachen haut schonn alleguerten Aktiounen – grouss oder kleng – fir eisen Offall ze reduzéieren. Mat dëser Woch hu mir net versicht iergendeen Schëllegen ze fannen. Am Géigendeel, d’Zil war et fir Iech Transitioun méi no ze bréngen, an dat hu mer mat eiser Campagne erreecht.

Doriwwer eraus wëlle mer awer och eis eegen Aktiounen mat Iech deelen déi mir am Alldag maache fir eisen Offall ze reduzéieren. Hei sinn eis Top 10:

1. Offall trennen – Och wann et haut nach ëmmer kleng Doutten an Diskussiounen ginn ass säin Offall trennen awer dee beschte Wee fir datt eis Offäll recycelt ginn.

2.  Troc – Saachen tauschen. Gëtt et säit enger Éiwegkeet, an ass och haut nach en efficace Wee fir säin Offall ze reduzéieren. Et kann een och Saachen déi nach an der Rei sinn an déi een net méi brauch verschenken, wéi z.B. iwwert eise Give-box beim Facilitec.

3. Ouni Verpackung – E ganz einfache Wee fir Offall ze vermeiden ass et seng Iesswueren am Lassenen ze kafen. Dat kann een z.B. an eiser MESA maachen

4.  Second-Hand – Voll am Trend, erméiglecht de Second-hand eise Saachen a Kleeder en neit Liewen. Op e Floumaart ze goen ass z.B. eng Manéier fir Second-Hand ze kafen. Mir hunn eng Kaart ausgeschafft wou mer all Occasiounsbutteker zu Lëtzebuerg agezeechent hunn.  

5.  Öko-Refill an hausgemaachte Produiten – Är eege Botzproduiten oder Kosmetik  hierzestellen ass de beschte Wee fir ze wëssen wat Dir op Är Haut schmiert oder an ärem doheem benotzt fir ze botzen. Wann Dir interesséiert sidd, bitt d’Ahoua Workshops un, wou Dir léiere kënnt wéi Dir Är eege Produit’en hierstelle kënnt.
Fir weider Informatiounen kuckt ob missbak.com.

6.  Null-Offall-Iesse – Bei dësen solidareschen Iessen ginn net verkaaften Iesswueren aus de Geschäfter verschafft fir esou d’Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren. All leschte Sonndeg am Mount ginn esou Iessen vu Foodsharing Luxembourg bei eis an der MESA organiséiert.

7.  Flécken amplaz ewechgeheien – Dat ass méiglech a d’Reparaturcaféen déi uechter Lëtzebuerg organiséiert ginn, oder einfach doheem, andeems Dir Geschier gratis bei der Initiativ Gutt Geschier ausléint.

8.  Kaaft besser fir manner ze kafen – An enger idealer Welt misste mir eis Konsumgewunnechten iwwerschaffen fir eis Offall ze reduzéieren. Bewosst konsuméieren heescht manner awer besser Produit’en kafen. Duerch d’Quantitéit reduzéieren an d’Qualitéit erhéijen kënne mir laangfristeg en Impakt op d’Iwwerproduktioun vun Offall an den Iwwerkonsum hunn.

9.  Kompost – Obwuel et e bëssen Organisatioun erfuerdert ass e Kompost uleeën en exzellente Wee fir organeschen Offall ze reduzéieren. Wann Dir interesséiert sidd: mir organiséieren den 10. Dezember en Atelier iwwert d’Buedemqualitéit an der MESA.

Weider Informatiounen: Living Soil Workshop bei MESA

  1. Digital raumen – An dat digitaalt an deem Ganzen an all deem? Wat gëtt et  Besseres wéi eng Aktioun, déi ee beim Waarden op de Bus, am Waardezëmmer beim Dokter oder souguer beim Waarden op d’Wäschmaschinn maache kann? Kuerz gesot, all dës Waardezäit kënnt dir notzen fir Är onnéideg E-Mailen ze läschen, Newsletteren ze desabonnéieren déi Iech net méi interesséieren (net déi vun Transition Minett, déi ass a bleift  relevant ;)), a fir Är Fotosgalerie ze raumen. Och dëst reduzéiert ären CO2-Foussofdrock an den Impakt vum ärem Digitalen op d’Ëmwelt.

Zesummen aktiv ginn

Well mer zesumme méi wäit ginn, ënnerstëtze mir eng ganz Rei Biergerinitiativen déi am Beräich Offall reduzéieren a bewosst konsuméieren aktiv sinn. Den 1. Dezember fënnt am Pavillon 5 (Accès iwwert den 1, rue Arthur Useldinger, Esch-Uelzecht) en “anere” Chrëschtmaart statt, dee vun Awunner fir Awunner organiséiert gëtt. Dëse Maart setzt de Schwéierpunkt op Second-Hand, a bitt eng Alternativ zu eisem Modell vum Iwwerkonsum un, dee besonnesch an der Chrëschtzäit säin Héichpunkt huet.

Weider Informatiounen: Entdeckt den anere Chrëschtmaart… Vun a fir d’Awunner

Dës Lëscht kéint nach weidergoen, mee handelen ass besser wéi just ze liesen oder ze schwätzen. Also, elo ass et un Iech! Mir sinn elo scho ganz houfreg op Iech, well Dir sidd d’Transitioun.

Categories
Blog

Repair Café – Léieren wéi een reparéiert fir d’Liewen vun eisen Objeten ze verlängeren!

D’Repair Caféen, Atelieren, déi vun Facilitec zu Esch gegrënnt ginn sinn a fir d’Reparatur vun alldeeglechen Objeten gewidmet sinn, verlängeren net nëmmen d’Liewensdauer vun de Produkter, mee stäerken och d’Ëmweltbewosstsinn an d’Solidaritéit an de lokale Kommunitéiten.

Wat ass e Repair Café?

E Repair Café ass eng Plaz wou Fräiwëlleger, oft erfueren Handwierker, hir Fäegkeeten deelen fir Objeten ze reparéieren déi d’Participanten matbréngen: Haushaltsgeräter, Kleeder, Vëloen, elektronesch Geräter, Miwwelen, asw. Dës gratis Atelieren förderen den Austausch vu Wëssen a verhënneren datt dës Objete virzäiteg an d’Poubelle kommen. D’Konzept staamt vun 2009 aus Holland a verbreet sech séier ronderëm d’Welt, mat Dausende vun Eventer all Joers.

Eng Konkret Aktioun fir den Ëmweltimpakt ze reduzéieren:

Ee vun den Haaptbäiträg vun den Repair Caféen fir den ekologeschen Iwwergang ass hir Fäegkeet den Ëmweltimpakt vum Offall direkt ze reduzéieren. Jiddfer reparéierten Objet vermeid Offall an eng preservéiert Ressource. Laut Studien, méi wéi 50% vun elektreschen Apparater, déi ewechgehäit ginn, kënnen nach no Reparatur benotzt ginn. Duerch d’Verlängerung vun der Liewensdauer vun den Objeten droen d’Repair Caféen zu enger wesentlecher Reduktioun vun der Quantitéit vum Offall bäi, a limitéieren d’Verschmotzung verbonne mat hirer Behandlung.

Wärend eisem leschten Facilitec Repair Café hunn 5 fräiwëlleg Reparateuren 9 vun 10 Objeten, déi Bierger matbruecht hunn, reparéiert! Zum Beispill hu mir en Drécker reparéiert, deen eng gutt Botz gebraucht huet, e Eisekuchenautomat, deen eng nei Elektronik gebraucht huet, eng Plastiziféiermachin, dei verstopft war, e Rice cooker, deen eng nei Heizung gebraucht huet…

E Kreeslafwirtschatsmodell

D’Repair Caféen sinn Deel vum Kreeslafwirtschaftsmodell. Am Géigesaz zu der traditioneller linearer Economie, déi dem Zyklus “produzéieren, verbrauchen, wegwerfen” follegt, zielt d’kreesfërmeg Wirtschaft d’Liewenszykluse vu Produkter ofzeschléissen andeems se hir Weiderverwendung, Reparatur a Recycling encouragéieren. Andeems Sie Objete reparéieren anstatt se z’ersetzen, reduzéieren Repair Caféen d’Nofro fir Matière première an de Kuelestoffofdrock verbonne mat der Produktioun an d’Quantitéit vum Offall.

Nieft dem techneschen Aspekt vun der Reparatur sinn Repair Caféen och Plazen fir Weiderbildung a sozial Kohäsioun. Si erlaben den Participanten, Leit mat verschiddenen Hannergrënn, déi ronderëm eng gemeinsam Saach vereenegt sinn, ze entdecken wéi hir Objete funktionnéieren, an d’Wichtegkeet vun der verantwortungsvoller Notzung vu Ressourcen besser ze verstoen. Dëse Prozess encouragéiert méi bewossten a méi ëmweltfrëndlechen Konsum. D’Repair Caféen erhéijen och d’Sensibiliséierung vun den negativen Auswierkunge vum Iwwerkonsum a geplangten Obsoleszenz, wärend nohalteg Alternativen gefördert ginn. Donieft schaaft d’Deelen vum Know-How an d’Zesummenaarbecht e Gefill vu Gemeinschaft a Solidaritéit, sou datt de lokale soziale Stoff gestäerkt gëtt. Dës mënschlech Dimensioun ass wesentlech fir eng staark kollektiv Dynamik ronderëm den ekologeschen Iwwergang ze kreéieren.

Maacht mat bei eise Repair Caféen

Maacht mat bei eisen nächste Repair Caféen organiséiert vun a bei Facilitec, e puer fir Vëloen gewidmet, e puer fir Gaardenoutils, elektresch/elektronesch Objeten oder kleng Haushaltsapparater, oder souguer Bitzen fir eis Kleeder ze reparéieren.

Wat soll ech kontrolléieren ier ech an de Repair Café kommen?

– D’Energieversuergung vum Apparat: Ass d’Kontrollliicht un? Sinn d’Batterie(en) gelueden? Ass de Stroumkabel an engem gudden Zoustand?

– Ënnerhalt vum Apparat: d’Filtere vum Föhn a Staubsauger eidelmachen, Kaffismaschinn entkalken mat Zitrounesaier, oder soss, asw.

Wat soll ech fir d’Reparatur bréngen?

Denkt un all Elementer déi néideg sinn fir Ären Artikel deen ze reparéieren ass. Fir eng Kaffismaschinn, huelt zum Beispill Kaffi oder eng Kapsel mat. Fir en DVD Player huelt eng DVD mat. Fir eng Benzinmaschinn, bréngt Äre Benzin mat etc.. Chargeur, Kabel, Handbuch evtl.

Fir Ären HiFi System: Fernsteierung, Lautspriecher

Fir Ären Fernseh: Kabel fir d’Verbindung (um Empfänger, um Verstärker)

Den Ersatzdeel wann Dir deen identifizéiert hutt.

Categories
Blog

Déi nei Kaart vun der ökologescher Transitioun zu Esch

Entdeckt a luet d’Kaart erof mat all de Plazen déi zur ökologescher Transitioun zu Esch-Uelzecht bäidroen.

Categories
Blog

Fokus op d’Energiekooperativen

Interview mam Abbes Kalmes, Präsident vun TMEnerCoop S.C.

Wat ass eng Energiekooperativ ?

T’ass e Kollektiv vu Persounen déi sech zesumme gedoen hunn fir e Gesellschaftsprojet ze lancéieren dee Wueren produzéiert oder Déngschtleeschtungen ubitt. Bei eis geet et ëm d’Produktioun a geschwënn och d’Eegeconsommatioun vun erneierbarer Energie.

Wat sinn d’Virdeeler fir Cooperateur ze ginn am Verglach mat enger eegener Solaranlag?

Et kann een natierlech och déi zwee maachen, mee an eng Kooperativ investéieren bedeit kollektiv investéieren, wat genau esou efficace ass, mee dofir awer méi bëlleg ass wéi d’Zomm vun den individuellen Anlagen.

Wat ass den Interessi fir Energiekooperativen um Territoire vum ganze Land ze entwéckelen a wéi eng Hürden ginn et ?

Den Interessi läit dran fir Biergergemeinschaften ze grënnen déi hiren eegene Bedarf un Energie ofdecken (Produktioun an Eegeconsommatioun). Si droen soumat zur energeetescher Onofhängegkeet bäi, an och fir d’Produktioun ze demokratiséieren. Déi gréisst Hürden sinn de Mangel u Wëssen an d’Ängschte vu verschiddenen politeschen Acteur’en vis-à-vis vun de Virdeeler déi dës Biergergemeinschaften kënnen hunn.

Wéi kann ee Cooperateur bei TM EnerCoop ginn ?

All physesch Persoun déi eis eng Bäitrëttsufro schéckt an d’Valeur’en deelt déi an eise Statuten festgehale sinn ka Member ginn. Mer hunn awer och verschidden Asbl’en an eng Fondatioun ënnert eise Memberen, a wäerten an Zukunft och Gemengen als Member akzeptéieren.

D’Bäitrëttsufro kann een iwwert eise Site www.tmenercoop.lu maachen

Interview gefouert vum Sébastien Kanarak a vum Eric Lavillunière


  • Am September 2013 vun 12 Leit gegrënnt
  • TM EnerCoop haut 239 Memberen
  • 11 Installatiounen a 6 Gemengen
  • eng Gesamtleeschtung vu 500 Kilowatt-Peak (dovunner 200 zu Esch/Uelzecht
  • Aktuell gëtt en neie Projet entwéckelt mat enger Gesamtleeschtung vun 300 Kilowatt-Peak
  • Envisagéiert Produktioun fir 2024 : ± 450’000kWh, d.h. D’järlech Consommatioun vun all senge Memberen zesummen (±1875 kWh / Persoun / Joer)*
Categories
Blog

Klima(on)gerechtegkeet

Wann ee vu Klimawandel schwätzt denkt een oft un Dréchent an Iwwerschwemmungen an Afrika oder an Asien mat den desastréise Konsequenzen fir déi lokal Bevëlkerung an d’landwirtschaftlech Recolten. Mais dat gëtt et awer och an eise Géigenden.

Juli 2021. D’Uelzecht verwandelt sech an e räissende Floss an iwwerschwemmt alles op sengem Wee. An Däitschland an an der Belsch sinn d’Konsequenzen dramatesch mat bal 200 Doudeger. Bierghäng rutschen an zerstéieren Stroossen, Stied an Infrastruktur. De Summer drop ass dogéint vill ze waarm (zweetwäermsten säit 1838) an et ass vill ze dréchen (dréchenste Summer säit 1921**).

Egal ob een elo um Niveau vun de Nord/Süd-Relatiounen oder um Niveau vun enger Lëtzebuerger Gemeng kuckt verdäitlechen des Phänomener awer kloer den immens grousse Problem mat der Klimaongerechtegkeet. Den Alter, d’Geschlecht, de Gesondheetszoustand, awer och déi finanziell, geographesch a professionell Situatioun maachen datt mer alleguerten ënnerschiddlech staark betraff si vum Klimawandel.

D’Uno definéiert d’Klimaongerechtegkeet follgendermoossen : « D’Gläichheet a d’Mënscherechter stinn am Zentrum bei Entscheedungen a Mesuren déi am Kader vum Klimawandel geholl ginn***».

An dësem Sënn ass et wichteg datt d’Bierger agebonne ginn bei Entscheedungen fir datt se hir Besoin’en matdeele kënnen. Et ass och wichteg datt Entscheedungen kohärent sinn a keen ausschléissen. D’Politik muss entspriechend der Urgence handelen an hier Verantwortung iwwerhuelen. Schlussendlech kënnen och d’Bierger esou zur Klimagerechtegkeet bäidroen.

Mer kënnen eis do eventuell un den Irokesen inspiréieren. Am Rot vum Stamm hat ëmmer eng Persoun déi fest Aufgab fir d’Interessien vun de nächste 7 Generatiounen ze verdeedegen bei all Entscheedung déi se impaktéieren konnt. Och mär mussen ufänken laangfristeg ze denken anstatt just kuerzfristeg an am Interessi vun de bestoende Generatiounen. Dat ass et wat mär als Transitiouns-Beweegung droen mat der Biergerbedeelegung.



* https://www.europarl.europa.eu/doceo/document/O-9-2021-000056_FR.html

** https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2022/09-septembre/02-bilan-meteo.html

*** https://climatepromise.undp.org/fr/news-and-stories/le-changement-climatique-est-une-question-de-justice-voici-pourquoi


Categories
Blog

Alles op de Vëlo!

De Secteur vum Transport verursaacht bal 60% vun den Zäregas-Emissiounen zu Lëtzebuerg, woubäi deen Taux bei eise Nopeschlänner just bei 30% läit. Dat läit zum Deel un der grousser Präsenz vun Auto’en (700 Stéck op 1.000 Awunner, 1. Plaz an Europa). Dobäi kënnt datt d’Hallschent vun den Deplacement ënnert 5km mam Auto gemaach ginn !

Ee groussen Hiewel fir dës Iwwermuecht vum Auto ze briechen ass et fir es Stied nei ze gestalten.

Huele mer d’Beispill vu Gent déi den Autosverkéier a verschidden Secteur’en agedeelt huet, a wou ee net vu engem an deen anere Secteur fuere kann, mee gläichzäiteg goufen Opfang-Parkingen geschaf, den ëffentlechen Transport verbessert, Vëlosweeër ugeluecht, asw. An de Bilan ass positiv : den Autosverkéier huet ëm 20% ofgeholl!

D’Stad Esch wëll op dee selwechte Wee goen mat sengem neie Mobilitéitsplang dee lescht Joer virgestallt gouf.

Déi bescht Alternativ zum Auto bleift awer nach ëmmer de Vëlo wéi och d’Cargo-Bikes deen een ëmmer méi riets a lénks gesäit.

En « Haus vum Vëlo » steet och an de Startlächer zu Esch/Uelzecht. Do kann een an Zukunft laanscht goen fir säi Vëlo an d’Rei ze setzen, fir verschidden Accessoiren ze testen an och fir gutt Tipps ze kréien fir seng Deplacementer mam Vëlo !

Kontakt: info@dhausvumvelo.lu


Categories
Blog

Ernärung : sech fir de Wandel asetzen !

De Secteur vun der Liewensmëttelproduktioun ass een vun de gréissten Emittenten vun Zäregasen. Dofir ass et wichteg datt mer eis fir eng méi lokal landwirtschaftlech Produktioun asetzen déi am Respekt vum Planéit an der Ëmwelt schafft. Zougang zur Ernärung ass och e Mënscherecht, grad esou wéi anstänneg liewen kënnen och e Recht vun der Baueren ass (cf. déi international Accord’en déi Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet).

Zu Lëtzebuerg gi just 5% vum Uebst a Geméis wat hei konsuméiert gëtt och am Land produzéiert1, an 2023 gouf op just 6% vun den Agrarflächen eng biologesch Landwirtschaft bedriwwen (2). Déi industriell an urban Struktur vun Esch/Uelzecht maachen et immens schwéier fir grouss Agrarflächen ze schafen.

Et ginn awer trotzdeem interessant Initiativen zu Esch déi Liewensmëttel hierstellen wéi z.B. d’Gemeinschaftsgäert, e lokalen Hunnegproduzent, an de biologesche Geméisbau vum CIGL Esch. Trotzdeem bleift den Zougang zu enger gesonder Ernärung déi am Respekt vun de Baueren a vum Planéit steet eng grouss Erausfuerderung vun all lokaler Politik zur Upassung un de Klimawandel.

Wat mer méi lokal a biologesch Produit’en kafen wat och Demande fir dës Produit’en wäert an d’Luucht goen. Fir dëst ze ënnerstëtzen an nach auszebauen brauch et awer och zousätzlech eng ambitiéis Ernärungspolitik. Dat ka verschiddenst Formen unhuelen wéi z.B. d’Leit encouragéieren fir selwer Uebst a Geméis unzebauen (gëtt scho vill am Süden vum Land gemaach 3), lokaalt Geseems benotzen, d’Uleeën vun enger « ceinture verte » am Süden vum Land, an déi solidaresch Landwirtschaft ënnerstëtzen.