Wat as de Bierger-Klimakollektiv (CCC)?

De Bierger-Klimakollektiv – Wat ass dat?

Maacht mat beim Bierger-Klimakollektiv fir eng durabel Zukunft zu Esch/Uelzecht

D’Haus brennt!

Transport, Energieproduktioun, Alimentatioun, Ofholzung, Industrie,… D’Aktivitéite vun de Mënschen droen zum Klimawandel zou, mat Konsequenzen déi ëmmer méi ze spiere sinn: onreegelméisseg Nidderschléi, Vervillfachung vun extreme Phänomene wéi zerstéierend Bränn oder Hëtztwellen, Versauerung an Klammen vum Mieresspigel an Ozeanen. De Kampf géint de Klimawandel ass eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir d’Mënschheet – e freet no enger déifgrënneger Ännerung vu Gesellschaften, Gebitter an der Wirtschaft.

Wéi gesäit et mam Ekologeschen Ofdrock aus zu Lëtzebuerg?

Wann di ganz Populatioun vun der ganzer Welt esou géing liewen wéi d’Awunner vu Lëtzebuerg, géing een 7.8 Welte brauchen fir d’Besoine vun der Mënschheet kënnen z’erfëllen. Zu Lëtzebuerg misst een also eisen Ofdrock ongeféier duerch 8 deelen.

Mee ween as responsabel?

Als Individuum si mir natierlech net eleng responsabel fir de Klimawandel! Mir deelen dës Responsabilitéit mat der Industrie, der Agrikultur, den Entreprisen, dem Staat, …

Mee mir wetten dat mir all d’Méiglechkeet hunn ze handelen, kreativ ze sinn an eis Kompetenzen esou anzesetzen datt et Wiessel bréngt – géigeniwwer den Erausfuerderunge vun eiser Ofhängegkeet zu den fossilen Energien an dem Klimawandel, mee och géigeniwwer de sozialen an ekonomesche Krisen.

Wat ass de Bierger-Klimakollektiv (CCC – Collectif Citoyen pour le Climat)?

De Bierger-Klimakollektiv ass e Projet vun der Asbl Transition Minett. E beinhalt, an engem ko-konstruktive Prozess, Bierger déi sech wëlle fir eng durabel Zukunft zu Esch/Uelzecht wellen asetzen. De Kollektiv setzt sech zesummen aus verschiddenen Aarbechtsgruppen (déi scho bestinn oder nach gemaach ginn), déi jeeweils ob enger Thematik oder/an engem Quartier schaffen, fir Léisungen ze erfannen duerch positiv Aktiounen, Reflektiounen a politesch Diskussiounen.

All Aarbechtsgrupp as Deel vum Bierger-Klimakollektiv, deen mindestens eng Kéier d’Joer ob engem Treffen zesummekënnt. Dësen Treff ënnerstëtzt weider den Austausch, d’Kreatioun vun Synergien, d’Zesummebrénge vun de Projeten, d’Entstehung vun Handlungen an gemeinsam Ausruffe vun politeschen Acteuren,…

U Ween riicht sech de Bierger-Klimakollektiv?

Un all Bierger, Assoziatioun, Entreprise,… dee sech konzernéiert spiert vum Klimawandel, deen zu Esch/Uelzecht wunnt oder schafft, oder sech der Stad no spiert.

De Lancement vum Bierger-Klimakollektiv ass den 3. Dezember 2022 am Ellergronn, kommt och!