Gëff Benevole

Sief een Deel – Gëff Benevole

Transition Minett a.s.b.l setz sech zesummen aus verschidden Gruppen déi iwwert aktuell wichteg Themen diskutéieren an Konzepter ausschaffen . Do wär engersäits Gemeinschaftsgäert, Kooperativen TMEnercoop an Kilominett´0 (Kooperativ vun der Mesa enger lokal Epicerie/Restaurant, wou och reegelméisseg Events stattfannen.

Des Projet liewen an gi gedroen vun den Leit wou matmaachen.

An der Mesa, gëtt et op der enger Säit eng Associatioun déi reegelméisseg Workshops, Debatten, Concerten, Eventer a  villes méi ubitt. Dofir brauche mir Leit, déi eis beim Organiséiere vun Eventer hëllefen an/oder eis deselwechten Dag op de Stänn hëllefen. Zousätzlech bidde mir eise Benevollen un fir  hier eegen Atelieren unzebidden, zum Beispill e Kefir oder Kombucha Workshop.

Den Service vun der Bar/Restaurant, Gestioun vun da Epicerie an Organisatioun vun den Events ass nëmmen méiglech duerch Ënnerstëtzung vun den Benevole.

Wollt dir ëmmer schonn eng Kéier aktiv bei sou eppes matmaachen ma dann sidd dir hei genau richteg. 

Wann dir eng Hand mat upaken oder en Atelier ginn, dann mellt iech bei eis per Email: contact@transition-minett.lu oder per Telefon um +352 26 53 26 70. Dir kennt awer och einfach direkt bei eis laanscht kommen 1 rue du Moulin L-4251 Esch-sur-Alzette

Een groussen Merci och un all wou eis bis elo am Benevolat ënnerstëtzt hunn.

Martin

Marie Anne Schockmel

Matgrënnerin vum Frigo Partagé ULB zu Bréissel, e Projet géint Liewensmëttelverschwendung a fir Studenten a Studentinnen ze hëllefen. Mat Studien a Kommunikatioun a Kulturmanagement an der Täsch huet d’Marie eng Passioun fir nohalteg Entwécklung a soziaalt Engagement. Fir d’Mesa, hat ech matgehollef d’Internetsäit vum Franséischen ob Englesch ze iwwersetzen.

Lina Gumenyuk

Salut, ech sinn d’Lina, sinn 24 Joer al an europäesche Solidaritéitscorps Volontaire aus Russland. E puer vun mengen Interessen sinn d’Ëmwelt, e Lifestyle, mat wéineg Offall, Biohacking a reesen. Mäin éischte Benevolat (an hoffentlech net de leschten!) fir Mesa war, wéi ech gehollef hunn leckere Kuch um “Resell your clothes” Event ze verkafen. Ech hu gär Benevole ze sinn, well et mir hëlleft aus der Komfortzone eraus ze goen a vill wonnerbar nei Leit kennen ze léieren!