MESA- Restaurant, Bistro an Epicerie

MESA- Restaurant, Bistro an Epicerie

An der Epicerie vun der Mesa fannt dir eng ganz Rei biologesch a lokal Produkter.

Mëttes proposéiere mir iech eng biologesch a vegetaresch Kichen. Dir kritt de Menu du Jour, Zaloten, Zoppen oder Quichen an Taarten …

Nomëttes fannt dir hei Kuch an Taart, kleng Platen, Kaffi, Téi an aner Gedrénks. Ideal fir eng kleng Paus, fir ze schaffen oder ze léieren. Mat WiFi natierlech !

An der Epicerie proposéiere mir Iech saisonal Bioprodukter. En Deel vun de Saachen verkafe mir « en vrac », dat heescht ouni Verpakung. Bréngt är Dëppercher mat, fir dass mir zesummen manner Offall produzéieren.

Mir ginn am RTL Lëtzebuerg Reportage iwwer d’Waasser aus der Kanne, dat gratis zu Lëtzebuerg servéiert gëtt, ernimmen: kuckt de Reportage hei

© Sibila Lind /RTL

D’Epicerie vun der Mesa

Mir sinn op – dir kënnt bei eis bestellen an et siche kommen (à emporter). Wann dir drun denkt, da bréngt en Dëppchen oder eng Eco-Box mat. Dir kënnt bei eis och eng Eco-Box kafen / zeréckginn.

Iessen bestellen geet vun 10.00 bis 13 :00 Auer, per Telefon um : + 352 26 53 26 70

Merci fir är Ënnerstëtzung !

D’Mesa ass elo op Trip Advisor, Iech konnt a Review schweiwen 🙂

https://www.tripadvisor.com/Restaurant_Review-g190355-d23222295-Reviews-Mesa_Maison_De_La_Transition-Esch_sur_Alzette.html

D’Mesa huet den Family Friendly Label.

Ëffnungszäiten vun der Mesa :

🕰️ Eis Ëffnungszäiten:
Méindeg: 8.00 – 16.00.
Dënschdes bis Freides: 8.00-18.00.
Samschdeg: 11.00 – 15.00.

Sonndeg, zougemaach ausser den 3. Sonndeg vum Mount fir Brunch 🙂

Fir ze reservéieren : Tel. : 26 53 26 70

Mesa – La Maison de la Transition
1, rue du Moulin
L-4251 Esch-Alzette
Tél: +352 26 53 26 70