Wëllkomm ob der Websäit vun Transition Minett Asbl
gtag(‘config’, ‘G-83VEPDRK1K’);
- Transition Minett, mat Sëtz zu Esch-Uelzecht, ass e Kollektiv dee sensibiliséiert a konkret Aktiounen duerchféiert ronderëm d’Transitioun am Minett.
- E bréngt Bierger zesummen fir eng ekologesch, inklusiv a solidaresch Transitioun.
- En huet och als Missioun fir d’Entstoen vu neien Initiativen ze ënnerstëtzen.
Eng Iwwersiicht iwwert eis Plazen an Aktivitéiten
D’MESA, d’Haus vun der Transitioun, dat ass:
- eng Plaz wou Léit zesummen kënne kommen vir gemeinsam eppes ze kreéieren, Konzepter auszeschaffen an sech vir eisen Planéit anzesetzen.
- e Resto / Bar wou eng vegetaresch a biologesch Kichen ugebuede gëtt, a wou der och kënnt Mëttes een Kaffi oder eng Béier drénke kommen.
- eng Epicerie wou biologesch an lokal Produkter aus der Groussregioun wéi och Liewensmëttel ouni Verpackungen verkaf ginn.
- reegelméisseg Events zu nohaltegen Themen.
De Facilitec, dat ass:
- en tiers-lieu vun enger neier Ekonomie.
- Eng Fabrick vun de gemeinschaftlechen Alternativen.
- lokal an innovativ Initiativen aus dem Beräich vun der Kreeslafwirtschaf.
- Eng Plaz entwéckelt a geréiert duerch d’kollektiv Intelligenz vu senge Memberen.
- E partizipative an openen Atelier genannt Cyber’n’Ethique.
- Eng Plaz wou gratis Handwierksgeschier verléint gëtt iwwert Gutt Geschier.
De Quartiersgaart Breedewee, dat ass:
- E Gemeinschaftsgaart am Breedewee vàv. um Lavalspark zu Esch
- eng Plaz fir sech ze begéingen a fir zesummen am Gaart ze schaffen.
- eng Plaz fir den Ubau vu saisonalem a lokalem Uebst a Geméis besser kennen ze léieren.
D’Energiekooperativ TM EnerCoop, dat ass:
- Déi éischt Energierkooperativ am Süden vu Lëtzebuerg (2013 gegrënnt).
- eng alternativ an ekologesch Energieproduktioun.
- eng Energieproduktioun a Biergerhand.
De Klima-Biergerkollektiv, dat ass:
- E Biergerkollektiv dee sech fir eng nohalteg Zukunft zu Esch/Uelzecht asetzt.
- e besteet aus verschiddenen themateschen Aarbechtsgruppen.
- e versicht duerch positiv Aktiounen, Reflektiounen a politesch Diskussiounen Léisungen a Virschléi auszeschaffen.