Categories
Blog

Klima(on)gerechtegkeet

Wann ee vu Klimawandel schwätzt denkt een oft un Dréchent an Iwwerschwemmungen an Afrika oder an Asien mat den desastréise Konsequenzen fir déi lokal Bevëlkerung an d’landwirtschaftlech Recolten. Mais dat gëtt et awer och an eise Géigenden.

Juli 2021. D’Uelzecht verwandelt sech an e räissende Floss an iwwerschwemmt alles op sengem Wee. An Däitschland an an der Belsch sinn d’Konsequenzen dramatesch mat bal 200 Doudeger. Bierghäng rutschen an zerstéieren Stroossen, Stied an Infrastruktur. De Summer drop ass dogéint vill ze waarm (zweetwäermsten säit 1838) an et ass vill ze dréchen (dréchenste Summer säit 1921**).

Egal ob een elo um Niveau vun de Nord/Süd-Relatiounen oder um Niveau vun enger Lëtzebuerger Gemeng kuckt verdäitlechen des Phänomener awer kloer den immens grousse Problem mat der Klimaongerechtegkeet. Den Alter, d’Geschlecht, de Gesondheetszoustand, awer och déi finanziell, geographesch a professionell Situatioun maachen datt mer alleguerten ënnerschiddlech staark betraff si vum Klimawandel.

D’Uno definéiert d’Klimaongerechtegkeet follgendermoossen : « D’Gläichheet a d’Mënscherechter stinn am Zentrum bei Entscheedungen a Mesuren déi am Kader vum Klimawandel geholl ginn***».

An dësem Sënn ass et wichteg datt d’Bierger agebonne ginn bei Entscheedungen fir datt se hir Besoin’en matdeele kënnen. Et ass och wichteg datt Entscheedungen kohärent sinn a keen ausschléissen. D’Politik muss entspriechend der Urgence handelen an hier Verantwortung iwwerhuelen. Schlussendlech kënnen och d’Bierger esou zur Klimagerechtegkeet bäidroen.

Mer kënnen eis do eventuell un den Irokesen inspiréieren. Am Rot vum Stamm hat ëmmer eng Persoun déi fest Aufgab fir d’Interessien vun de nächste 7 Generatiounen ze verdeedegen bei all Entscheedung déi se impaktéieren konnt. Och mär mussen ufänken laangfristeg ze denken anstatt just kuerzfristeg an am Interessi vun de bestoende Generatiounen. Dat ass et wat mär als Transitiouns-Beweegung droen mat der Biergerbedeelegung.



* https://www.europarl.europa.eu/doceo/document/O-9-2021-000056_FR.html

** https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2022/09-septembre/02-bilan-meteo.html

*** https://climatepromise.undp.org/fr/news-and-stories/le-changement-climatique-est-une-question-de-justice-voici-pourquoi