Categories
Uncategorized

Klimawandel a Mënscherechter

Interview realiséiert vum Adriana Cardoso a vum Yasmin Labidi

2021 an 2022 gouf et dausenden Klimaflüchtlingen an der Belsch, an Däitschland an a Frankräich. Jo de Klimawandel betrëfft eis och.

Lëtzebuerg ass eent vun de räichste Länner op der Welt, a stéisst proportional gesinn awer och mat am meeschten CO2 aus an ass domat och mat verantwortlech fir de Klimawandel.

Am Virfeld vum 10. Dezember (internationalen Dag vun de Mënscherechter) hu mer mam Atoniya Argirova ( climate justice campaigner bei Greenpeace Lëtzebuerg) iwwert de Klimawandel geschwat an den Impakt vun dësem op d’Mënscherechter a Klimaflüchtlingen.

Transition Minett : Wéi eng Mënscherechter si vum Klimawandel betraff ?

Antoniya Argirova : Dat betrëfft all Beräicher vun der Mënscherechter, sief datt déi ekonomesch, sozial, kulturell oder politesch. Fir dat ze illustréieren kann een dat Beispill vun de 6 jonke Portugisen zitéieren déi Portugal 2017 viru Geriicht geholl hunn wéinst Inaktioun géint de Klimawandel, dat nodeems se wéinst Bëschbränn hu mussen vun doheem flüchten. Am Ganzen stinn aktuell 33 Länner viru Geriicht wéinst  Inaktioun géint de Klimawandel. De Klimawandel huet gravéierend Konsequenzen op den Alldag vun de Leit. Déi Jonk kënne net méi studéiere goen, Leit befannen sech a Gefor, verléieren hiert doheem, hier Lännereien, hier Gesond verschlechtert sech, asw.

De Klimawandel ass och e Katalysator fir arméiert Konflikter. Där ginn et der ëmmer méi z.B. ronderëm Drénkwaasser.

Transition Minett : Wéi een Impakt huet de Klimawandel op d’Flüchtlingsstréim ?

Den « IDMC, internal displacement monitoring centre » ass eng Organisatioun déi all Joers d’Banneflüchtlingen zielt. Déi kënnen op arméiert Konflikter an awer och op de Klimawandel zréck féieren. 2021 gouf et weltwäit 32 Milliounen Banneflüchtlingen bedéngt duerch Klimakatastrophen.

Dobäi muss ee wëssen datt déi Länner déi am stäerkste vun Naturkatastrophen betraff sinn Entwécklungslänner resp. Länner vum globale Süden sinn. Dat sinn awer och gläichzäiteg déi Länner déi am mannste fir de Klimawandel responsabel sinn (7 vun 10 vun den am meeschte betraffenen Länner sinn Inselstaaten). Hei stellt sech also d’Fro vun der Klimagerechtegkeet a vun hirer Finanzéierung.

Transition Minett : Wéi gesäit et an Europa aus ? Kann een hei vu Klimaflüchtlingen schwätzen ?

Jo där ginn et der och an Europa an et ginn esou guer Zuelen : no de schwéieren Iwwerschwemmungen am Summer 2021 gouf et jeeweils 16.000 Banneflüchtlingen an der Belsch an an Däitschland. A Frankräich goufen der 2022 45.000 gezielt.

De ganzen Artikel fannt der op eisem Site !

Méi rezent goufen et och schwéier Iwwerschwemmungen a Griicheland an am Süden vun Europa déi gravéierend Auswierkungen haten. Mëttelfristeg sinn och Küstenlänner duerch de klammende Mieresspigel betraff.

Transition Minett : Ass Greenpeace spezifesch op dësen Themen aktiv ?

Greenpeace International schafft ëmmer méi aktiv um Thema Klimagerechtegkeet, an ënnerstëtzt direkt oder indirekt Privatpersounen oder Organisatiounen déi eng Plainte maachen (z.B. andeems Greenpeace juristesch Avis’en gëtt oder Expert’en stellt). Geriichtsprozesser sinn eng Aart a Weis fir an Zukunft Klimapolitik ze maachen well leider vill Staaten keng Verantwortung iwwerhuelen an hir Engagementer vum « Accord de Paris » net anhalen. Dofir zéien ëmmer méi Bierger viru Geriicht well dat haut dat eenzegt Mëttel ass fir Drock op e Staat auszeüben.

Et gëtt do e gutt Beispill mat den Ainées pour la protection du climat Suisse (https://ainees-climat.ch/) déi eng Plainte géint d’Schwäiz wéinst Inaktioun géint de Klimawandel virum europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter deposéiert hunn. D’Urteeler an dësen zwou Affären (Portugal a Schwäiz) wäerten 2024 erfalen a wäerte Konsequenzen hunn well se kënnen zur Jurisprudenz ginn falls se zu Gonschten vun de Kloenden ausginn.

Greenpeace verfollegt dës Prozesser ganz genee a wäert am Fall vun engem positiven Ausgang sécher stellen datt d’Staaten hier Klimapolitik deementspriechend verbesseren.

Transition Minett : Kënnt der eis vun der COP28 schwätzen ?

Greenpeace International wäert bei der COP28 dobäi sinn (se fënnt vum 30. November bis den 12. Dezember zu Dubai statt). Eng vun den Haaptfroen wäert d’Finanzéierung vun de Schied duerch de Klimawandel sinn an de Gebidder déi am meeschte betraff sinn an an Zukunft wäerten onbewunnbar sinn. Eng aner ass déi wéi mer de Leit hëllefe kënnen déi dowéinst flüchte mussen.

Fir eis mussen déi Länner déi eng « historesch Schold » hunn (d.h. déi déi bis haut am meeschten CO2 ausgestouss hunn) och am meeschten bäidroen. Dat gëllt awer och fir Entreprisen déi immens klimaschiedlech sinn an dobäi Rekordprofitter maachen wéi z.B. Total (20 Milliarden Benefice am Joer 2022) oder Shell (40 Milliarden Benefice am Joer 2022). Eiser Meenung no missten se een Deel vun dëse Beneficer ofginn fir domadder de Kampf géint de Klimawandel a seng Konsequenzen ze finanzéieren.

Et ginn ëmmer méi Prozesser vu Bierger ugestouss géint Entreprisen déi fir de Klimawandel verantwortlech sinn, an ëmmer méi vun dësen Plainten sinn och erfollegräich. Alleng 2022 goufen net manner wéi 17 nei Prozesser géint Multinationalen gezielt. Se hunn all ee gemeinsaamt Zil : Klimagerechtegkeet !

*Klimaflüchtling : eng Persoun déi innerhalb vu sengem Land oder aus sengem Land flüchte muss wéinst enger Naturkatastroph déi duerch de Klimawandel verursaacht gouf.