Categories
Uncategorized

D’Enn vum Ewechgeheien an d’europäesch Woch vun der Offallvermeidung

2019 huet Lëtzebuerg d’Initiative « Null-Offall-Lëtzebuerg » lancéiert. Dës Initiative  besteet aus véier Deeler : d’Biedem an d’Waasser schützen / eng besser Notzung vu Géigestänn / responsabel apaken / nohalteg bauen.

Säit dem 1. Januar 2023 ass Einweg-Geschier aus Plastik an der Restauratioun verbuede wann een op der Plaz ësst, mee Geschier aus Kartong, Pabeier an Holz ass weiderhin erlaabt. Ab Januar 2025 ass Einweg-Geschier dann awer komplett verbueden an der Restauratioun (och bei Evenementer), esou wuel op der Plaz wéi och fir mat ze huelen. Dës Transitiounsphas vun zwee Joer soll et all Betraffenen erlabe fir sech ëm ze stellen a genuch Zäit ze hunn fir Alternativen ze fannen.

Zu Lëtzebuerg ginn et schonn eng Rei Léisungen. Ob de Säiten www.greenevents.lu an https://nulloffall.lu/ fannt der eng Iwwersiicht iwwert bestoend Alternativen wéi z.B. eng mobil Spullmaschinn, d’Geschier vun Ecobox a Luloop, asw.

Fir datt méi Uebst a Geméis am Lassenen kaf gëtt ass et säit Juli 2023 verbuede bei engem Gewiicht vun ënnert 1,5kg eng Plastiksverpackung ze benotzen.

Iwwregens : vum 18. bis de 26. November fënnt d’europäesch Woch vun der Offallvermeidung statt. Sidd der dobäi ? D’Zil vun där Woch ass et fir bestoend Initiativen ze beliichten an d’Leit ze sensibiliséieren. Maacht mat bei enger Null-Offall-Aktioun !