Categories
Uncategorized

Zwielef Minutten.

Dat ass déi duerchschnëttlech Zäit déi eng Buermaschinn hei zu Lëtzebuerg resp. an de meeschten europäesche Länner am Laf vun hirem Liewen benotzt gëtt. Zwielef Minutten ! Fir déi meescht vun hinnen ass dat och genau déi selwecht Zäit déi et gedauert huet fir d’Stallage un der Mauer fest ze schrauwen fir dann…..d’Buermaschinn fir de Rescht vun hiren Deeg drop ze stellen !Dat selwecht gëllt fir dat meescht neit Geschier wat hautdesdaags a Baumäert verkaf gëtt, oder och fir Elektroapparater déi een a grousse Geschäfter – oft fir bëllegt Geld – ze kafe kritt.

Op Basis vun dëser Feststellung an der enormer Verschwendung vu Ressourcen déi dat duerstellt huet Facilitec – an Zesummenaarbecht mat der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL (EBL) – den éischten « Gutt Geschier » Site am Januar 2023 ageweit wou ee gratis Schaffgeschier ausléine kann.

De Prinzip vu Gutt Geschier dee vun der EBL entwéckelt gouf ass einfach wéi Bonjour : Schaffgeschier dat net méi gebraucht gëtt a nach gutt an der Rei ass gëtt agesammelt an a Form vu Prêt’en en zweet Liewen geschenkt.

Säit Januar goufen iwwert dee Wee 130 verschidden Zorten Schaffgeschier (manuell, elektresch, fir den Atelier, fir de Gaart, asw.) agesammelt an de Leit nees zur Verfügung gestallt iwwert de Wee vun de Raimlechkeeten vum participativen Atelier Facilitec. D’Geschier koum e.a. vum Recycling-Zenter SIVEC, vun Entreprisen oder vu Privatleit, a se hunn all gemeinsam datt se net méi gebraucht goufen an awer nach kënnen a wäerten gebraucht ginn !

Bis haut hunn sech iwwert 200 Leit um Site guttgeschier.lu ageschriwwen an et gouf genee esou vill Schaffgeschier verléint. Den Impakt vun dësem Projet mécht sech esou lues bemierkbar. Iwwert déi lescht 10 Méint goufen 12 neit Outil’en net kaf well d’Leit op Gutt Geschier zréck gegraff hunn.

Den Erfolleg vun dësem éischte Site huet dozou bäigedroen datt de Projet elo ausgebaut gëtt. En zweete Site am Bildungszenter Matgesfeld zu Bieles gouf viru kuerzem ageweit. Hei si se op d’Verléinen vu Gaardegeschier spezialiséiert. Et wäerten a sollen och nach weider Sitten zu Lëtzebuerg nokommen, a fir dat ze erméiglechen ass et wichteg datt jiddereen e bësse Reklamm a sengem Ëmfeld fir dëse Projet mécht fir datt nach weider Associatiounen a Gemengen matmaachen.

Transition Minett hirersäits wäert d’Konzept op der Beräich vun der Ernärung auswäiten wou een an Zukunft wäert kënnen Kichegeschier ausléinen, wéi z.B. eng Raclettesmaschinn oder soss Apparater déi een nëmme ganz seelen benotzt.

Manner nei Apparater kafen bedeit och manner Ressourcen verbrauchen.