Categories
Uncategorized

Wat ass eigentlech dee Facilitec ? Facilitec ass en Tiers-lieu vun der Kreeslafwirtschaft 

e gemeinschaftlechen Atelier, eng gemeinschaftlech Kichen, eng sonneg Terrass, Gutt Geschier, e Stockage- an Heizungsraum, Transition Minett asbl, Reuniounssäll, Ruheraum, eng Bibliothéik, Null-Offall-Animatiounen, Give-box zesumme mam Abrisud.

Dir sidd sécher scho méi oft laanscht getrëppelt, dir waart vlait esou guer schonn dobannen fir eng Visitt, mee wësst der wierklech Bescheed wat een alles am Facilitec maache kann ?

Facilitec huet 2018 en doheem fonnt an der aler Schräinerei Claude Muller zu Esch/Uelzecht (rue Berwart, 5 Min. vun de Guar wech) a gouf iwwert participativ Chantier’en komplett an Eegeregie a quasi just mat recuperéiertem Material renovéiert fir dorausser eng Plaz ze maachen déi der Kreeslafwirtschaft verschriwwen ass. Mer deelen dës Plaz mat enger Rei Initiativen déi un der ekologescher Transitioun schaffen. Déi 300m2 déi d’Gebai huet ginn eis scho vill Méiglechkeeten, och wa mer stänneg versichen d’Maueren ze verréckelen fir esou vill Projet’en an Iddi’en wéi méiglech hei ëm ze setzen. Hei kënnt der z.B. léieren wéi ee Saachen bricoléiert oder fléckt, wéi een eppes hierstellt, hei kënnt der och Geschier ausléinen, an eis Büro’en schaffe kommen, aner Leit an och Entrepreneur’en treffen déi an der ekologescher Transitioun aktiv sinn, op en Event kommen, e Café mat der Equipe vun Transition Minett drénken, e Buch ausléinen, asw.

Facilitec definéiert sech als Tiers-lieu am Sënn datt en vun eiser Associatioun (Transition Minett) a vun enger grousser Diversitéit u Leit animéiert gëtt déi sech hei treffen an austauschen, an dës Plaz wéi och mol nei Aktivitéiten zesummen a beschtméiglechst geréieren. Dat geschitt a verschiddenen Aarbechtsgruppen déi am Prinzip all Mount zesumme kommen,  wéi och an enger grousse Plenière wou all d’Leit minimum zweemol d’Joer zesumme kommen. Esou gouf et z.B. e Grupp « Amenagement » deen eemol de Mount zesummen komm ass wärend der Renovatioun vum Gebai, an eis Kommunikatiounsstrategie ass och esou entstanen.

Adresse : 37B rue de la Fontaine (Accès iwwert d’rue Berwart)

Horairen : Méindes an Donneschdes vu 9h-20h / Dënschdes 11h-17h/ Mëttwochs 9h-17h / Freides 9h-16h. Weekends ass zou ass et sinn Evenementer, an all leschte Sonndeg am Mount ass den Atelier och op vun 10h-17h.

Op enger Wellelängt mam Facilitec

Mär si natierlech net déi eenzeg déi zu Esch an der Kreeslafwirtschaft aktiv sinn. Dofir luede mer Iech an folgend Projet’en ze entdecken falls der se nach net kenne sollt :

Centre Formida, Benu Village, FerroForum, CIGL Esch, SIVEC, Escher Give-boxen (Kufa, MESA, Gemengeplaz), asw.

Eng Thematik déi ëmmer méi wichteg gëtt an déi verbënnt : douce Mobilitéit !

Mam Entstoen vum Facilitec an eiser Aarbecht an der Quartier’en ass och zimmlech direkt e Grupp entstanen ronderëm douce Mobilitéit. Ugefaangen mat der « Vélorution Esch » huet sech mëttlerweil en Aarbechtsgrupp douce Mobilitéit entwéckelt  an zwar am Kader vum « Collectif Citoyen pour le Climat ».

Dëse Grupp gëtt ëmmer méi grouss a bréngt Vëlosfuerer, Knécheler an Aktivisten vun der doucer Mobilitéit zesummen déi sech do zesumme Gedanken maachen iwwert d’Infrastruktur fir d’Alternativen zum Auto an der Stad ze verbesseren. Facililtec ass dobäi en Treffpunkt, e Stockage, eng Plaz fir ze testen, ze flécken oder och fir Kreativaarbechten (mer denken do z.B. un déi gepimpten Vëlo’en déi am Facilitec entstanen sinn am Kader vun der Kulturnuecht 2023).

De Grupp douce Mobilitéit ass e ganz dynameschen. E kann een Dag eng « Vélorution » organiséieren, den Dag drop op enger Vëlosbroschür schaffen an dann als nächst un engem « Haus vum Vëlo » schaffen wou am Fréijoer méi konkret kéint ginn.

De Roll vu Facilitec ass et dobäi fir esou Initiativen ze ënnerstëtzen déi sech fir méi eng nohalteg Aart a Weis fir ze liewen a fir ze schaffen asetzen, an fir esou d’ökologesch Transitioun virun ze bréngen.

 T’bleift nach vill ze maachen mee mer sinn awer gutt ënnerwee ! Wann der Iech gär am Facilitec wëllt abréngen ginn et e puer Méiglechkeeten :

  • Flécken : dir sidd talentéierte Knécheler an de Beräicher Elektronik, Vëlo, Kleeder, Holz oder engem anere Beräich ?
  • Verschenken : 2024 lancéiere mer eng «  ustensilothèque » wat e Projet ass wou een gratis Haushalts-a Kichegeschier bei eis ausléine kann, a mer siche nach Geschier.
  • Coworking : dir sidd Entrepreneur a wëllt eisem Reseau bäitrieden ?

Ma da kontaktéiert eis : info(@)facilitec.lu