Categories
Uncategorized

Wat wier wann ?

Yasmin Labidi fir Transition Minett

Co-Konzept mat Caroline Holz

Fuert dir och all Dag mam Auto op de Büro a stitt éiweg laang am Stau, kaaft iech den x-ten Becher Kaf deen een eigentlech-recycléiere-kann-mee-wat-awer-net-geschitt, Mëttes iesst der eng Pizza ënnerwee a geheit de knaschtege Kartong an de Pabeierkuerf – ups nee – an déi schwaarz Dreckskëscht, an duerno reegt der Iech op well äre Bic eidel ass an der en net rechargéiere kënnt.

De Weekend muss der dann akafe goen (dat muss schnell goen, t’geet also an de Supermarché), dir misst Schoulmaterial a nei Kleeder fir d’Kanner kafen, alt och emol en neit Spill a nei Bicher (de Wanter steet un, t’muss een se beschäftegen)…Säit der nees mam Sport ugefaangen hutt rutschen d’Boxen, dir kaaft iech schnell iergendwou eng nei fir 50€, mee t’ass keng gutt Qualitéit an dir wësst ganz genee datt se just 18 Méint hale wäert. D’Cousine gëtt nächst Mount bestuet, an dir braucht eng nei Tenue fir d’Hochzäit, mee dir hutt keng Loscht alt nees dat nämmlecht Kleed oder de nämmlechte Kostüm un ze doen.

Oh vreck elo fannt der och nach d’Buermaschinn net erëm säit der geplënnert sidd an dir wollt elo 3 Méint méi spéit endlech d’Regal opriichten…da gëtt alt nees eng nei Buermaschinn kaf. Elo huet dee blöden Toaster och nach e Wackelkontakt a geet net méi, an d’Garantie ass natierlech virun 3 Méint ofgelaf….. Sonndes fuert der da mam Auto raus fir eng Ronn an de Bësch spadséieren ze goen fir dee ganze Misär ze vergiessen.

A ween raumt dann de Kartong ewech, stellt d’Poubellen eraus, bréngt déi al Kleeder an de Container, raumt déi dausend Spiller a Bicher vun de Kanner ewech, bréngt den Auto an d’Revisioun a fiert och nach op de Recycling Zenter ? Ma dir, ween soss…

Wat wier wann…

Wat wier wann eis Gesellschaft sech géing organiséiere fir éischter ze deelen anstatt alles ze besëtzen ? Wa mer géinge méi op flécken an « second hand » setzen ?

Dat géing eis sécherlech manner kaschten – esou wuel Suen wéi och Energie – an am Endeffekt och dat eent oder anert grot Hoer erspueren.

Stellt iech mol vir….

Moies mam ëffentlechen Transport op d’Aarbecht ze fueren, deen zur Zäit kënnt, schnell ass, a wou der och nach eng Sëtzplaz kritt. Dir hutt ären Becher vu gëschter dobäi deen der zréck gitt fir dann e Kaffi an engem neie Becher ze kréien. Am Kiosk um Eck kënnt der eng Recharge fir äre Bic kafen. D’Pizza kritt der an enger Këscht mat déi der ärem Restaurant kënnt zréck bréngen.

D’Akeef kritt der am Lassenen heem geliwwert a fir de Rescht gitt der Samschdes Moies op de Maart akafen. Et gëtt e lokale Grupp vun Elteren/Awunner wou Kleeder, Schoulmaterial, Spiller a Bicher getosch ginn, an et gëtt eng « give-box » an ärem Quartier, grad ewéi eng « Spill-Bibliothéik » an e Second-Hand-Buttek. Da kann een och ganz einfach Kleeder lounen fir speziell Occasiounen oder gratis eng Buermaschinn fir de Weekend ausléinen a Weekends op e Repair-Café goen fir den Toaster ze flécken. D’Boxen déi rutschen loosst der retuschéieren, an de Weekend lount der en Auto fir spontan en Ausfluch ze maachen.

All dës Léisungen ginn et haut schonn ! Leider si se nach net esou bekannt well net genuch Reklamm dofir gemaach gëtt a well een d’Gewunnechten vun de Leit och net vun haut op muar ännere kann. E groussen Deel vun eiser Aarbecht besteet dodran fir dës Léisungen – wouvun een der vill der Kreeslafwirtschaft zouschreiwe kann – ënnert d’Leit ze bréngen, ze ënnerstëtzen an och eege Projet’en an deem Beräich ze geréieren (op déi mer an dëser Newsletter aginn). D’Kreeslafwirtschaft heescht nämlech flécken, léien, deelen, reduzéieren, a villes méi, an do si mer matten dran bei Transition Minett 🙂

Zu Lëtzebuerg bleift nach vill ze maachen : mer hunn den héchsten Wäert vun Auto’en pro Awunner an Europa (696 / 1.000 Awunner) a mer sinn den drëttgréissten Produzent vun Offall (790kg/Joer/Awunner).

Um Niveau vun der europäescher Unioun ass och nach Loft no uewen : Handy’en ginn an der Moyenne just wärend 2 Joer benotzt, mer geheien an der Moyenne 11kg Kleeder pro Awunner pro Joer ewech wouvun 87% verbrannt oder vergruewe ginn, a schlussendlech ginn och nach 150kg Plastik pro Joer pro Kapp verbraucht (wat duebel esou vill ass wéi déi global Moyenne).

Iwwregens : vum 18. bis de 26. November fënnt d’europäesch Woch vun der Offallvermeidung statt. Sidd der dobäi ?

Categories
Uncategorized

Rezept

Categories
Uncategorized

Transition Think Tank – Agriculture et alimentation

Le Transition Think Tank s’est créé en 2021 à l’initiative de citoyennes et citoyens qui dans leur pluralité d’origines, de milieux professionnels, d’opinions et de genres veulent ouvrir le débat sur les nécessaires adaptations des systèmes actuels (économiques, démocratiques, de production et d’échanges, sociaux, formels

et informels, etc.) aux limites planétaires. Outre le sous-groupe agriculture – alimentation, il réfléchit et travaille sur les thématiques “logement” et “changement systémique”. Au TTT Agriculture – Alimentation nous sommes des consommateur.rices, des agriculteur.rices, des éducateur.rices, citoyen.nes qui s’inquiètent du traitement que le système économique réserve à l’alimentation. Celui-ci cesse d’être vécue comme un droit fondamental et prend le rôle de marchandise, visant uniquement à générer du profit. Privilégiant une logique de réflexion-action, le TTT se penche actuellement sur les questions suivantes: le droit à une alimentation de qualité pour l’ensemble de la population est-il un projet que nous pouvons construire ensemble et ici?

Pourrions nous investir collectivement dans la nécessaire transformation et l’adaptation de notre système agricole et alimentaire pour faire face aux défis actuels et futurs: changement climatique, restauration de la biodiversité, rémunération juste des producteur.rices / travailleur.ses, aliments sains et accessibilité pour les consommateur.rices, développement d’une agriculture régénérative , préservation des paysages, préservation des ressources en eau?La réflexion est permanente, et le collectif prend soin de ces graines. Si elles sont bien germées celles-ci déboucheront sur des actions qui, nous l’espérons, contribueront, à notre échelle, à la transition agricole et alimentaire. Nous rédigeons actuellement une pétition à l’intention des dirigeants politiques.

Pour la concevoir, nous participons à différentes activités afin d’ouvrir le dialogue avec le plus grand nombre de personnes possible pour la construction collective du texte et la mobilisation autour de celui-ci. Envie d’en savoir un peu plus ? Prenez contact avec nous : TTTagri@cell.lu

Categories
Uncategorized

Am Restaurant lokal, bio a …..vegan iessen!

Geneviève Jadoul pour le groupe du Collectif Citoyen pour le Climat, pour élargir l’accès à la nourriture végétalienne (groupe Consommation Bio et Locale)

Mär wëllen d’Restaurant’en dozou motivéiere fir een oder méi vegan Plat’en op hirer Kaart unzebidden.Vill Restaurant’en bidden haut scho vegetaresch Optiounen un.

Allerdéngs ass d’Mëllechindustrie genau esou grausam a schiedlech fir d’Ëmwelt wéi d’Fleeschindustrie, an ëmmer méi Leit versichen hir Consommatioun vun déieresche Produiten ze reduzéieren a géing sech iwwert méi vegan Optiounen am Restaurant freeën. Dat ass och duebel interessant fir d’Restaurateuren well dës Plat’en net nëmme vu Veganer kënne giess ginn, mee och vu Vegetarier, oder Leit déi z.B. laktosintolerant sinn.

Dofir huet eise Kollektiv eng Rei konkret Aktioune geplangt :

Eng Lëscht erstelle mat de Restaurant’en déi haut schonn eng vegan Optioun ubidden. Dës Lëscht wäerte mer verëffentlechen ;

– Restauranten déi scho vegan Plat’en ubidden ouni datt se sech däers bewosst sinn dorop hiweisen fir datt se dës Plat’en als vegan kënnen op hirer Kaart kennzeechnen ;

– Restaurant’en konkret Tipps ginn wéi se verschiddener vun hire Plat’en ganz einfach kënnen « veganiséieren » (z.B. andeems een Ingredient ersat gëtt) ;

– Hëllefen nei vegan Rezepter ze fannen oder ze entwéckelen déi zum Konzept vum Restaurant passen ;

– Eng kleng Broschür ausschaffe fir op gewësse Virurteeler an Ängschten déi verschidde Restaurateur’ en hunn anzegoen , wéi z.B. datt

vegan kachen deier, net gesond a komplizéiert ass. Dës Broschür soll och ervir hiewen wéi narhaft vegan Produit’en sinn an och wéi se zum Wuel vun der Natur an den Déieren bäidroen ;

– Déi déi mam gudde Beispill kréie Postkaarten vun eis als Cadeau.

D’Zil vun eisen Aktiounen ass et net mam Fanger ob iergendeen ze weisen an och net fir d’Restaurateur’en dozou ze bréngen hiert Konzept oder hier Kaart ze änneren. D’Iddi ass éischter fir ze sensibiliséieren, ze motivéieren, ze ënnerstëtzen an ze guidéieren. Méi Choix heescht och méi Client’en….t’ass eng “win-win” Situatioun!

Gidd Member vun eisem Kollektiv a mellt iech beim: adriana@transition-minett.lu

Categories
Uncategorized

Mär lancéieren Kierf!

Kierf mat Dréchenem a mat Frëschem, bio, lokal, am Lassenen, zu engem bezuelbare Präis, an dat alles bei Iech heem geliwwert.

Dir sot Iech dat gëtt et net?

Säit e puer Méint schonn test an entwéckelt eis Cooperative KM0 (MESA) e Projet fir dréchen a frësch Produit’en bei d’Leit heem oder op e Verdeelerpunkt ze liwweren.

Bei dëser neier Offer ass et méiglech fir all Woch eng Auswiel u frëschem Geméis, Mëllechproduit’en an Eeër (alles bio a lokal) ze kréien. Dozou kann een eemol de Mount eng Liwwerung un dréchene Produit’en (dat meescht am Lassenen) dobäi bestellen.

Et gi grad verschidde Gréissten u Kierf getest. Falls der scho laang no eng Offer gesicht hutt u lokale Bio-Produit’en am Lassenen an dëse Projet Iech interesséiert da schreift eis op adriana@transition-minett.lu

Mer organiséiere ganz geschwënn eng Informatiounsversammlung.

An eisem Universum…..

Mer sinn net déi eenzeg déi sech fir eng nohalteg an inklusiv Ernärung zu Esch asetzen. Hei ass eng Lëscht un Acteur’en déi och an deem Beräich aktiv sinn a mat deene mer och zesumme schaffen CIGL Esch, SOS Faim, Eis Epicerie, Benu, CoLabor, déi verschidden Escher Gemeinschaftsgäert, etc

Nous vous invitons à découvrir ses projets si vous ne les connaissez pas déjà !

Categories
Uncategorized

COLLECTIF CITOYEN POUR LE CLIMAT – et geet weider!

Jo et gëtt eng Suite. Tjo, Pech fir d’Granzerten an d’Skeptiker déi gemengt haten dat heiten wär eng eemoleg Saach gewiescht. Mat ganz vill Asaz, nolauschteren an d’BiergerInnen abannen hu mer et fäerdeg bruecht konkret Aktiounen ze ënnerhuele fir eist Verhalen ze veränneren (ouni Verloscht vu Liewensqualitéit) a fir esou zur néideger Dekarboniséierung bäizedroen fir esou – op d’mannst e bëssen – de Klimawandel ze bremsen.

Eelef Gruppen hunn sech de leschten 3. Dezember getraff, an et gëtt Zäit datt mer eis nees am grousse Grupp treffen fir eis Erfarungen auszetauschen a fir un enger gemeinsamer Zukunft ze schaffen.

Rendezvous de 29. Juni ab 18h30 fir en Owend vum Deelen, vum Schaffen a vun der Gesellegkeet am Gemeinschaftsgaart am Breedewee zu Esch. D’Basis vun dësem Owend gëtt a Form vun engem World-Café organiséiert fir sech besser kennen ze léieren a fir eng Iwwersiicht iwwert déi verschidden Aktiounen ze kréien, fir sech esou an Zukunft projezéieren ze kënnen an eis Escher Gemeinschaft déi sech fir d’Ëmwelt asetzt ze stäerken. Mer schléissen den Owend of mat Musek an engem gemeinsamen Owendiessen wou jiddereen eppes z’iessen matbréngt fir ze deelen. Umeldung erwënscht iwwer contact@transition-minett.lu

Categories
Uncategorized

E neie Logo fir de Start vum Summer !

Eis Associatioun gëtt et elo säit iwwer 10 Joer. Ugefaangen huet et mat engem Gaart, wou da no a no d’Mesa an de Facilitec dobäi komm sinn. Dofir ass et Zäit gi fir eng nei visuell Identitéit wou een direkt erkennt datt déi verschidde Projet’en zoueneen resp. zu Transition Minett gehéieren !

Wat haalt der vum neie Logo ?

Deelt eis är Meenung op de soziale Medien oder bei eis op der Plaz mat

AL

NEU!

Vous souhaitez recevoir notre newsletter par email ? Contactez-nous : comm@transition-minett.lu

Categories
Uncategorized

Editorial – D’Ernärung ass e Mënscherecht!

« Sozial Ofsécherung an d’Recht op Ernärung sinn d’Basis vun enger performanter, inklusiver, resilienter a nohalteger Landwirtschaft déi keen op der Streck léisst »

Dëst ass d’Definitioun vun der FAO vum Recht op Ernärung dat haut awer leider ëmmer méi mat Féiss getrëppelt gëtt.

An eiser haiteger Gesellschaft ass och dëst elementart Mënscherecht zu enger Wuer ginn. Eis Supermarché’en sinn haut keng Plaze méi wou Iesswuere verkaf ginn, mee et si Plazen déi no enger kapitalistescher Logik funktionéiere wou d’Haaptzil ass fir esou vill wéi méiglech ze produzéieren a gläichzäiteg esou wéineg wéi méiglech auszeginn. Dës Logik mécht d’Dieren wäit op fir chemeschen Dünger, Pestiziden an OGM, alles Saachen déi fir d’Verschmotzung vum Waasser, der Loft an dem Buedem stinn an d’Biodiversitéit futti maachen.

Gläichzäiteg respektéiert dës Logik weder de mënschlechen Ernärungsbedarf, nach d’Rechter vun den AarbechterInnen déi dës Wueren hierstellen nach d’Ëmwelt. Mer sinn also Verléierer op der ganzer Linn. Et muss een et kloer an däitlech soen: den Zougang zu enger gesonder Ernärung, déi qualitativ héichwäerteg ass, lokal produzéiert gëtt an dobäi d’Rechter vum Mënsch a vun der Ëmwelt respektéiert ass a Recht: d’Ernärung däerf nimools zu enger einfacher Wuer verkommen!

Wann sech gesond ernären heescht datt d’Iessen ouni Pestiziden, ouni chemeschen Dünger an ouni OGM’e a bio muss sinn dann dierfte mer net kënnen Iessen produzéieren dat weder d’Rechter vum Mënsch nach vun der Ëmwelt respektéiert! Dës Logik muss also ëmgedréint ginn, an d’Recht op eng gesond a qualitativ héichwäerteg Ernärung muss nees fest an eiser Gesellschaft verankert ginn.

Dir denkt Iech elo bestëmmt: wat kënne mer dann als BiergerInnen maache fir dat Zil ze erreechen?

Do ginn et eng ganz Rei Saachen wéi z.B.:

– D’Recht op eng gesond a qualitativ héichwäerteg Ernärung fuerderen. Dëst ass en universellt Mënscherecht;

– Sécher stellen datt dëst Recht jidderengem zousteet. Soss ass et just e Privileeg;

– Lokal, saisonal a biologesch Iesswueren akafen.

E gutt Beispill wéi et anescht geet si Liewensmëttel-Kooperativen wéi z.B. d’Mesa zu Esch mat hirer Kooperativ KiloMinett0. Hei gëtt net nëmmen en Dialog tëscht Konsumenten a lokale Produzenten hiergestallt. Et ass och gläichzäiteg e Café/Restaurant wou eng biologesch, lokal, saisonal a vegetaresch/vegan Kichen zu engem bezuelbare Präis ugebuede gëtt.

Mär gleewen un eng ökologesch, inklusiv, sozial a gerecht Transitioun a setzen eis dofir an fir dat dës Realitéit gëtt zu Esch, fir a mat der BiergerInnen.

Adriana Cardoso an Yasmin Labidi

Categories
Uncategorized

♻️ Opruff un d’BiergerInnen ♻️Loosst eis méi nohalteg ginn !

Andeems mer fortkommen vun der aktueller Wegwerfgesellschaft  🤝 E Schratt an déi Richtung ass mat eise Restaurant’en a Commercen iwwert Alternativen wéi der ♻️ Ecobox oder d’Becheren vu Spin oder Luloop ze schwätzen.

Lëtzebuerg huet säit 2020 eng Null-Offall-Strategie wou zum Zil huet den Offall an och d’Verschwendung ze reduzéieren. Säit 2023 ass Ee-Wee-Geschier verbueden, a Restauranten musse bei Client’en déi op der Plaz iessen Geschier ubidden dat méi oft ka benotzt ginn.⚠️

An der MESA – dem Haus vun der Transitioun – funktionéieren mer säit jeehier mat esou mann Offall wéi méiglech. Mär encouragéieren eis Client’en hir eegen Dëppercher  oder Tupperware mat ze brénge fir esou :

–        Offall ze vermeiden

–        D’Verschwenden vun Iessen ze vermeiden

Interesséiert fir méi gewuer ze ginn ? De Flyer iwwert d’Ecobox fannt der an der Mesa. Dir kënnt eis soss och schreiwen op : yasmin@transition-minett.lu

Categories
Uncategorized

CCC – Workshop Informatiounen

Fofzeg Leit waren ageschriwwen, fënnefasiwwenzeg hu schlussendlech deelgeholl um Lancement vum „Collectif Citoyen pour le Climat“ Samschdes den 3. Dezember am Ellergronn. An enger gemittlecher Atmosphär hunn d’Biergerinnen an d’Bierger sech ënnerteneen ausgetosch an zesummen iwwert Zukunft vun Esch nogeduecht. An zwielef themateschen Atelier’en konnten d’Participant’en sech ausdrécken zu Themen wéi Ernärung, Energie, Ekonomie, Urbanismus, an nach villen aneren, an konnten esou eng wënschenswäert a nohalteg zukünfteg Entwécklung fir Esch ausschaffen.

All Aarbechtsgrupp huet sech mëttlerweil Rendezvous ginn fir sech weider iwwert déi verschiddenen Themen aus ze tauschen an zesumme konkret Iddi’en ze entwéckelen. Dës Aarbecht an de Grupp wäert op d’mannst esou spannend ginn wéi de Lancement den 3. Dezember!

https://www.transition-minett.lu/events/