Categories
Uncategorized

Am Restaurant lokal, bio a …..vegan iessen!

Geneviève Jadoul pour le groupe du Collectif Citoyen pour le Climat, pour élargir l’accès à la nourriture végétalienne (groupe Consommation Bio et Locale)

Mär wëllen d’Restaurant’en dozou motivéiere fir een oder méi vegan Plat’en op hirer Kaart unzebidden.Vill Restaurant’en bidden haut scho vegetaresch Optiounen un.

Allerdéngs ass d’Mëllechindustrie genau esou grausam a schiedlech fir d’Ëmwelt wéi d’Fleeschindustrie, an ëmmer méi Leit versichen hir Consommatioun vun déieresche Produiten ze reduzéieren a géing sech iwwert méi vegan Optiounen am Restaurant freeën. Dat ass och duebel interessant fir d’Restaurateuren well dës Plat’en net nëmme vu Veganer kënne giess ginn, mee och vu Vegetarier, oder Leit déi z.B. laktosintolerant sinn.

Dofir huet eise Kollektiv eng Rei konkret Aktioune geplangt :

Eng Lëscht erstelle mat de Restaurant’en déi haut schonn eng vegan Optioun ubidden. Dës Lëscht wäerte mer verëffentlechen ;

– Restauranten déi scho vegan Plat’en ubidden ouni datt se sech däers bewosst sinn dorop hiweisen fir datt se dës Plat’en als vegan kënnen op hirer Kaart kennzeechnen ;

– Restaurant’en konkret Tipps ginn wéi se verschiddener vun hire Plat’en ganz einfach kënnen « veganiséieren » (z.B. andeems een Ingredient ersat gëtt) ;

– Hëllefen nei vegan Rezepter ze fannen oder ze entwéckelen déi zum Konzept vum Restaurant passen ;

– Eng kleng Broschür ausschaffe fir op gewësse Virurteeler an Ängschten déi verschidde Restaurateur’ en hunn anzegoen , wéi z.B. datt

vegan kachen deier, net gesond a komplizéiert ass. Dës Broschür soll och ervir hiewen wéi narhaft vegan Produit’en sinn an och wéi se zum Wuel vun der Natur an den Déieren bäidroen ;

– Déi déi mam gudde Beispill kréie Postkaarten vun eis als Cadeau.

D’Zil vun eisen Aktiounen ass et net mam Fanger ob iergendeen ze weisen an och net fir d’Restaurateur’en dozou ze bréngen hiert Konzept oder hier Kaart ze änneren. D’Iddi ass éischter fir ze sensibiliséieren, ze motivéieren, ze ënnerstëtzen an ze guidéieren. Méi Choix heescht och méi Client’en….t’ass eng “win-win” Situatioun!

Gidd Member vun eisem Kollektiv a mellt iech beim: adriana@transition-minett.lu