Categories
Uncategorized

Editorial – D’Ernärung ass e Mënscherecht!

« Sozial Ofsécherung an d’Recht op Ernärung sinn d’Basis vun enger performanter, inklusiver, resilienter a nohalteger Landwirtschaft déi keen op der Streck léisst »

Dëst ass d’Definitioun vun der FAO vum Recht op Ernärung dat haut awer leider ëmmer méi mat Féiss getrëppelt gëtt.

An eiser haiteger Gesellschaft ass och dëst elementart Mënscherecht zu enger Wuer ginn. Eis Supermarché’en sinn haut keng Plaze méi wou Iesswuere verkaf ginn, mee et si Plazen déi no enger kapitalistescher Logik funktionéiere wou d’Haaptzil ass fir esou vill wéi méiglech ze produzéieren a gläichzäiteg esou wéineg wéi méiglech auszeginn. Dës Logik mécht d’Dieren wäit op fir chemeschen Dünger, Pestiziden an OGM, alles Saachen déi fir d’Verschmotzung vum Waasser, der Loft an dem Buedem stinn an d’Biodiversitéit futti maachen.

Gläichzäiteg respektéiert dës Logik weder de mënschlechen Ernärungsbedarf, nach d’Rechter vun den AarbechterInnen déi dës Wueren hierstellen nach d’Ëmwelt. Mer sinn also Verléierer op der ganzer Linn. Et muss een et kloer an däitlech soen: den Zougang zu enger gesonder Ernärung, déi qualitativ héichwäerteg ass, lokal produzéiert gëtt an dobäi d’Rechter vum Mënsch a vun der Ëmwelt respektéiert ass a Recht: d’Ernärung däerf nimools zu enger einfacher Wuer verkommen!

Wann sech gesond ernären heescht datt d’Iessen ouni Pestiziden, ouni chemeschen Dünger an ouni OGM’e a bio muss sinn dann dierfte mer net kënnen Iessen produzéieren dat weder d’Rechter vum Mënsch nach vun der Ëmwelt respektéiert! Dës Logik muss also ëmgedréint ginn, an d’Recht op eng gesond a qualitativ héichwäerteg Ernärung muss nees fest an eiser Gesellschaft verankert ginn.

Dir denkt Iech elo bestëmmt: wat kënne mer dann als BiergerInnen maache fir dat Zil ze erreechen?

Do ginn et eng ganz Rei Saachen wéi z.B.:

– D’Recht op eng gesond a qualitativ héichwäerteg Ernärung fuerderen. Dëst ass en universellt Mënscherecht;

– Sécher stellen datt dëst Recht jidderengem zousteet. Soss ass et just e Privileeg;

– Lokal, saisonal a biologesch Iesswueren akafen.

E gutt Beispill wéi et anescht geet si Liewensmëttel-Kooperativen wéi z.B. d’Mesa zu Esch mat hirer Kooperativ KiloMinett0. Hei gëtt net nëmmen en Dialog tëscht Konsumenten a lokale Produzenten hiergestallt. Et ass och gläichzäiteg e Café/Restaurant wou eng biologesch, lokal, saisonal a vegetaresch/vegan Kichen zu engem bezuelbare Präis ugebuede gëtt.

Mär gleewen un eng ökologesch, inklusiv, sozial a gerecht Transitioun a setzen eis dofir an fir dat dës Realitéit gëtt zu Esch, fir a mat der BiergerInnen.

Adriana Cardoso an Yasmin Labidi