- Auteur de l’articlePar transition-minett
- Date de l’article2 mai 2023
Andeems mer fortkommen vun der aktueller Wegwerfgesellschaft 🤝 E Schratt an déi Richtung ass mat eise Restaurant’en a Commercen iwwert Alternativen wéi der ♻️ Ecobox oder d’Becheren vu Spin oder Luloop ze schwätzen.
Lëtzebuerg huet säit 2020 eng Null-Offall-Strategie wou zum Zil huet den Offall an och d’Verschwendung ze reduzéieren. Säit 2023 ass Ee-Wee-Geschier verbueden, a Restauranten musse bei Client’en déi op der Plaz iessen Geschier ubidden dat méi oft ka benotzt ginn.⚠️
An der MESA – dem Haus vun der Transitioun – funktionéieren mer säit jeehier mat esou mann Offall wéi méiglech. Mär encouragéieren eis Client’en hir eegen Dëppercher oder Tupperware mat ze brénge fir esou :
– Offall ze vermeiden
– D’Verschwenden vun Iessen ze vermeiden
Interesséiert fir méi gewuer ze ginn ? De Flyer iwwert d’Ecobox fannt der an der Mesa. Dir kënnt eis soss och schreiwen op : yasmin@transition-minett.lu