Categories
Uncategorized

Firwat sollt een e Geméisgaart am Joer 2023 uleeë sollt?

Lilia Hassouna

Crédit photos: pixabay.com

1. Et muss ee mol net onbedéngt e Gaart hunn. Villes kann een an Dëppen oder Hochbeeter uplanzen.

2. Et kann ee mat ganz einfache Saachen ufänken, an online fënnt een all néideg Informatiounen iwwert de Geméisbau a wéi een säi Gaart ënnerhält. Eng vun de beschte Quellen ass de Youtube-Kanal „Le potager d’Olivier“. Zu Lëtzebuerg gëtt et d’Geméiskooperative „Terra“ déi reegelméisseg Coursen an Atelier’en ubitt iwwert de biologesche Geméisbau. Déi bescht Manéier fir sech eran ze schaffe bleift awer nach ëmmer sech d’Hänn knaschteg ze maachen.

3. Deier Bio-Produit’en: Och wa mer längst wëssen wéi schiedlech Pestiziden fir eis Gesondheet a fir d’Ëmwelt si kann net jiddereen sech Bio-Geméis leeschten. Am eegene Gaart kann eng eenzeg Setz-Gromper bis zu engem Kilo Ertrag erginn.

4. Duerch d’eegent Geméis dréit een zum Ëmweltschutz bäi well Geméis dat mer kafen oft vu wäit hir kënnt a soumat verantwortlech ass fir gréisser CO2-Emissiounen. Fir säin CO2-Foussofdrock ze reduzéiere sollt een esou vill wéi méiglech Uebst a Geméis selwer ubauen oder lokal akafen.

5. Am Gaart schaffen huet och eng Rei Virdeeler. D’Beweegung duerch Gaardenaarbecht ass net nëmme gutt fir d’Gesondheet, mee och gutt fir dat mental Wuelbefannen.