Categories
Uncategorized

Editorial

“Jiddereen kann eppes maachen, kreativ sinn a säi Wëssen fir konkret a positiv Aktiounen notzen”.

Eric Lavillunière,
Fir d’Equipe vun Transition Minett

Gëtt et Schnéi op Chrëschtdag? ….oder wéi een sech abrénge kann fir Saachen op sengem Niveau ze änneren!

„Oppassen t’ass waarm!“ rifft de Jean-Alain an dëscht seng selwer gekachten Dinde op, an deelt dobäi houfreg mat datt en déi bei e Bauer an d’Éislek siche war fir esou zu enger lokaler Ernärung bäi ze droen. „Alles schéin a gutt mee du wars déi awer mat dengem knaschtegen SUV sichen“ äntwert him d’Aline wat grad vun der Uni vu Bréissel zréck kommen ass. „An se ass mol net bio“ seet de Julien dee grad eng nei Aarbecht bei der ADEM fonnt huet. „Souwisou misste mer all vegan sinn wa mer wierklech wëllen eng geséchert Zukunft op dësem Planéit hunn“ setzt de Jemp – de neie Frënd vum Anita- nach een drop. „Jo ech hunn eng Serie op Netflix gesinn wou se erkläert hunn datt wa mer eis glutefräi ernären a mat Holz heizen dat kënne mer den Ausstouss vun CO2* dat d’Ozonschicht zerstéiert reduzéieren“ mengt d’Alice dozou. „E Film op enger Streaming-Plattform kucken ass och schlecht fir de Planéit: kuckt hei ech hunn de Link dee meng Schwëster mer per Mail geschéckt huet geprint“. „Bass du da geckeg?!? Du kanns dach haut net méi printen. Dat mécht just nach méi Offall an dréit zur Ofholzung vum Bësch bäi…..bon alles op enger Cloud stockéieren ass och net sou dat!“ „Ech gi mäin Auto uschléissen fir datt e luede kann“ seet Tatta Claudine där den Appetit scho vergaangen ass bei all deenen Diskussiounen. „Ech weess d’Batterie vu mengem Auto enthält rar Metaller, an iwwert d’Sonnepanneau’en op mengem Daach kann een och streiden…Souwisou froen ech mech op all eis Ustrengungen iwwerhaapt nach eppes brénge wäerten?”

“Kuckt mol raus et schneit » rifft d’Boma Jeannette déi grad am gaange war ze driipsen….. Ech ginn et zou: dës Zeen vun engem Familljeniessen ass e bëssen iwwerspëtzt duergestallt, mee all Saz deen der grad gelies hutt héiert een ëmmer méi oft bei Diskussiounen an der Famill, ënnert Frënn oder ënnert AarbechtskolleegInnen. Dat léiert eis datt 1) et mëttlerweil e wichtegt Thema ginn ass an datt mer ufänken eis bewosst ze ginn datt mer net méi sou weider fuere kënnen, an datt 2) et keng Wonnerléisung gëtt, mee datt et un eis alleguerten hänkt fir realistesch Léisungen ze fannen an datt 3) alles wat mer ënnerhuele wichteg ass och wann et vlait net duer geet.

Wat kënne mer op eisem Niveau maachen? Fir dat eraus ze fannen hu mer virun 10 Joer Transition Minett gegrënnt an den 3. Dezember de Collectif Citoyen pour le Climat lancéiert.

Mer kënnen net méi einfach just nokucken, an eis och net drop verloossen datt d’Europäesch Unioun oder eis Regierung sech ëm alles këmmere wäerte a kënnen. Dat ass de Kader wou mer ubidden, a wou mer eis freeën iwwert all Mataarbecht vun Organisatiounen a BiergerInnen déi dat heiten uschwätzt. Jidderee kann sech abréngen wéi e grad Energie a Loscht huet, a mer sichen zesummen no Léisungen op eisem Niveau. An dëser éischter Ausgab vun eiser Newsletter fannt der e klengen Abléck an déi verschidden Aarbechtsgruppen déi sech den 3. Dezember gegrënnt hunn, an dir fannt en Iwwerbléck iwwert déi nächst Aktivitéiten vun Transition Minett. D’Themen si ganz villfälteg a breet gestreet, a gi vun der Mobilitéit iwwert d’Ernärung hin zu Ekofeminismus a Kreeslafwirtschaft.

D’Thema Energie, wéi mer hëtzen an d’Isolatiounen vun eisen Haiser si wichteg Themen op déi mer kënnen en Afloss hunn, an ob deene mer prioritär zesumme mat der Gemeng schaffe wäerten. Aner Themen wéi d’Biodiversitéit, d’Qualitéit vum Waasser an d’Loftverschmotzung si genau esou wichteg an eisen Aen. Fir dës Themen méi zougänglech ze maache komme mer deemnächst mat “Fresken” op Iech zréck. Falls een oder méi Themen Iech interesséieren dann zéckt net d’Referenzpersoun ze kontaktéieren. Mer sinn iwwregens och op fir nei Themen an Aktiounen.

Dir fannt an dëser Newsletter och en Deel Agenda, an e neien Internet-Site ass och an der Maach. Dat gesot: “bonne lecture” a bis geschwënn!

*CO2 dréit am meeschten zum Zäregaseffekt bäi, mee t’ass awer duerch d’Verbuet vun engem anere Gas (FCKW) an Europa an an den USA datt d’Lach an der Ozonschicht nees méi kleng ginn ass