Categories
Uncategorized

COLLECTIF CITOYEN POUR LE CLIMAT – et geet weider!

Jo et gëtt eng Suite. Tjo, Pech fir d’Granzerten an d’Skeptiker déi gemengt haten dat heiten wär eng eemoleg Saach gewiescht. Mat ganz vill Asaz, nolauschteren an d’BiergerInnen abannen hu mer et fäerdeg bruecht konkret Aktiounen ze ënnerhuele fir eist Verhalen ze veränneren (ouni Verloscht vu Liewensqualitéit) a fir esou zur néideger Dekarboniséierung bäizedroen fir esou – op d’mannst e bëssen – de Klimawandel ze bremsen.

Eelef Gruppen hunn sech de leschten 3. Dezember getraff, an et gëtt Zäit datt mer eis nees am grousse Grupp treffen fir eis Erfarungen auszetauschen a fir un enger gemeinsamer Zukunft ze schaffen.

Rendezvous de 29. Juni ab 18h30 fir en Owend vum Deelen, vum Schaffen a vun der Gesellegkeet am Gemeinschaftsgaart am Breedewee zu Esch. D’Basis vun dësem Owend gëtt a Form vun engem World-Café organiséiert fir sech besser kennen ze léieren a fir eng Iwwersiicht iwwert déi verschidden Aktiounen ze kréien, fir sech esou an Zukunft projezéieren ze kënnen an eis Escher Gemeinschaft déi sech fir d’Ëmwelt asetzt ze stäerken. Mer schléissen den Owend of mat Musek an engem gemeinsamen Owendiessen wou jiddereen eppes z’iessen matbréngt fir ze deelen. Umeldung erwënscht iwwer contact@transition-minett.lu