MESA- Restaurant, Bistro an Epicerie

MESA- Restaurant, Bistro an Epicerie

An der Epicerie vun der Mesa fannt dir eng ganz Rei biologesch a lokal Produkter.

Mëttes proposéiere mir iech eng biologesch a vegetaresch Kichen. Dir kritt de Menu du Jour, Zaloten, Zoppen oder Quichen an Taarten …

Nomëttes fannt dir hei Kuch an Taart, kleng Platen, Kaffi, Téi an aner Gedrénks. Ideal fir eng kleng Paus, fir ze schaffen oder ze léieren. Mat WiFi natierlech !

An der Epicerie proposéiere mir Iech saisonal Bioprodukter. En Deel vun de Saachen verkafe mir « en vrac », dat heescht ouni Verpakung. Bréngt är Dëppercher mat, fir dass mir zesummen manner Offall produzéieren.

D’Epicerie vun der Mesa

Mir sinn op – dir kënnt bei eis bestellen an et siche kommen (à emporter). Wann dir drun denkt, da bréngt en Dëppchen oder eng Eco-Box mat. Dir kënnt bei eis och eng Eco-Box kafen / zeréckginn.

Iessen bestellen geet vun 10.00 bis 13 :00 Auer, per Telefon um : + 352 26 53 26 70

Merci fir är Ënnerstëtzung !

D’Mesa ass elo op Trip Advisor, Iech konnt a Review schweiwen 🙂

https://www.tripadvisor.com/Restaurant_Review-g190355-d23222295-Reviews-Mesa_Maison_De_La_Transition-Esch_sur_Alzette.html

D’Mesa huet den Family Friendly Label.

Ëffnungszäiten vun der Mesa :

Méindes: 10:00 – 16:00 Auer

Dënschdes bis Freides: 10:00 – 18:00 Auer*

Samschdes: 11:00 – 15:00 Auer

Sonndes: zou

*Wanter Zäit, im Sommer sinn mir op 19.00 Auer zou

Fir ze reservéieren : Tel. : 26 53 26 70

Mesa – La Maison de la Transition
1, rue du Moulin
L-4251 Esch-Alzette
Tél: +352 26 53 26 70