Catégories
Uncategorised

Lëtzebuerger Transport Situatioun

Zu Lëtzebuerg, huet den RTL.lu am August 2019 eng Recherche publizéiert déi weist, dass dräi Véierel vun de Haushalten een (45%) oder zwee (30%) Autoen besetzen, d’Statistik wéist awer och nach datt 8% vun de Stéit dräi Autoen besetzen an eng weider Minoritéit ( 3%) gehéieren véier Autoen oder  nach méi. An anere Wierder, dëst bedeit datt ee vun zéng Lëtzebuerger Haushalten dräi oder méi Autoe zur Verfügung hunn fir ze benotzen (11%).

Des Zuelen mécht Lëtzebuerg zu engem richtegen Autoparadis mat der héchster Unzuel u Persounenautoen an der EU mat 670 Autoen pro 1000 Awunner, woubäi eis Nopere vill besser ofschneiden mat Däitschland 570 Autoen, Belsch 520 Autoen a Frankräich 480 pro 1000 Awunner. Zu dëser Statistik kënnt och nach, dass Lëtzebuerg deen zweet héchsten Undeel u Passagéier Autoe huet, déi méi jonk wéi zwee Joer sinn, mat engem Undeel vun 29,2%.

Awer firwat ass dat de Fall, firwat benotzen d’Lëtzebuerger den ëffentlechen Transport net méi dacks?

Wa mir mat de Leit iwwer den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg schwätzen, soen se oft datt d’Verbindungen an d’Zäite relativ schlecht sinn an onméiglech sinn sech drop ze verloossen, dofir benotze se léiwer hiren Auto fir méi onofhängeg ze sinn. Zum Beispill, dauert eng Rees vu Mondorff op Lëtzebuerg 26 Minutten mam Auto awer bis zu zwou Stonnen mam Zuch oder eng Rees vun der Stad Lëtzebuerg op Iechternach dauert 40 Minutten mam Auto wärend déi selwecht Rees eng an eng Véierel Stonn mam Bus dauert. Awer méi laang Pendele sinn net deen eenzege Problem, d’Leit plädéieren och dacks datt Bussen a besonnesch Zich net mat hirem Timing anhalen an oft ze spéit op hirer Destinatioun ukommen. Dozou kennt och nach, datt see net oft genuch kommen, zum Beispill, zu Rammeldang wunnen heescht datt Weekends nëmmen all zwou Stonnen ee Bus kennt.

Firwat ass datt esou?

Et gëtt natierlech net een eenzege Grond, awer et kann een probéieren de Problem bëssen ze vereinfachen. Also, een offensichtleche Punkt ass datt eisen ëffentlecht Transportnetz zimmlech all ass. Zum Beispill, et gi Buslinnen déi genau déiselwecht Strecke fuere wéi Zich (290 aus der Stad Lëtzebuerg op Miersch), all dës Buslinne kéinten nei evaluéiert ginn a wann se net méi néideg sinn, da kann een se annuléieren a déi extra Ressourcen benotzen fir Linnen ze stäerken déi iwwerlaascht sinn. Dat zweet Problematik ass, datt eist Stroossennetz scho ob maximum Kapazitéit leeft, besonnesch wann een de Stied wei Ech oder Lëtzebuerg méi no kënnt. Well Bussen déiselwecht Stroosse benotze wéi Autoen a dowéinst am nämmlechten Stau stinn, ass den Problem net nëmmen deen vun enger schlechter Organisatioun mee och deen vun ze villen Autoen ob den Stroossen.

Datt Positiivt un eisem ëffentlechen Transport a Stroossen-Problem ass datt d’Regierung de Problem unerkennt a Léisunge sicht. Zum Beispill bauen mir Parkhaiser ronderëm déi gréisser Stied zu Lëtzebuerg, wou d’Aarbechter parken a dann Busse kënnen op huelen fir ob d’Aarbechtsplaze, sou datt se net mat hiren Autoe bannent de Stied fueren an se verstopfen. Doniewent ginn 2,2 Milliarden Euro fir ausginn fir den ëffentlechen Transport auszebauen an d’Eisebunnsnetz ze stäerke fir méi Leit kennen ze transportéieren. Déi éischt Tramslinn tëscht dem Kierchbierg an der Gare ass scho gebaut, déi bis 2025 ausgebaut gëtt bis ob de Fluchhafe Findel an d’Quartiere vu Bonevoie, Houwald a Cloche d’Or verbënnt. Wéi och eng Tramslinn tëscht Esch / Uelzecht an der Stad. D’Zil vun dësem ass d’Autoen aus der Stad ze halen a, datt d’Aarbechter virun allem den ëffentlechen Transport fir op d’Aarbecht ze benotzen. Awer och Bussen, déi a Stied fueren, wäerten an Zukunft virun den Stied stoppen an do wiessele Passagéier dann ob Buslinnen, déi se an d’Stied fueren. Als lescht däerf een net vergiessen, dass den ëffentlechen Transport fir jiddereen am Joer 2019 gratis gemaach gouf fir säi Gebrauch ze promovéieren.

All dës Efforten weisen hir éischt Auswierkunge, wei opsteige vun der Unzuel un Leit déi mat den Zich transportéiert goufen, klemmt vun 22,5 Milliounen am Joer 2015 op 25 Milliounen am Joer 2019. Dat selwecht kann een op Buslinne beobachten, wou d’Rees bannent de Stied vun 12 Millioune Passagéier am Joer 1938 op 47,7 Milliounen am Joer 2015 geklommen ass an d’pendelen ausserhalb vun de Stied ass vun 19,7 Milliounen am Joer 1990 op 43 Milliounen am Joer 2010 geklommen. Änlech Zuele kënne observéiert ginn wann een de Budget an d’Zuel vun den Zich déi benotzt ginn ukuckt, hei ass de Budget vun der CFL vun 289,3 Milliounen am Joer 1999 op 560,9 Milliounen am Joer 2019 eropgaangen, gläichzäiteg huet d’Unzuel vun den benotzten Zich verduebelt.

Referenzen:

https://www.bbc.com/worklife/article/20190128-the-cost-of-luxembourgs-free-public-transport-plan

https://today.rtl.lu/news/luxembourg/a/1381255.html

https://today.rtl.lu/news/luxembourg/a/1374069.html#:~:text=At%20670%20cars%20per%201000,%2C%20and%20Poland%20(593)

https://today.rtl.lu/news/luxembourg/a/1392905.html#:~:text=Luxembourg%20is%20a%20veritable%20car%20’paradise’,-

https://ec.europa.eu/eurostat/statistics-explained/index.php?title=Passenger_cars_in_the_EU#Highest_number_of_passenger_cars_per_inhabitant_in_Luxembourg

https://statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=13520&IF_Language=fra&MainTheme=4&FldrName=7&RFPath=7048

https://statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=13522&IF_Language=fra&MainTheme=4&FldrName=7&RFPath=7048

https://statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=13517&IF_Language=eng&MainTheme=4&FldrName=7&RFPath=7048