Newsletter n°6 – Engagéiert Bierger:innen zesummen,
loosst eis d’Erausfuerderunge vun eiser Zäit ugoen!

Dat wichtegst ass dobäi ze sinn!
Dës Zeilen goufe kuerz nom Ofschloss vun der COP 29 déi zu Baku am Aserbaidjan stattfonnt huet geschriwwen. Ob dësem järleche Sommet, un deem quasi all d’Länner vun der Welt deelhuele fir iwwert d’global Klimapolitik ze diskutéieren, gouf sech alt nees eng Kéier just ob en zimmlech schwaachen Accord gëeent, deen net wierklech dozou bäidroe wäert fir d’Klimakris ze bekämpfen.
Gläichzäiteg brécht déi global Äerderwäermung ee Rekord nom Aneren, an se erreecht mëttlerweil Ausmoossen déi mer bis elo nach net kannt hunn. Parallel dozou zéien sech a ville westlechen Demokratien d’Leit ëmmer méi zréck, an et kënnt zu ëmmer méi staarke Polariséierungen.
An der aktueller Situatioun kann een dës Reaktiounen duerchaus verstoen, och wann se néirens hiféieren. Dofir ass et wichteg net ze verzweiwelen a sech weider ze engagéieren, och wann dat just am Klengen ass um Niveau vu sengem Quartier oder senger Uertschaft.
An dëser Newsletter stelle mer verschidde Projeten an Initiativen vu BiergerInnen vir déi vun Transition Minett ënnerstëtzt ginn. Fir eis si nämlech engagéiert BiergerInnen de Schlëssel fir de Wandel, an e gutt Mëttel géint de virherrschende Stëllstand. Dofir soe mer all de Leit déi sech mat eis engagéieren hei merci, a ginn hinnen d’Wuert fir iwwert hiren Engagement ze schwätzen.
Kommt eis 3 Drëtt Plazen zu Esch nei entdecken, wou d’Bierger nach all Dag den Transitioun erliewen kënnen an eng Kraaft sinn fir Propositiounen an Initiativen: Facilitec, eng drëtt Plaz fir d’Economie kreesfërmeg, MESA, eng drëtt Plaz. dem Iesstransitioun gewidmet, an de partizipative Gaart um Breedewee.
Da fannt déi neitsten Entwécklungen vun eisem «Klima-Biergerkollektiv » wou sech verschidde Gruppen fir eng méi nohalteg Zukunft asetzen, an déi se zesumme mat den AwunnerInnen vun Esch/Uelzecht ausschaffen.
Schlussendlech wëlle mer eis och ëmmer nees nei erfannen an datt sech nei Leit abréngen, an dofir wäerte mer d’Iddi vun engem permanenten Dialog tëscht der Stad Esch an hiren Awunner zu Klimafroen weider entwéckelen, mat der Fortsetzung vum Klima-Biergerforum deen 2024 fir d’éischte Kéier stattfonnt huet. Leschten Hierscht hu mir och de Projet « ACTE » lancéiert, deen d’Zil huet fir d’BiergerInnen z’ënnerstëtzen fir hiren CO2-Foussofdrock ze reduzéieren, a fir sech fir d’Ëmwelt anzesetzen an den 13 Gemengen déi um grenziwwerschreidenden Territoire « Alzette-Belval » leien.
Bei Transition Minett si mer och dovunner iwwerzeegt, datt Zukunft an d’Erweiderung vum Engagement duerch nei Tools a nei Aart a Weisen fir mat de Leit ze interagéieren erreecht gi kann. Dofir lancéiere mer eng nei Biergerbedeelegungs-Plattform (participation.transition-minett.lu) ob där der är Meenungen an Iddi’en zu lafenden oder fir nei Projet’en matdeele kënnt. Fir eis ass et och eng Saach vun der Transparenz vis-à-vis vun deenen déi eis vertrauen, an dofir wëlle mer mat dëser Plattform de Prozess vun der Biergerbedeelegung méi siichtbar maachen, an engem méi breede Publikum eng Stëmm an Ausdrocksräim ginn.
Loosst eis zesummen déi klimatesch, ökologesch a sozial Erausfuerderunge ugoen.
Am Dossier fannt der och sechs Portraiten vu Benevollen déi bei Transition Minett engagéiert sinn, a mer hoffen datt hier inspiréierend Geschichten Iech och motivéiere fir bei lokalen Initiativen, bestoende Gruppen oder online matzemaachen. All Aktioun an all Stëmm zielen fir eng solidaresch an engagéiert Gemeinschaft op ze bauen.
Also, op wat waart der? A lass !

ACTE – BiergerInnen vum Alzette-Belval, d’Wuert gehéiert Iech !
Wat sinn Är Bedenken a Punkto Klimawandel?
Wat sinn Är Iddien fir Är Stad méi nohalteg ze maachen?
Mir géifen se gären héieren!
ACTE – mat de Biergerinnen a Bierger fir d’ökologesch Transitioun – ass eng grenziwwerschreidend franséisch-lëtzebuergesch Initiative fir den Territoire vum Alzette-Belval zesumme mat senger Awunner méi nohalteg ze gestalten.
Konkret proposéiere mir Iech alldeeglech Themen zesummen unzepaken, a fir u pertinente Léisungen ze schaffen fir eisen CO2-Foussofdrock kollektiv ze reduzéieren. Fir dëst ze maachen, wäerte mir Iech ënnerstëtzen, fir Är Iddien auszeschaffen, se kollektiv ze droen, a fir se an Zesummenaarbecht mat de verschiddene Gemengen déi um Projet deelhuelen weiderzeféieren.

ACTE – Ech maachen een AKT fir eis Zukunft !
ACTE ass e Projet um Territoire Alzette-Belval, dee vun den Organisatiounen GECT Alzette-Belval an Transition Minett asbl, wéi och vun de Gemengen Audun-Le-Tiche, Suessem a Villerupt geréiert gëtt, a vun der Stad Esch/Uelzecht, Interreg Grande Région an dem Departement Meurthe-et-Moselle ënnerstëtzt ginn.

Wéi kann ech matmaachen ? Einfach andeems Dir Är Iddien mat eis deelt!
Mir ginn Iech Rendez-vous op eiser Säit, wou der déi aktuell Projet’en an Evenementer fannt, a wou der är Iddi’en mat eise deele kënnt. Dir kënnt eis och einfach am Facilitec oder an der MESA treffen.
Also wann der zu Audun-le-Tiche (F), Aumetz (F), Boulange (F), Esch/Uelzecht(L), Monnerech (L), Ottange (F), Rédange (F), Rëmeleng (L), Russange (F), Suessem (L), Schëffleng (L), Thil (F) ou Villerupt (F) da maacht mat !
Biergerforum fir de Klima : e permanenten Austausch tëscht Bierger a Politik
Am Mee 2024 huet deen éischte Biergerforum fir de Klima zu Esch/Uelzecht stattfonnt, dee vun Transition Minett zesumme mat der Stad Esch am Kader vun de Assisen vum Klimapakt organiséiert gouf.
Dat éischt Zil vun dësem Forum ass et fir e breede Publikum iwwert d’Erausfuerderunge vum Klimawandel opzeklären, wat eis erwaarde wäert a verschiddenen Themeberäicher, a wat d’Stad Esch ënnerhuele wäert.
Dat zweet Zil ass et mat de Biergerinnen an de Bierger iwwert hir Iddien a Besoin’en Punkto Klimawandel ze diskutéieren, an d’Fundament ze leeën fir eng längerfristeg Biergerbedeelegung an deem Beräich opzebauen.
Den éischte Forum gouf a Form vun themateschen Atelier’en organiséiert, wou verschidden Experte vun der Stad Esch de Leit Ried an Äntwert stoungen, a wou vun Transition Minett animéiert goufe. Et gouf net manner wéi 70 Iddi’en vun de Leit zu deene verschiddenen Themen formuléiert (Stadentwécklung, Mobilitéit, Energie, etc.), a mat ëm déi 50 Participant’en kann ee scho vun engem Erfolleg schwätze fir dës éischt Editioun !
Des Iddi’en goufe mëttlerweil de politeschen Responsabelen vun der Stad Esch iwwerreecht.
Déi Virwëlzeg kënnen se och ob eis neier Online-Plattform noliesen ënnert follgendem Link :
https://participation.transition-minett.lu/fr-FR/projects/forum-citoyen-pour-le-climat
Mir wäerte selbstverständlech weider dru schaffen fir mat engagéierten Escherinnen an Escher déi ökologesch a solidaresch Transitioun virun ze dreiwen.
Fir ofzeschléissen, freeën mir eis elo schonn op déi 2. Editioun vum Biergerforum fir de Klima, déi Samschdes de 17. Mee zu Ellergronn stattfënnt!
De Klima-Biergekollektiv CCC: well zesummen si mer méi staark !
CCC, (Collectif Citoyen pour le Climat): dës 3 Buschtawen sti fir eng solidaresch Beweegung.
Mee wat ass dat iwwerhaapt ? T’ass wa Leit sech zesummen dinn fir méi resilient, nohalteg an divers Gemeinschaften ze grënnen.
An wéi funktionéiert dat konkret ? T’ass en informelle Grupp deen zesummen Aktivitéiten organiséiert zu verschiddenen Themen wéi z.B. zesumme mat Foodsharing Lëtzebuerg an der MESA kachen, vegan Kierf zesummestellen, oder eng Schnitzeljagd mam Atelier vum Facilitec organiséieren. Aus de verschiddenen Gruppen kann och mol eng nei Associatioun entstoen wéi z.B. d’Haus vum Vëlo. Anerer léise sech nees op no enger Zäit wéi z.B. de Grupp « les artivistes des 4 saisons ».
Wou kënnt dat hier ? Mat der Pandemie 2020 koum och déi grouss Zäit vum sech a Fro stellen. Wéi kréie mer et hin fir d’Leit nees fir d’ökologesch Transitioun ze begeeschteren ? Wéi kënne mer d’Leit nees mateneen vernetzen ? Dem Rob Hopkins no (Grënner vun der Transitiounsbeweegung) sollte mer net op en Accord waarden fir aktiv ze ginn.
De Klima-Biergerkollektiv ass 2022 ob Initiative vun Transition Minett zu Esch/Uelzecht entstanen. Ongeféier 50 Leit hu sech deemools am Ellergronn getraff fir verschidden Gruppen ronderëm eis Tiers-lieu’en (MESA, Facilitec, Quartiersgaart Breedewee) resp. verschidden Themen (Kultur, Mobilitéit, Ernärung, Recyling, …) ze grënnen.
D’Roll vun TM beim Klima-Biergerkollektiv ass et fir déi verschidde Gruppen ze ënnerstëtzen. Et geet net drëms fir Projet’en fir d’Leit ëmzesetzen, mee et geet drëms fir de Leit ze hëllefen fir datt se hir Projet’en selwer ëmsetzen kënnen fir eng méi ökologesch a solidaresch Stad.
Den zweete grousse Moment war de 29. Juni 2023 wéi déi verschidde Gruppen am Quartiersgaart Breedewee zesumme komm sinn fir e Fest ze feieren, fir sech ënnerteneen ze vernetzen, a fir déi aner Gruppen an Initiativen kennen ze léieren.
E Joer méi spéit stoung dann den « Festival des Citoyen.ne.s en Transition – E(s)ch Maach(e) Mat ! » un. Wärend dësem Festival hunn déi verschidde Gruppen hir Projet’en an Initiativen uechter Esch virgestallt, a verschidden Aktivitéiten organiséiert wéi zesumme kachen, danzen, d’Natur observéieren, asw. An dat alles mat vill Freed !
Wat steet 2025 un? Mer plangen eng Fotosausstellung ze maache fir déi verschidde Gruppen virzestellen.
En éischte Rdv. fir zesummen um Konzept ze schaffen ass Dënschdes de 14. Januar 2025 um 18h30 am Facilitec.
Aschreiwung per Mail op ericw@transition-minett.lu
Portraite vun engagéierte Bierger
Entdeckt d’Portraite vu sechs Bierger, déi um ökologeschen Transitioun zu Esch-Uelzecht involvéiert sinn.
Dës inspiréierend Fräiwëlleger bedeelegen aktiv un verschiddene Projete gefouert vum Transition Minett, an droen dozou bäi, eng méi nohalteg Zukunft fir hir Gemeinschaft opzebauen. Trefft se duerch dës Zeienaussoen an verdéiwen an hir variéiert Initiativen, déi Ännerung bréngen.
« Maacht einfach ! Well wann der iech net traut, da wäert der ni erausfannen zu wat der fäeg sidd » Sraboni
« Dat geschitt net innerhalb vun 10 Deeg, an och mol net innerhalb vun 10 Joer. Dat brauch eben seng Zäit » Guy
« Waart net. Et sinn d’Mënschen a kleng Gesten déi d’Welt änneren an déi den Ënnerscheed maache kënnen » Marie
« D’Unerkennung an d’Laachen vun deenen ze gesinn, déi et fäerdeg bréngen hire Vëlo ze flécken, ass déi beschte Belounung déi mer eis fir eisen Asaz virstelle kënnen » Jonathan
Transition Minett lancéiert seng nei Online-Plattform fir Biergerbedeelegung
Mer héieren iech elo scho soen : « eng Online-Plattform ? Fir wat ze maachen ? » Keng Panik : Eis Haaptmissioun ass a bleift et d’BiergerInnen am richtege Liewen zesummen ze brénge fir un der ökologescher a solidarescher Transitioun am Minett ze schaffen. Well do si mer eis all eens : dat klappt just wann een sech trëfft fir zesummen u Projet’en an Aktioun’en ze schaffen.
A nawell si mer iwwerzeegt datt et wichteg ass eis nei Mëttel ze ginn fir e méi breede Publikum z’informéieren, z’erreechen an ze engagéieren. Dofir deelt eis är Meenung mat, an informéiert Iech iwwert eis aktuell lokal Projete mat engem Klick !
Ob der Plattform fannt der am Moment :
- Informatiounen iwwert ofgeschlossen a lafend Projet’en ;
- Méiglechkeete fir ofzestëmmen, är Meenung mat ze deelen zu verschiddenen Themen a Projeten, d’Méiglechkeet nei Projeten virzeschloen, asw.
Also zéck net a mellt Iech elo op eiser neier Online-Plattform un. Dir fannt do am Moment Informatiounen zum Escher Klima-Biergerkollektiv, d’Conclusiounen vum Biergerforum, deen 2024 mat der Stad Esch zesummen organiséiert gouf, oder dir kënnt scho konkret um Projet ACTE matschaffen. Aner Projeten wou mer gären är Meenung wësse wëlle wéi z.B. dem « anere Chrëschtmaart », deen am Dezember am Pavillon 5 stattfonnt huet, gi geschwënn online gesat.
Also bis ganz geschwënn op participation.transition-minett.lu

D’MESA – d’Haus vun der Transitioun
Ass méi wéi just e vegetaresche Restaurant an eng Epicerie : et ass e richtegen Tiers-lieu am Häerz vun Esch deen der Transition am Beräich Ernärung gewidmet ass. D’MESA ass eng oppen Plaz wou d’Biergerinnen an d’Bierger sech treffen, sech austauschen, an zesumme Projet’en ausschaffe kënnen am Sënn vu méi enger nohalteger Ernärung. D’MESA bitt net nëmme eng biologesch, lokal a vegan Kichen un, mee et geet och ëm eng gesond Ernärung déi fir jiddereen zougänglech ass. Loosst iech iwwerzeegen andeems der eise berüümten Carrot-cake schmaache kommt, oder un engem vun eisen inspiréierenden Atelier’en deelhuelt.
Address: 1 Rue du Moulin L-4251 Esch/Alzette

Facilitec, den Hub vun der Kreeslafwirtschaft
Facilitec ass eng oppe Plaz wou jiddereen seng Iddi’en realiséiere kann am Beräich vun der Ëmwelt. Jiddereen, dat sinn Bierger, Knécheler, Entrepreneuren a Mataarbechter vun Transition Minett asbl. Mir deelen hei Wëssen, Versammlungsraim, informatescht Material, Handwierksgeschier, an en Atelier fir zeknéchelen, ze léieren, ze erfannen, ze flécken, asw.
Kommt eis besichen fir Är Iddien ëmzesetzen a fir e Kaffi drénken!
Address: 37B rue de la Fontaine L-4122 Esch-sur-Alzette


Quartiersgaart Breedewee
Eise Gemeinschaftsgaart am Zentrum vun Esch steet fir eng alternativ a lokal Geméisproduktioun, wéi och fir en Echange tëscht den Awunner am Quartier. Duerch zesumme gäertneren produzéieren d’Leit e klengen Deel vun hirem Geméis, dat am Respekt vun der Natur a vun de Saison’en hiergestallt gëtt. Dëse kollektive Kader erhéicht d’Wëssen iwwert ökologesch Gaardepraktiken, kläert iwwert d’Ëmwelt op, a bréngt engem de Geméisbau an och d’Planzewelt méi no. Dëse Gaart ass och eng Plaz vun der urbaner Biodiversitéit, wéi och eng vum léieren a vum deelen am Häerz vun der Stad Esch.
Address: Rue Large, L-4204, Esch-sur-Alzette
Januar Evenementer Kalenner
