Categories
Blog

D’Offallreduktiounswoch ass eriwwer, mee den Asaz geet weider

D’Europäesch Woch vun der Offallreduktioun an d’COP 29  si grad op en Enn gaangen. Vill Fortschrëtter goufen do net gemaach, an eng vun de Schlësselfroen ob déi dës Events keng Äntwert geliwwert hunn bleift bestoen : wéi kënne mer eis uleeën fir eis Konsumgewunnechten endlech ze änneren?Mer kommen der Limitt vun der Notzung vun eise limitéierten natierleche Ressource nämlech ëmmer méi no. Dobäi kommen international geopolitesch Erausfuerderungen, déi eis weider vun der Ëmweltproblematik distanzéieren.

Wärend dëser europäescher Woch vun der Offallreduktioun hu mir probéiert d’Sensibiliséierung zu deem Thema duerch eng Rei Aktiounen ze erhéijen (Info-Campagne, Quiz, etc.). Mee och ouni vill Hannergrondwëssen ass et duerchaus méiglech all Dag e klenge Schratt a Richtung Transitioun ze maachen. Well dës Transitioun virun allem vun Iech ausgeet, hu mer Iech gefrot wéi eng Aktiounen dir am Alldag maacht fir ären Offall ze reduzéieren.

Fir d’Élisabeth an de Marcus* ass eng vun de Léisungen zäitlos Objete wéi Kleeder, Brietspiller a souguer Bicher ze tauschen. Objeten déi, wann se net beschiedegt sinn, vun anere bal onendlech laang benotzt kënne ginn. De Rico keeft Uebst a Geméis am Lassenen am Supermarché. D’Louise stellt seng eege Kosmetik a Botzproduit’en hier. De Valentin benotzt all Dag Tupperware an eng Waasserfläsch. D’Daphnée refuséiert Tuten (oder Täschen) an de Butteker a keeft seng Kleeder bal ausschliisslech aus zweeter Hand.

Dir gesitt: mir maachen haut schonn alleguerten Aktiounen – grouss oder kleng – fir eisen Offall ze reduzéieren. Mat dëser Woch hu mir net versicht iergendeen Schëllegen ze fannen. Am Géigendeel, d’Zil war et fir Iech Transitioun méi no ze bréngen, an dat hu mer mat eiser Campagne erreecht.

Doriwwer eraus wëlle mer awer och eis eegen Aktiounen mat Iech deelen déi mir am Alldag maache fir eisen Offall ze reduzéieren. Hei sinn eis Top 10:

1. Offall trennen – Och wann et haut nach ëmmer kleng Doutten an Diskussiounen ginn ass säin Offall trennen awer dee beschte Wee fir datt eis Offäll recycelt ginn.

2.  Troc – Saachen tauschen. Gëtt et säit enger Éiwegkeet, an ass och haut nach en efficace Wee fir säin Offall ze reduzéieren. Et kann een och Saachen déi nach an der Rei sinn an déi een net méi brauch verschenken, wéi z.B. iwwert eise Give-box beim Facilitec.

3. Ouni Verpackung – E ganz einfache Wee fir Offall ze vermeiden ass et seng Iesswueren am Lassenen ze kafen. Dat kann een z.B. an eiser MESA maachen

4.  Second-Hand – Voll am Trend, erméiglecht de Second-hand eise Saachen a Kleeder en neit Liewen. Op e Floumaart ze goen ass z.B. eng Manéier fir Second-Hand ze kafen. Mir hunn eng Kaart ausgeschafft wou mer all Occasiounsbutteker zu Lëtzebuerg agezeechent hunn.  

5.  Öko-Refill an hausgemaachte Produiten – Är eege Botzproduiten oder Kosmetik  hierzestellen ass de beschte Wee fir ze wëssen wat Dir op Är Haut schmiert oder an ärem doheem benotzt fir ze botzen. Wann Dir interesséiert sidd, bitt d’Ahoua Workshops un, wou Dir léiere kënnt wéi Dir Är eege Produit’en hierstelle kënnt.
Fir weider Informatiounen kuckt ob missbak.com.

6.  Null-Offall-Iesse – Bei dësen solidareschen Iessen ginn net verkaaften Iesswueren aus de Geschäfter verschafft fir esou d’Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren. All leschte Sonndeg am Mount ginn esou Iessen vu Foodsharing Luxembourg bei eis an der MESA organiséiert.

7.  Flécken amplaz ewechgeheien – Dat ass méiglech a d’Reparaturcaféen déi uechter Lëtzebuerg organiséiert ginn, oder einfach doheem, andeems Dir Geschier gratis bei der Initiativ Gutt Geschier ausléint.

8.  Kaaft besser fir manner ze kafen – An enger idealer Welt misste mir eis Konsumgewunnechten iwwerschaffen fir eis Offall ze reduzéieren. Bewosst konsuméieren heescht manner awer besser Produit’en kafen. Duerch d’Quantitéit reduzéieren an d’Qualitéit erhéijen kënne mir laangfristeg en Impakt op d’Iwwerproduktioun vun Offall an den Iwwerkonsum hunn.

9.  Kompost – Obwuel et e bëssen Organisatioun erfuerdert ass e Kompost uleeën en exzellente Wee fir organeschen Offall ze reduzéieren. Wann Dir interesséiert sidd: mir organiséieren den 10. Dezember en Atelier iwwert d’Buedemqualitéit an der MESA.

Weider Informatiounen: Living Soil Workshop bei MESA

  1. Digital raumen – An dat digitaalt an deem Ganzen an all deem? Wat gëtt et  Besseres wéi eng Aktioun, déi ee beim Waarden op de Bus, am Waardezëmmer beim Dokter oder souguer beim Waarden op d’Wäschmaschinn maache kann? Kuerz gesot, all dës Waardezäit kënnt dir notzen fir Är onnéideg E-Mailen ze läschen, Newsletteren ze desabonnéieren déi Iech net méi interesséieren (net déi vun Transition Minett, déi ass a bleift  relevant ;)), a fir Är Fotosgalerie ze raumen. Och dëst reduzéiert ären CO2-Foussofdrock an den Impakt vum ärem Digitalen op d’Ëmwelt.

Zesummen aktiv ginn

Well mer zesumme méi wäit ginn, ënnerstëtze mir eng ganz Rei Biergerinitiativen déi am Beräich Offall reduzéieren a bewosst konsuméieren aktiv sinn. Den 1. Dezember fënnt am Pavillon 5 (Accès iwwert den 1, rue Arthur Useldinger, Esch-Uelzecht) en “anere” Chrëschtmaart statt, dee vun Awunner fir Awunner organiséiert gëtt. Dëse Maart setzt de Schwéierpunkt op Second-Hand, a bitt eng Alternativ zu eisem Modell vum Iwwerkonsum un, dee besonnesch an der Chrëschtzäit säin Héichpunkt huet.

Weider Informatiounen: Entdeckt den anere Chrëschtmaart… Vun a fir d’Awunner

Dës Lëscht kéint nach weidergoen, mee handelen ass besser wéi just ze liesen oder ze schwätzen. Also, elo ass et un Iech! Mir sinn elo scho ganz houfreg op Iech, well Dir sidd d’Transitioun.

Categories
Kreeslafwirtschaft

Kreeslafwirtschaft – ökologesche Biergerinitiativen als Léisungen géint geplangten Obsoleszenz

De Sébastien Kanarek, de Responsabelen vum partizipativen Atelier am Facilitec, war ee vun den Invitée bei der Table Ronde zum Thema “Obsoleszenz a Kreeslafwirtschaft : « tëscht ökologeschen Erausfuerderungen an ekonomeschen a sozialen Opportunitéiten », organiséiert vum Circular Innovation Hub vun der Stad vu Wooltz a vun Infogreen de 15. Oktober am Schlass zu Wooltz. Dëst war eng Geleeënheet fir déi konkret Projete vum Transition Minett virzestellen, déi sech am Kader vun der Kreeslafwirtschaft beweegen.

Geplangten Obsoleszenz : wat ass dat ?

Fir d’éischt gi mer e bëssen an der Zäit zréck. De Begrëff “geplangten Obsoleszenz” gëtt et scho bal 100 Joer. En ass fir d’éischt opgetaucht am Joer 1925 am Buch La tragédie des déchets vum Stuart Chase, an den amerikanesche Promoteur Bernard London huet duerno d’Konzept ausformuléiert. Am Joer 1930 dunn fënnt een eng Kritik vum Technologiespezialist Lewis Mumford deen eng Ausbreedung vun dësem Phänomen parallel zum technologesche Fortschrëtt feststellt. E Sprong an der Zäit méi spéit bleift eng Fro ongekläert :vun 1925 bis haut, wéi si mir vum technologesche Fortschrëtt bei der haiteger Iwwerproduktioun vun Offall gelant ? 

Wou si mer haut drun ?

Et ass nach e wäite Wee, besonnesch fir d’Gewunnechten vun der Verbraucher ze änneren. Reglementer kënnen do wichteg Hiewel sinn fir e nohaltege Konsum ze encouragéieren. Och wann d’Léisung net iwwer Nuecht kënnt, ass de partizipativen Atelier vun Transition Minett am Facilitec – engem Tiers-lieu deen der Kreeslafwirtschaft gewidmet ass – Deel vun deenen Initiativen déi hëllefen fir iwwerhaapt emol e Bewosstsinn fir d’Problematik ze schafen.

Als éischt muss ee mol verstoen datt geplangten Obsoleszenz keen eemolege Phänomen ass dee mol virkomme kann, mee et gi verschidden Aarte vu geplangten Obsoleszen wéi z.B. am Beräich vun der Technik, vu Computerprogrammen an an der Ästhetik. Et kann een also soen datt d’geplangten Obsoleszenz hautdesdaags eng gängeg Praxis ass a ville verschiddenen Beräicher. Dem Catherine Phillipsno – juristesch Responsabel beim Ministère fir Konsumenteschutz an och Invité vun der Table Ronde – ass geplangten Obsoleszenz e Faktor fir d’Bedierfnesser vun de Konsumenten ze erneieren, déi domat ënner engem Manktem u Transparenz leiden.

D’Reguléierungsaarbechten, a besonnesch Direktiv “Right to Repair”, déi d’Konsumenten encouragéiere soll fir de Liewenszyklus vun hire Produiten duerch Reparatur ze verlängeren, si wichteg Schrëtt fir géint déi geplangten Obsoleszenz virzegoen. Zu Lëtzebuerg stelle mer mir eng Verspéidung fest wat déi entspriechend Reglementer ugeet. Am Géigesaz dozou ginn d’Gesetzer a Frankräich an an der Belsch schonn e Schratt méi wäit. A Frankräich gëtt et z.B. schonn eng explizit Definitioun vum Begrëff “geplangten Obsoleszenz” am Konsumenteschutzgesetz. D’Belsch sengersäits war dat zweet Land dat e Reparaturindex fir Haushaltsapparater agefouert huet (d’Akraafttriede vum Index ass fir 2026 geplangt)1. Kuerz gesot stelle mer fest datt Lëtzebuerg an deem Beräich e wesentleche Retard, wat en Nodeel fir déi lokal Konsumenten duerstellt. 

Och wann d’Änneren vun de Konsumgewunnechten méi a méi vun der ëffentlecher Hand thematiséiert gëtt, kënne mer als Bierger och direkt handelen dank den ökologesche Biergerinitiativen déi haut schonn an deem Beräich aktiv sinn.

Wat kann ech op mengem Niveau  maachen ? Näischt geet verluer, näischt gëtt geschaf, alles gëtt transforméiert !

Hautdesdaags ginn all Joers 6000 Tonnen Elektroschrott produzéiert! Fir dës Zuel ze reduzéieren, musse verschidden Alternativen vun de Konsumenten ugeholl ginn. A wa mer, anstatt en Objet ze ersetzen an esou indirekt zum Phänomen vun der geplangter Obsoleszenz bäizedroen, versichen d’Liewensdauer vun eise Saachen ze verlängeren?

Reparatur oder Second-Hand si konkret Weeër fir sech fir e méi e moderate Konsum anzesetzen, fir en Impakt op d’Liewensdauer vun eise Saachen ze hunn a fir den Offall ze reduzéieren. Eise partizipativen Atelier funktionéiert genee an deem Sënn, a reegt och niewebäi en Austausch tëscht Bierger a Fräiwëllegen un. Eis Initiativ handelt och op wirtschaftlechem Plang duerch d’Reduzéiere vun de perséinlechen Akeef, zugonschte vu Wueren, déi vun enger méi grousser Zuel vu Leit kënne benotzt ginn. Dobäi ass och den ökologeschen Impakt net ze ënnerschätzen. Mir droen dozou bäi fir d’Liewensdauer vun Objeten ze verlängeren an d’Offallproduktioun ze reduzéieren.

Transition Minett bedreift konkret Projet’en déi dozou bäidroen fir d’Liewensdauer vun Objeten déi wéineg am Alldag benotzt ginn ze verlängeren, wéi z.B. mat der Initiative Gutt Geschier, déi an Zesummenaarbecht mat der EBL entstanen ass. Méi allgemeng gesinn funktionéiert den Tiers-lieu Facilitec no der Approche vun de 5R (refuser, réduire, réutiliser, recycler, rendre à la terre) an hëlleft esou d’Offallproduktioun ze reduzéieren. Et waren och nach aner inspiréierend ökologesch Biergerinitiativen op dëser Table-ronde präsent wéi z.B. de Repair Café, déi vum Léonard Andersen, Koordinator vum Projet Repair Café Lëtzebuerg beim CELL, virgestallt gouf. E weideren Acteur war den Comité national de la défense sociale (CNDS), vertrueden duerch säin Direkter Raoul Schaaf, déi eng sëllegen Projet’en bedreiwen déi Nohaltegkeet mat sozialer Inklusioun verbannen.

Liestipp : Repair Café – Léieren wéi een reparéiert fir d’Liewen vun eisen Objeten ze verlängeren!

 
Dir sidd interesséiert un eisem partizipativen Atelier oder dir wëllt Handwierksgeschier ausléinen ? 

Da kommt laanscht an de Facilitec um 37B rue de la Fontaine zu Esch/Uelzecht (Accès iwwert  d’rue Berwart).

Ëffnungszäiten
Méindes an Donneschdes: 14h-20h
Dënschdes a Mëttwochs: 13h30-17h
Freides: 9h-16h30
Weekends zou ausser de leschte Sonndeg am Mount (Atelier op vun de 14h à 17h). 

A well mir net déi eenzeg sinn déi am Beräich Kreeslafwirtschaft zu Esch aktiv sinn, lueden mer Iech follgend Initiativen ze entdecken wann Dir se net scho kennt!

Formida Center, FerroForum (Tiers-lieu  am Beräich Metall), CIGL Esch, SIVEC Schëffleng, Give Boxes: an der Kufa, an der MESA, an eng fir Bicher op der Stadhausplaz.

Mer soen dem Circular Innovation Hub vun der Stad Wooltz an Infogreen villmools Merci datt mer un dëser Table-ronde Deelhuelen duerften !