What a wonderful world* !
“Iergendwou iwwert dem Reebou fléie blo Villercher”, “Ech gesinn gréng Beem a rout Rousen, se bléie fir dech a fir mech”, “Ech gesi Frënn déi sech d’Hand ginn a froe wéi geet et?”, “Ech héiere Beebee’en kräichen a gesi wéi se grouss ginn”…esou wonnerbar huet de Louis Armstrong am Joer 1967 gesongen.
Wat ass aus dëser Welt ginn ? Biodiversitéit am fräie Fall, Klima ausser Kontroll, sozial Relatiounen zerfalen, Kricher dreeën, eng profitorientéiert Gesellschaft plëmmt de Planéit, asw.
Mer hunn de Bezuch zur « Pachamama » verluer, eis Mamm-Äerd déi eis ernärt. Fir all déi déi op Technologie setzen fir d’Klimakris ze léisen, setze mär léiwer ob d’Reconnexioun mat der Natur an ob d’Mënschlechkeet. «De Mënsch geet vir» sot de Marcel Mauss1. An anere Wierder, wat d’mënschlech Spezies charakteriséiert ass eise fundamentale Besoin fir eis mateneen ze verbannen.
An t’ass genee datt wat d’Transitiouns-Beweegung ubitt : Méiglechkeete fir zesummen ze kommen a fir sech zesumme fir eng gemeinschaftlech a convivial Welt asetzen.
An eiser siwenter Newsletter stelle mer verschidden Aktiounen vir déi mer am Fréijoer lancéieren zu Gonschten vun der Natur an der Biodiversitéit. Dat wat se all gemeinsam hunn ass datt se kollektiv ausgeschafft goufen, an datt all Mënsch Wëllkomm ass fir eng Hand mat unzepaken.
Mer hunn eng nei Online-Plattform opgebaut wou jiddereen seng Iddi’en ausdrécke kann, respektiv wou ee Pisten fënnt fir sech ze engagéieren. Och wann d’Plattform ob Franséisch ass kann een seng Bäiträg natierlech och gären op Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch oder Portugisesch schreiwen.
Sief et duerch Aktioune fir Bongerten am grenziwwerschreidenden Gebitt Alzette Belval ze valoriséieren, de Mapping dee mer vun äre léifste grénge Plazen zu Esch erstellen, oder de Start an déi nei Saison an den Escher Gemeinschaftsgäert deen usteet : u Méiglechkeete feelt et sécher net fir sech anzebréngen.
De Meris Sehovic, Schäffen vun der Stad Esch e.a. zoustänneg fir d’Ëmwelt an d’Mobilitéit, setzt dofir ob eng systeemesch Approche fir e Liewen am Respekt vun der Ëmwelt ze erméiglechen. An deem Sënn ginn et eng ganz Rei finanziell Bäihëllefen fir d’Stéit fir z.B. hir Haiser ze begréngen oder fir kleng Photovoltaikanlagen ze installéieren. An hien setzt och staark ob den Input vun der Zivilgesellschaft fir aus Esch eng Modellstad vun der Resilienz an der nohalteger Entwécklung ze maachen.
Deen Input kënnt z.B. vum zweete Klima-Biergerforum, deen de 17. Mee stattfënnt, an dee mer zesumme mat der Stad Esch organiséieren, oder vum Fréijoersfest, datt de 26. Abrëll am Pavillon 5 vun engagéierte BiergerInnen organiséiert gëtt.
“What a wonderful world” – wa mer nëmme wëllen da kënne mer se zesummen erschafen
* Wat eng wonnerbar Welt
- Franséische Soziolog (1872-1950) ↩︎
Zweet Editioun vum Klima-Biergerforum : kommt laanscht a schwätzt mat !
Loscht fir iwwert Klima, Natur a lokal Léisungen ze schwätzen ? Da kommt laanscht ob den zweete Klima-Biergeforum deen Transition Minett zesumme mat der Stad Esch organiséiert, a wou mer op d’Erausfuerderungen vum Klimawandel agoe wäerten.
Dëst Joer geet et haaptsächlech ëm den Zoustand an d’Gestioun vun eise Bëscher, a wat d’Virdeeler vu Beem a Gréngflächen am urbane Raum sinn.
Et wäerten iech verschidden Experten Ried an Äntwert stoen.
Interesséiert ? Rdv. e Samschden 17. Mee um 10 Auer am Naturschutzzentrum Ellergronn.
Aschreiwungen beim Service écologique (26 541 541 / ecologie@villeesch.lu)
Opruff : Är Lieblingsgréngflächen zu Esch
Am Virfeld vum Klima-Biergerforum géingen de Service « espaces verts » an Transition Minett gären gewuer ginn wat är léifsten gréng Ecker zu Esch sinn, fir déi dann an engem Atelier wärend dem Biergerforum ze beliichten.
Dat muss net onbedéngt e bekannte Park sinn wéi deen um Gaalgebierg oder de Lavalspark, mee mer sichen no Gréngflächen déi net esou bekannt sinn. Da kann och just e Bam sinn an ärer Strooss oder ärem Quartier.
Är Suggestiounen kënnt der einfach iwwert eis Online-Plattform areechen : participation.transition-minett.lu/
ESCH/UELZECHT, ENG MODELL-STAD VUN DER ÖKOLOGESCHER TRANSITIOUN
Interview mam Meris Sehovic, Schäffen vun der Stad Esch, e.a. zoustänneg fir d’Ëmwelt an d’Mobilitéit
Am Mee fënnt déi 2. Editioun vum Klima-Biergerforum statt, wou d’Leit sech mat Experten iwwer verschidden Ëmweltthemen ënnerhale kënnen. Wéi eng Roll spillen an ären Aaen d’BiergerInnen um Wee zu enger méi nohalteger Stad ?
Klimafrëndlech liewen bedeit hautdesdaags en extra Effort maachen an en zousätzleche finanziellen Opwand fir d’Leit. Ech wënsche mer datt dat an d’Zukunft d’Norm a fir jiddereen zougänglech ass, dofir ginn ech systeemesch un déi Saach erun. (…)
A fir d’Leit ze mobiliséieren ass et wichteg fir mat de Leit zesummen ze schaffen. Dofir sinn och déi Evenementer wichteg wéi d’Klimawoch, wou mer d’Leit iwwert eis Prioritéiten a Projeten informéieren, oder wéi de Klima-Biergerforum, wou mer eis mat de Leit iwwert eis Klimapolitik austauschen. (…)
Nieft dësen Evenementer wou et virun allem ëm den Austausch zu Klimafroen geet, bitt d’Stad Esch aktuell scho konkret Bäihëllefen un fir de BiergerInnen d’ökologesch Transitioun ze vereinfachen ?
Fir d’Klimakris efficace ze bekämpfe muss op allen Niveaue gehandelt ginn. A fir d’Leit mat anzebannen muss een um lokalen Niveau agéieren, d.h. um Niveau vun enger Gemeng. Dofir bitt d’Stad Esch haut schonn eng ganz Rei finanziell Hëllefe un fir d’Transitioun zu engem méi klimafrëndleche Liewen ze vereinfachen, besonnesch an de Beräicher Mobilitéit, Kreeslafwirtschaft an Energieeffizienz. (…)
Wat ass Är Visioun fir d’Stad Esch fir hir zukünfteg ökologesch Entwécklung?
h sinn iwwerzeegt, datt d’Stad Esch de perfekte Mikrokosmos vun engagéierte BiergerInnen an Associatiounen huet, déi aktiv an der ökologescher an der sozialer Transitioun sinn, fir d’Haaptstad vun der Transitioun am Land kënnen ze ginn. Ech denken do z.B. un Associatiounen wéi Transition Minett, CIGL Esch, Ensemble Quartiers Esch, d’Haus vum Vëlo, Esch Biken, a vill anerer.
Do knäppt och meng Visioun un fir déi éischt klimaneutral Gemeng am Land ze ginn, wat a mengen Aen de Leit an der Ëmwelt zegutt kënnt. (…)
Rendez-vous um Fréijoersfest de 26. Abrëll am Pavillon 5 !
Wou ? Am Pavillon 5 (Accès iwwert d’rue Arthur Useldinger, Esch/Uelzecht)
De Pavillon 5 seet Iech eppes ? Wann der scho mol zu Esch laanscht Dipbech getrëppelt sidd dann hutt der sécherlech scho mol dat verloossent Gebai mat senge grousse Fënsteren an hëlzener Terrass gesinn.
Säit annerhallwem Joer schafft e Grupp vu BiergerInnen aus de Nopeschquartieren Bruch, Fettmeth a Lalleng drun fir dës Plaz nees mat Liewen ze fëllen. 2023 an 2024 huet do z.B. en alternative Chrëschtmaart stattfonnt wou exklusiv Saachen aus zweeter Hand respektiv handgemaachte Saachen verkaf goufen.
E Grupp vu Benevollen schafft grad un engem neien Evenement, an zwar engem Quartiers-Fréijoersfest fir jiddereen ! Tëscht 11.00 an 19.00 Auer kënnen d’Awunner a virwëtzeg Leit hei e Second-hand an Designermaart entdecken, wéi och eng ganz Rei Aktivitéiten an Animatiounen ronderëm Fréijoersthemen wéi d’Natur an de Gaart.
Bei dëser Editioun ginn et Aktivitéiten baussen a bannen vum Pavillon : Spiller fir d’Kanner, Repair-café fir Kleeder, Bastelatelier’en, Som- a Planzemaart, hausgemaachte Smoothi’en vu Foodsharing Lëtzebuerg, a natierlech gëtt et och Musek. Ëm d’Iessen këmmert sech d’Campingsstuff vum CIGL Esch déi eng lokal, saisonaalt a biologesch Kichen ubitt.
Wann der eng Fro hutt oder eng Hand mat upake wëllt da schreift eis op : participation@transition-minett.lu
Grenziwwerschreidend Bongerten fir jiddereen ? Dat geet !
Wat halt der dovunner fir gratis Uebst an ärer Gemeng plécken ze kënnen, an dobäi un engem ökologesche Projet Deel ze huelen ? Dat ass d’Iddi vun ACTE – Avec les Citoyens pour la Transition Écologique – enger grenziwwerschreidender franséisch-lëtzebuerger Initiative wou et drëms geet fir d’Agglomeratioun Alzette Belval méi nohalteg a solidaresch ze gestalten.

Virwat esou grenziwwerschreidend Bongerten ?
Nodeems mer den Tuer vun den 13 Gemengen gemaach hunn déi an der Agglomeratioun Alzette Belval leien (Suessem, Monnerech, Schëffleng, Esch/Uelzecht, Rëmeleng, Ottange, Redange, Russange, Thil, Villerupt, Audun-le-Tiche, Aumetz et Boulange) fir eng Bestandopnamn iwwert bestoend ökologesch Projet’en ze maachen hu mer festgestallt datt :
• verschidde Gemengen op béide Säiten vun der Grenz Bongerten hunn wou een gratis Uebst plécke kann ;
• dës Plazen oft net bekannt a wéineg besicht sinn.
Dofir eis Iddi a Propose fir grenziwwerschreidend Bongerten fir d’Bierger ze entwéckelen, wou se zesummen Uebst plécke kënnen ! A fir net op hallwer Streck opzehalen proposéiere mer och dat gepléckten Uebst zesummen ze verschaffen fir datt et sech méi laang hält.
Dofir luede mer Iech heimat an fir eis Plazen matzedeelen wou der kennt wou een gratis Uebst plécken kann, fir datt mer dës Plazen zesummen a Stand setzen oder ënnerhale kënnen, a fir datt jiddereen dovunner profitéiere kann.
Dir fannt d’Iddi flott ? Da maacht mat :
Gitt d’Plazen un wou der kennt wou een Uebst plécke kann.
Schafft mat eis un engem Wanderwee fir déi verschidden Bongerten mateneen ze verbannen.
A firwat net méi wäit denken? Dat kéinten och Tier mat Vëlo tëscht verschidde Bongerten sinn, a gläichzäiteg kann een esou seng Regioun kennen léieren.
Zesummen maache mir d’Agglomeratioun Alzette Belval zu engem Territoire wou d’Ëmweltschutz sech reimt mat deelen a schmaachen.
