Léiert den André Zewen kennen, deen eis bei enger Visite vu senger Noss-Produktioun, déi hien säit 42 Joer leet, seng Visioun erkläert vun enger Landwirtschaft déi am Aklang mat der Natur funktionéiert. Och wann dëst Joer besonnesch schwiereg war, mat enger Recolte déi nëmmen hallef esou héich ausgefall ass wéi soss, bleift den André sengen Iwwerzeegungen trei: biologesch a qualitativ héichwäerteg produzéieren an dobäi d’Biodiversitéit schléissen sech net aus.
Sech un de Klimawandel upasse mat enger resilienter Landwirtschaft
De Kanton Veianen ass historesch bekannt dofir gutt gëeegent ze sinn fir den Ubau vun Nëss. Dës Traditioun geet op d’Joer 1934 zréck wou den éischte Veiner Nëssmaart organiséiert gouf, an deen haut de wichtegste Rendez-vous vum Joer ass fir all Nossproduzent. T’ass och hei, méi genee zu Furen, wou den André Zewen säin Nosshaff huet, an deem seng Produite mer och an der Epicerie vun der MESA verkafen.
Den André erzielt eis datt d’Nëss-Recolte dëst Joer am Kanton just 10% vum üblechen Ertrag erreecht huet. Seng eege Recolte loung och just bei 6 vun de soss 10 Tonnen déi hien d’Jore virdrun ageholl huet. No engem ze naasse Wanter huet de Fréijoersfrascht d’Knospen beschiedegt, an déi dréche Summere vun de Jore virdrun hunn d’Beem geschwächt. « Mer liewen an enger Transitiounsphase. Munch Zorten resistéieren dem Klimawandel besser wéi anerer, mee mer mussen awer léieren wéi mer eis Planzen an Zukunft besser schütze kënnen ».
Dobäi kënnt datt d’Erausfuerderungen sech heefen, dofir ass et fir den Andrée wichteg seng Produktioun méiglechst breet op ze stellen. D’Recolte gëtt z.B. op 3 Wochen gestreckt wat d’Verloschter am Fall vun extreme klimateschen Evenementer limitéiert. Mee de Klimawandel mécht d’Saachen ëmmer méi komplex. « Wéi ech Ugangs den 80’er Joren ugefaangen hunn waren déi Zorten déi ech geplanzt hunn un d’Klima vun hei ugepasst. Mat den Temperaturen, déi ëmmer méi an d’Luucht ginn, gëtt haut awer villes op d’Kopp geheit. Mer musse léieren domadder ëmzegoen an eis unzepassen ». Mee och no dësem méi schwierege Joer gëtt den André net op. “Et goufen ëmmer gutt a schlecht Joren, wat awer haut geschitt ass anescht. D’Natur ännert sech, a mir mussen eis mat hir änneren ».
Bio : e logeschen an engagéierte Choix
Op sengen 23 Hektar, wou 1150 Nësserten stinn déi den André selwer gesat huet, komme keng chemesch Produiten an den Asaz. Net emol Koffer, och wann deen an der biologescher Landwirtschaft erlaabt ass. Dëse Choix geet Hand an Hand mam André senge globalen Ziler : seng Schof schützen, d’Qualitéit vum Buedem erhalen a gesond Produiten hierstellen. Den Tri per Hand ass dann och d’Garantie datt nëmmen Nëss vun héichwäerteger Qualitéit zu Nossueleg gepresst ginn, deen immens geschat gëtt vun de Leit, wéi och vun de Biohändler.
Fir den André ass Bio keng kommerziell Strategie, mee eng Evidenz.
« Bio ass keng Ideologie. Et ass verstanen ze hunn wéi d’Liewen funktionéiert. Menger Meenung baséiert eis ganz Ekonomie op der Natur : wa mer déi futti maachen, da maache mer alles futti. Dofir ass fir mech de Schutz vun der Natur eng Investitioun an d’Zukunft ». Fir hien ass biologesch ze produzéieren eng Saach vu Respekt a Verständnis vum Liewegen. « Mer kéinten natierlech méi produzéiere mam Asaz vu chemeschem Dünger oder mat engem Bewässerungssystem, mee wat wier de Präis dofir ? Dat géing just d’Beem schwächen, an Dieren grouss opmaache fir Kränkten ».
A senger Approche huet d’Natur Virrang virum Ertrag, an all Etapp vun der Produktioun ass esou ausgeluecht datt den Impakt op d’Ëmwelt méiglechst kleng ass. D’Nëss gi gewäsch an un der frëscher Loft gedréchent, ier se dann zu qualitativ héichwäertegem Ueleg gepresst ginn. Zousätzlech zum Ueleg valoriséiert den André och all Facettë vun der Noss. Nieft frëschen Nëss, déi net vill gefrot si well se sech net laang halen, ginn et och gedréchent Nëss, déi méi gefrot si well se sech méi laang halen. Den Ueleg, fir säin Deel, ass immens beléift wéinst sengem subtille Goût a senge gesonden Eegenschaften. Doduerch datt d’Nëss an engem natierleche Prozess zu Ueleg verschafft gi bleiwen och d’Ernährungsvirdeeler vun der Fruucht erhalen. Den Nossueleg ass räich un Omega 3 a 6, an d’Verhältnis tëscht Omega 6 an Omega 3 ass quasi perfekt (et läit bei 5). Den Nossueleg kann och dobäi hëllefe fir de schlechte Cholesterol am Kierper ze reduzéieren.
Den André Zewen verkierpert eng Visioun vun enger nohalteger Landwirtschaft, wou d’Produktivitéit net iwwert de Respekt vum Liewegen gestallt gëtt. An engem Kontext, wou de Klimawandel alles op d’Kopp stellt, mécht engem dem André säin Asaz fir d’biologesch Landwirtschaft an d’Biodiversitéit Hoffnung. Wann hien och mol Géigewand kritt bleift hien senger Missioun trei : e liewege landwirtschaftleche Patrimoine an aussergewéinleche Produiten hannerloossen. « Bio ze produzéieren ass méi wéi eng perséinlech Iwwerzeegung. Et ass e Versprieche fir zukünfteg Generatiounen.»
Dem André seng Rotschléi
Nossueleg passt ganz gutt bei Mauséiercherszalot, Andéiwenzalot oder bei roude Kabes.
Et ass en delikaten Ueleg deen net erhëtzt soll ginn. Gedréchent Nëss sollen ob eng killer an dréchener Plaz gelagert ginn, wärend den Ueleg soll am Frigo versuergt ginn (gutt zoumaachen no all Gebrauch). Wann e richteg gelagert gëtt kann en sech annerhalleft Joer halen.
Weider Informatiounen fannt der um Andér Zewen sengem Site: https://www.zewen.lu