D’Europäesch Woch vun der Offallreduktioun an d’COP 29 si grad op en Enn gaangen. Vill Fortschrëtter goufen do net gemaach, an eng vun de Schlësselfroen ob déi dës Events keng Äntwert geliwwert hunn bleift bestoen : wéi kënne mer eis uleeën fir eis Konsumgewunnechten endlech ze änneren?Mer kommen der Limitt vun der Notzung vun eise limitéierten natierleche Ressource nämlech ëmmer méi no. Dobäi kommen international geopolitesch Erausfuerderungen, déi eis weider vun der Ëmweltproblematik distanzéieren.
Wärend dëser europäescher Woch vun der Offallreduktioun hu mir probéiert d’Sensibiliséierung zu deem Thema duerch eng Rei Aktiounen ze erhéijen (Info-Campagne, Quiz, etc.). Mee och ouni vill Hannergrondwëssen ass et duerchaus méiglech all Dag e klenge Schratt a Richtung Transitioun ze maachen. Well dës Transitioun virun allem vun Iech ausgeet, hu mer Iech gefrot wéi eng Aktiounen dir am Alldag maacht fir ären Offall ze reduzéieren.
Fir d’Élisabeth an de Marcus* ass eng vun de Léisungen zäitlos Objete wéi Kleeder, Brietspiller a souguer Bicher ze tauschen. Objeten déi, wann se net beschiedegt sinn, vun anere bal onendlech laang benotzt kënne ginn. De Rico keeft Uebst a Geméis am Lassenen am Supermarché. D’Louise stellt seng eege Kosmetik a Botzproduit’en hier. De Valentin benotzt all Dag Tupperware an eng Waasserfläsch. D’Daphnée refuséiert Tuten (oder Täschen) an de Butteker a keeft seng Kleeder bal ausschliisslech aus zweeter Hand.
Dir gesitt: mir maachen haut schonn alleguerten Aktiounen – grouss oder kleng – fir eisen Offall ze reduzéieren. Mat dëser Woch hu mir net versicht iergendeen Schëllegen ze fannen. Am Géigendeel, d’Zil war et fir Iech Transitioun méi no ze bréngen, an dat hu mer mat eiser Campagne erreecht.
Doriwwer eraus wëlle mer awer och eis eegen Aktiounen mat Iech deelen déi mir am Alldag maache fir eisen Offall ze reduzéieren. Hei sinn eis Top 10:
1. Offall trennen – Och wann et haut nach ëmmer kleng Doutten an Diskussiounen ginn ass säin Offall trennen awer dee beschte Wee fir datt eis Offäll recycelt ginn.
2. Troc – Saachen tauschen. Gëtt et säit enger Éiwegkeet, an ass och haut nach en efficace Wee fir säin Offall ze reduzéieren. Et kann een och Saachen déi nach an der Rei sinn an déi een net méi brauch verschenken, wéi z.B. iwwert eise Give-box beim Facilitec.
3. Ouni Verpackung – E ganz einfache Wee fir Offall ze vermeiden ass et seng Iesswueren am Lassenen ze kafen. Dat kann een z.B. an eiser MESA maachen
4. Second-Hand – Voll am Trend, erméiglecht de Second-hand eise Saachen a Kleeder en neit Liewen. Op e Floumaart ze goen ass z.B. eng Manéier fir Second-Hand ze kafen. Mir hunn eng Kaart ausgeschafft wou mer all Occasiounsbutteker zu Lëtzebuerg agezeechent hunn.
5. Öko-Refill an hausgemaachte Produiten – Är eege Botzproduiten oder Kosmetik hierzestellen ass de beschte Wee fir ze wëssen wat Dir op Är Haut schmiert oder an ärem doheem benotzt fir ze botzen. Wann Dir interesséiert sidd, bitt d’Ahoua Workshops un, wou Dir léiere kënnt wéi Dir Är eege Produit’en hierstelle kënnt.
Fir weider Informatiounen kuckt ob missbak.com.
6. Null-Offall-Iesse – Bei dësen solidareschen Iessen ginn net verkaaften Iesswueren aus de Geschäfter verschafft fir esou d’Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren. All leschte Sonndeg am Mount ginn esou Iessen vu Foodsharing Luxembourg bei eis an der MESA organiséiert.
7. Flécken amplaz ewechgeheien – Dat ass méiglech a d’Reparaturcaféen déi uechter Lëtzebuerg organiséiert ginn, oder einfach doheem, andeems Dir Geschier gratis bei der Initiativ Gutt Geschier ausléint.
8. Kaaft besser fir manner ze kafen – An enger idealer Welt misste mir eis Konsumgewunnechten iwwerschaffen fir eis Offall ze reduzéieren. Bewosst konsuméieren heescht manner awer besser Produit’en kafen. Duerch d’Quantitéit reduzéieren an d’Qualitéit erhéijen kënne mir laangfristeg en Impakt op d’Iwwerproduktioun vun Offall an den Iwwerkonsum hunn.
9. Kompost – Obwuel et e bëssen Organisatioun erfuerdert ass e Kompost uleeën en exzellente Wee fir organeschen Offall ze reduzéieren. Wann Dir interesséiert sidd: mir organiséieren den 10. Dezember en Atelier iwwert d’Buedemqualitéit an der MESA.
Weider Informatiounen: Living Soil Workshop bei MESA
- Digital raumen – An dat digitaalt an deem Ganzen an all deem? Wat gëtt et Besseres wéi eng Aktioun, déi ee beim Waarden op de Bus, am Waardezëmmer beim Dokter oder souguer beim Waarden op d’Wäschmaschinn maache kann? Kuerz gesot, all dës Waardezäit kënnt dir notzen fir Är onnéideg E-Mailen ze läschen, Newsletteren ze desabonnéieren déi Iech net méi interesséieren (net déi vun Transition Minett, déi ass a bleift relevant ;)), a fir Är Fotosgalerie ze raumen. Och dëst reduzéiert ären CO2-Foussofdrock an den Impakt vum ärem Digitalen op d’Ëmwelt.
Zesummen aktiv ginn
Well mer zesumme méi wäit ginn, ënnerstëtze mir eng ganz Rei Biergerinitiativen déi am Beräich Offall reduzéieren a bewosst konsuméieren aktiv sinn. Den 1. Dezember fënnt am Pavillon 5 (Accès iwwert den 1, rue Arthur Useldinger, Esch-Uelzecht) en “anere” Chrëschtmaart statt, dee vun Awunner fir Awunner organiséiert gëtt. Dëse Maart setzt de Schwéierpunkt op Second-Hand, a bitt eng Alternativ zu eisem Modell vum Iwwerkonsum un, dee besonnesch an der Chrëschtzäit säin Héichpunkt huet.
Weider Informatiounen: Entdeckt den anere Chrëschtmaart… Vun a fir d’Awunner
Dës Lëscht kéint nach weidergoen, mee handelen ass besser wéi just ze liesen oder ze schwätzen. Also, elo ass et un Iech! Mir sinn elo scho ganz houfreg op Iech, well Dir sidd d’Transitioun.