
Den Bierger-Klimakollektiv – Start den 3. Dezember
Maacht mat den 3. Dezember 2022 fir de Lancement vum
Bierger-Klimakollektiv (CCC-Collectif Citoyen pour le Climat)
ab 9h30 bis 21h am Ellergronn zu Esch/Uelzecht
Fillt Dir Iech vum Klimawandel betraff oder maacht Iech esouguer Suergen, awer Dir wësst net wéi Dir Är Stëmm kënnt erhiewen, Afloss huelen an verstoen kënnt wat um Spill steet? Dir wunnt oder schafft zu Esch-Uelzecht oder fillt Dir Iech mat dëser Stad verbonnen a wëllt dozou bäidroen, se méi nohalteg ze maachen?
Well als Bierger
- Kënne mir an eisem Kader kreativ sinn an Ännerungen initiéieren,
- kënne mir eng Roll am ökologeschen a gesellschaftleche Wandel spillen,
- kënne mir eis engagéieren, educéieren, entwéckelen …
Mir treffen eis den 3. Dezember am Natur- a Bëschzenter Ellergronn zu Esch-Uelzecht vun 9h30 bis 21 Auer! Mir schléissen den Dag oof mat engem gemittlechen Aperitiv.
D’Evenement ass gratis, Dir kënnt Iech hei drënner umellen bis den 30. November 2022.
Informatiounen zum Programm: https://www.transition-minett.lu/lb/den-ccc-program-an-aschreiwung/
Wann Dir weider Froen hutt, kontaktéiert eis w.e.g.:
amelie@transition-minett.lu // +352 621 618 936
Kanner sinn och wëllkomm 😊